Op den Inhalt sprangen

Transport express régional

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) TER)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
TER-Logo

Den Transport express régional (Akronym TER), ass en Zuchkonzept vun der franséischer staatlecher Eisebunn SNCF, an deen och Autobuslinnen agebonne sinn.

Den TER-System erlaabt et der SNCF, de franséische Persounenzuchverkéier a Regiounen opzedeelen. Op déi Manéier huet all administrativ Regioun eng eegen Direction d'activité TER.

D'Gare Lëtzebuerg gehéiert mat zum Reseau vum TER Grand Est (och nach TER Fluo); d'Linn L01b leeft vu Metz iwwer Hagondange - Diddenuewen - Beetebuerg an d'Stad Lëtzebuerg.

Den TER Grand Est ass den 11. Dezember 2016 aus der Fusioun vum TER Alsace, TER Lorraine (Métrolor) an dem TER Champagne-Ardenne entstanen.

Commons: Transport express régional – Biller, Videoen oder Audiodateien