Op den Inhalt sprangen

Gare Téiteng

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gare vun Téiteng. Fir déi mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Gare Péiteng.
Gare Téiteng
D'Téitenger Gare (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1. Juni 1860
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Keel
Uertschaft Téiteng
Koordinaten 49°28'32"N, 6°2'6"O
Héicht i. M. 290 m
Reseau
Statiounscode Tg
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) CFL-Linn 6
Gleiser 4
Gleiser mat Quai 1
Passagéier/Joer 2.623
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Keel,
Gare Rëmeleng,
Intermoselle
Kaart
Lag vun der Gare Téiteng
Plack un der Gare

D'Gare Téiteng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Zentrum vun Téiteng, an der Gemeng Keel. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Näerzeng - Rëmeleng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Se läit tëscht der Gare Keel an där vu Rëmeleng op der Streck Näerzeng-Rëmeleng respektiv dem Verluedequai vun der Intermoselle am Rëmelenger Laangegronn.

Bei der Gare ass e just e klenge Park & Rail-Parking mat 16 Plazen an enger spezieller Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. An direkter Ëmgéigend vun der Gare ass d'Bushalt Tétange, Schungfabrik.

Wéi d'Streck Beetebuerg - Näerzeng - Rëmeleng den 1. Juni 1860 vun der Compagnie Guillaume-Luxembourg opgemaach gouf, bestoung fir de Passagéiertrafick just d'Gare Rëmeleng-Ëtteng. D'Gare zu Téiteng ass eréischt 1886 bäikomm[1]. S'ass tëscht 1903 an 1909 ausgebaut ginn, andeems d'Voyageursgebai an de Gidderschapp vergréissert goufen, zousätzlech Gleiser geluecht goufen an d'Streck op ronn 950 m. Längt bis op d'Halt vu Keel zweegleiseg ausgebaut gouf.

Zanter dem 16. Juni 2007 huet d'Gebai vun der Téitenger Gare eng nei Bestëmmung. En etlech Téitenger Veräiner a Gesellschaften deele sech de Parterre fir hir Aktivitéiten

Hautdesdaags hu verschidde Veräiner hire Sëtz am Kulturzenter „Teitenger Goar“[sic], der fréierer Gare:

  • de Seniorentreff Téiteng
  • d'Frëndinnen an der Gare
  • den OGB-L Téiteng
  • d'Société Avicole Kayl
  • Lëtzebuerger Rentner- an Invalideveräin Téiteng
  • d'APEEP Association des parents d'élèves de l'école primaire Kayl-Tétange

Den 13. Juni 2022 gouf d'Voyageursgebai vun der Gare proposéiert als national Kulturierfschaft klasséiert ze ginn.[2]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Näerzeng ↔ Rëmeleng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare Téiteng gëtt just vu méindes bis samschdes ugefuer: an de Spëtzestonnen (6h–8h a 16h–19h) all hallef Stonn, baussent der Haaptverkéierszäit eemol d'Stonn[3].

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Näerzeng Keel   RB   Rëmeleng Rëmeleng
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Rëmeleng Rëmeleng   RB   Keel Näerzeng
 Commons: Gare Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Informatiounspanneau bei der Gare
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
  3. CFL | Les nouveautés du changement d'horaires à ne pas rater. www.cfl.lu. Gekuckt den 03.12.2025.