Rond-point Robert-Schaffner

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rond-Point Robert-Schaffner)
Rond-point Robert-Schaffner
Numm lb: Iergäertchen
fr: Rond-point Robert-Schaffner
Deel vun N52
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 57.2’’ N
      06° 10’ 44.4’’ O
Genannt no Robert Schaffner

De Rond-point Robert-Schaffner, am Volleksmond Iergäertche genannt, ass e Rond-point am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Numm Iergäertche kënnt aus der Zäit ier et e Rond-point do gouf. Et war eng groussflächeg Kräizung, op där verschidde Stroossen (N1, N2 a fréier och nach den CR234 an déi haiteg Rue John-Mac-Adam[1]) openee gestouss sinn a wou déi eenzel Verkéiersstréim duerch Inselen a Gréngfläche vunenee getrennt waren, wat e bëssen un en Iergaart erënnert huet. D'Kräizung gouf uganks vun den 1990er Joren an e Rond-point ëmgebaut, deen 1992 opgaangen ass.

De Rond-point ass nom Robert Schaffner (1905-1979), fréiere Minister ë. a. fir ëffentlech Aarbechten a Verkéier genannt.

Enn 2018 gouf ugefaangen de Rond-point an en Turbo-Rond-point ëmzebauen[2], d'Aarbechte sollte géint Enn Abrëll 2019 fäerdeg sinn[3], konnten awer eréischt Enn Juli 2020 ofgeschloss ginn[4]. De Käschtepunkt fir den Ëmbau louch bei 9,9 Milliounen Euro[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rond-point Robert-Schaffner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. gekuckt op der topographescher Kaart vun 1979 op geoportail.lu
  2. Schartz, N., 2018. Geduldsprobe am Irrgarten. Umgestaltung des Rond-Point Robert Schaffner zumTurbo-Kreisel wird nicht vor Weihnachten 2019 abgeschlossen sein. Luxemburger Wort vum 18. Oktober 2018, S. 19.
  3. 3,0 3,1 Jeff Wiltzius. Letzte Runde. Umbau des Iergäertchens fast abgeschlossen - Installation der definitiven Ampelanlage beginnt. Luxemburger Wort vum 6. Januar 2020, S. 25
  4. [Rond-Point Robert Schaffner: Freie Fahrt durch den Turbokreisel Rond-Point Robert Schaffner: Freie Fahrt durch den Turbokreisel]. wort.lu (21.07.2020). Gekuckt de(n) 22.11.2020.