Op den Inhalt sprangen

Gare Belval-Université

Vu Wikipedia
Gare Belval-Université

Streck 6f
PK 12,359
Quaien 1
Gleiser 6 / 2
Uertschaft Belval
Gemeng Esch-Uelzecht
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 29’ 59’’ N
      05° 56’ 46’’ O
Websäit CFL.lu
D'Gare vu Südosten aus (Okt. 2010).
Ier dat neit Gebai gebaut gouf: De mëttelste Quai am November 2006. Lénks d'Rockhal.
D'Gebai vun der Gare Belval-Université am Réibau den 22. Oktober 2009.
Bannenan, nuets.

D'Gare Belval-Université ass eng Gare um Belval op der CFL-Linn 6f tëscht der Gare Esch-Uelzecht an der Gare Belval-Lycée vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Bis de 14. Dezember 2008 huet d'Gare Belval-Usines Rockhal geheescht, an ier d'Rockhal gebaut gouf, Belval-Usines.

Geschicht a Gebai

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare Belval-Usines war eng Halt, déi virun allem fir d'Aarbechter vun der Schmelz ageriicht gi war. Si bestoung aus engem Quai an zwéi Glesien. Eng Passerell huet eng Verbindung mam Belval am Norden an der Rue de Belval am Süde gemaach.

Tëscht Mäerz 2008 a September 2010 gouf en neit Garegebai gebaut, eng ronn 200 m, an Direktioun Esch, vun der fréierer Gare ewech. Architekt war de Jim Clemes. D'Baukäschte waren op 60 Milliounen Euro ugeluecht. D'Gebai huet en Daach, deen aus ETFE-Folie besteet.[1]

Ier d'Gebai, dat dem Architekt no engem Mued oder enger Raup gläiche géif[2], gebaut konnt ginn, hu missen eng Strooss an Héichspannungskabele verluecht ginn, a souguer d'Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg huet misse liicht verréckelt ginn.

Dat neit Gebai gouf den 28. September 2010 a Presenz vum Groussherzog Henri a senger Madame, dem Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, Claude Wiseler, dem Verwaltungsrot vun der CFL, Jeannot Waringo, dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer, dem Architekt Jim Clemes an de Buergermeeschtere vun Esch a Suessem, ageweit.[3]

D'Entrée ass südlech vun de Gleiser, an der Belvaler Strooss, nieft der Busgare. Et kënnt een och iwwer dräi Passerellen an d'Gare, déi op Pilieren iwwer de Gleiser gebaut ass: vun Norden, vun der Rockhal a vum Belval Plaza hier, vu Süde vum Park & Rail-Parking fir 1.620 Autoen.[1]

D'CFL rechent mat bis zu 32.000 Passagéier, déi do 2020 pro Dag ukommen a fortfuere géifen.[1]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Esch-Uelzecht   RB
CFL-Linn 60 
  Belval-Lycée Rodange
Lëtzebuerg Esch-Uelzecht   RE
CFL-Linn 60 
  Belval-Lycée
oder Déifferdeng
Rodange
Beetebuerg Esch-Uelzecht   RB
CFL-Linn 80 
  Belval-Lycée Rodange
Beetebuerg Esch-Uelzecht   RE
CFL-Linn 80 
  Belval-Lycée
oder Déifferdeng
Rodange
Diddenuewen Esch-Uelzecht   TER
CFL-Linn 80 
  Déifferdeng Lonkech

De 14. Dezember 2009 gouf um Belval un eng nei Verbindung Diddenuewen-Belval-Lonkech agebonnen, déi vun der CFL an der SNCF zesummen exploitéiert gëtt, an déi et de Frontaliere méi einfach maache soll, aus Frankräich op Belval ze kommen.[4]

Commons: Gare Belval-Université‎ – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 "Großer Bahnhof auf Belval." wort.lu 10.02.2009.
  2. "belval usines". in: magazine. Le magazine du Fonds Belval 3/2004, S.20-25.
  3. "Zweitgrößter Bahnhof des Landes wird offiziell eröffnet". tageblatt.lu, 28/09/2010 07:47:00; "Futuristische Raupe für die Zukunft Belvals" tageblatt.lu, 28/09/2010 21:47:00. "'Tor zu Belval' eröffnet." wort.lu, 28.09.2010 18:18, aktualiséiert 28.09.2010 20:14. "Belval-Université: le train entre en gare." lequotidien.lu, 29/09/2010 08:40:00. Op rtl.lu sinn och eng sëllege Fotoe vum René Scho dozou ze gesinn.
  4. "Thionville - Belval - Longwy: Bahnhof Belval-Université wird mehr und mehr zum regionalen Drehkreuz." wort.lu 15.12.2009 08:12.