Diskussioun:Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Hei gi mer lo gewuer datt d'Linn 60 vu Lëtzebuerg op Rodange féiert.

D'CFL selwer mengt se géif vu Lëtzebuerg op Beetebuerg-franséisch Grenz féieren. [1]

Kennen déi hir Strecken net???? --~~

Op cfl.lu bei "horaires" an och op all den Affichen op de Garen ass d'Linn 60 vun Letzebuerg op Rodange! Mr.Luxembourg (Diskussioun) 17:54, 22. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Et gëtt saachen déi d'CFL kommerziell affichéiert déi awer am Opbau vun de Linnen net sou gefouert ginn. D'Linn 60 oder och 6 War vun der Stad op d'franséisch Grenz gebaut ginn. Déi Faméis Linn 90 déi hei asls Haaptstrank opgefouert gëtt ass och just eng separat Denominatioun fir de Vekéier am Kader vum sillon lorrain. Dir sot d'6b wier d'Ofzweigung op Rëmeleng, D'CFL mengt d'6b wier d'Streck op Diddeleng. Do ass e bësse vill duerchernee gehgäit ginn. A vu datt d'Affichen an d'Horrairen a rregelméissegen Ofstänn aner Saachen informéieren hale mer ons léiwer nu déi al Opdeeleung an un déi geschichtlech Entwécklung, d.h. d'Chronologie vum Bau, déi d'Nummeréierung vun de Strecke bestëmmt. --91.180.219.12 18:11, 22. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Ok ech verstinn, well mech huet daat ganzt selwer duercherneen bruecht gehaat, ech änneren di Saachen rem zreck, wann nach e Problem sollt sinn dann wier ech ganz Frou fir aer Hellef, well ech am Moment all d'Seiten vun de Garen um franseischen, an dono och um letzebuergeschen Wikipedia erfreschen/ertstellen well Mr.Luxembourg (Diskussioun) 19:21, 22. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]


Gudden owend,
Ech hu mol eng Iwwerschaffe-Schabloun dragesat a kucke fir mar dat ganz nozekucken an an den aktuelle Kontext ze bréngen mat e puer valable Referenzen a.s.w. D'Strecke mussen all en aneren Num kréien an domat fänken ech muer de Moien un. Wann dat gemaach ginn nach e puer Beschreiwungen nogekuckt. D'Strecke si vun 1 bis 7 numeréiert an net 10 doer 20 asw. an dat muss mol fir d'éischt verbessert ginn. Wéi gesot an 2 Deeg wäert dat Ganz anescht ausgesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:33, 22. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien,
Eng gutt Aproche an deem Zesummenhank ass dës Websäit: http://www.cfl.lu/espaces/infrastructure/fr/réseau/réseau-infrastructure vum CFL. --Pecalux (Diskussioun) 07:09, 23. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]