Gare Rëmeleng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 6c | ||||
PK | 9,980 | ||||
Quaien | 1 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Rëmeleng | ||||
Gemeng | Rëmeleng | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 27’ 36’’ N 6° 01’ 57’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Rëmeleng ass eng Kappgare an Terminus op der CFL-Linn 6c vun der Lëtzebuerger Eisebunn, déi lescht Gare virdrun ass d'Gare Téiteng.
D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.
Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]
Nodeems déi éischt Gare zu Rëmeleng – d'Grenzgare Rëmeleng-Ëtteng – schonn 1862 opgaange war, ass d'Gare am Zentrum vu Rëmeleng (Rumelange-Halte) den 1. Oktober 1900 opgemaach ginn. Dat haitegt Garegebai ass 1963 opgaangen, awer eréischt 1965 ageweit ginn.
D'Rëmelenger Gare ass eréischt zanter 1975 eng Kappgare. Virdru louchen d'Gleiser bis op Rëmeleng-Ëtteng wou d'Streck en Uschloss un d'Minièresstreck Rëmeleng-Boulange hat. Nodeems d'Schinnen op der franséischer Säit ewechgerappt gi waren an et esou net méi méiglech war fir d'Streck jee vu Rëmeleng aus virun ze féieren, gouf am Joer 1996 och ugefaangen d'Gleiser op Lëtzebuerger Säit ze demontéieren. D'Barrière gouf ewech gerappt an 1997 koum e Rond-point an d'Plaz.
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Näerzeng | Téiteng | RB CFL-Linn 60b |
Terminus | Terminus | ||
Lëtzebuerg | Téiteng | RE CFL-Linn 60b |
Terminus | Terminus |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare vu Rëmeleng op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Rëmeleng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Rëmeleng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Quell vum Kapitel: Informatiounspanneau bei der Gare
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |