Op den Inhalt sprangen

Gare Diddeleng-Stad

Vu Wikipedia
Gare Diddeleng-Stad
D'Gare Diddeleng-Stad (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1883
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Diddeleng
Uertschaft Biereng
Koordinaten 49°28'59"N, 6°4'59"O
Héicht i. M. 287 m
Reseau
Statiounscode Dv
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
P.K. 4,000 km
Gleiser mat Quai 1
 
Nopeschstatioun(en) Gare Diddeleng-Zenter,
Gare Diddeleng-Biereng
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Dudelange-ville
Kaart
Lag vun der Gare Diddeleng-Stad

D'Gare Diddeleng-Stad ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Sektioun Biereng vun der Gemeng Diddeleng. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Se läit tëscht de Garen Diddeleng-Biereng an Diddeleng-Zenter. Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 131 Plazen a fënnef spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt e eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen an an direkter Ëmgéigend ass d'Bushalt Dudelange, Gare.

Südlech vun der Gare ass d'Barriär PN.103a um CR184 (av. Grande-Duchesse Charlotte).

D'Gare Diddeleng-Stad ass den 20. Dezember 1883 zesumme mat der Streck Beetebuerg - Diddeleng opgemaach ginn. Déi zweet Diddelenger Gare war sengerzäit Diddeleng-Schmelz, déi uganks just fir de Gidderverkéier bestëmmt war, ier se dunn 1886 och fir de Persounentrafick opgaangen ass.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Beetebuerg ↔ Wuelmereng

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Beetebuerg Diddeleng-Biereng   RB   Diddeleng-Zenter Diddeleng-Schmelz oder Wuelmereng
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Wuelmereng oder Diddeleng-Schmelz Diddeleng-Zenter   RB   Diddeleng-Biereng Beetebuerg
Commons: Gare Diddeleng-Stad – Biller, Videoen oder Audiodateien