Op den Inhalt sprangen

Gare Belval-Réideng

Vu Wikipedia
Gare Belval-Réideng
An der Gare Bieles-Réideng, a Richtung Esch gekuckt (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Uertschaft Bieles
Koordinaten 49°30'11,182"N, 5°55'25,471"O
Héicht i. M. 327 m
Reseau
Statiounscode Bs
Bedreiwer CFL
Streck(en) CFL-Linn 6
P.K. 10,730 km
Gleiser 2
 
Nopeschstatioun(en) Gare Bieles-Zolwer,
Gare Belval-Lycée
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Belval-Redange
Kaart
Lag vun der Gare Belval-Réideng

D'Gare vu Belval-Réideng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am südleche Wupp an der Sektioun Bieles vun der Gemeng Suessem, ronn 300 m. Loftlinn vun der franséischer Grenz ewech. Den duebelen Numm vun der Gare bezitt sech engersäits op de Lëtzebuerger Flouer Belval an anersäits op d'Nopeschgemeng Réideng a Frankräich.

D'Gare gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
  • Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.

Se läit tëscht der Gare Belval-Lycée an där vu Bieles-Zolwer.

Bei der Gare läit e Park & Rail-Parking mat 22 Plazen an enger spezieller Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. E Foussgängertunnel féiert vun enger Säit op déi aner; den Accès op de Quai ass net behënnertegerecht.

D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just de Garen Esch, Bieles, Déifferdeng a Péiteng. D'Halt Belval-Réideng koum eréischt 1895 bäi. D'Voyageursgebai dat … gebaut gouf, ass am Mee 1989 ewechgerappt ginn.

De 25. Mäerz 1991 huet den CFL-Verwaltungsrot den Accord fir de Bau vun enger Stroossen- an enger Foussgängerënnerféierung ginn, an d'Barriär op där Plaz konnt ewechgerappt ginn.[1]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Abrëll 2025)

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Belval-Lycée   RE   Bieles-Zolwer Rodange oder

Péiteng

Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Miersch Belval-Lycée   RE   Bieles-Zolwer Péiteng

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Zukunftspläng

[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum geplangte Reamenagement vum Zentrum vu Bieles mat engem Corridor à haut niveau de service (CHNS) an dem Terminus vun der Tramslinn Fluchhafen - Bieles (och nach „séieren Tram“ genannt), ass et virgesinn déi zwou aktuell Garë Belval-Réideng a Bieles-Zolwer déi dezentral leien, mat enger neier Gare „Bieles-Gemeng“ z'ersetzen[2].

 Commons: Gare Belval-Réideng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370, 383)
  2. (de) Bündelung der CFL-Haltestellen in Belvaux zu einem Umsteigeknoten mit der schnellen Tram und einem Bus-Hochleistungskorridor. Nationale Mobilitéitsplang (PNM 2035, plan national de mobilité) vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics S. 50. MMTP (2022). Gekuckt den 21.04.2025.