Place du 6-Juin-1937

Vu Wikipedia
Place du 6 Juin 1937
Numm fr: Place du 6 Juin 1937
Längt ca. m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 35.8’’ N
      06° 07’ 59.6’’ O

D'Plaz vum 6. Juni 1937 (offiziell: place du 6 juin 1937) ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit tëscht der Place de Clairefontaine an dem Krautmaart.

D'Plaz krut hiren Numm fir un de Referendum vum 6. Juni 1937 z'erënnere bei deem d'Majoritéit vun der Bevëlkerung géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz war, dat - wann et ugeholl gi wier - der Regierung d'Méiglechkeet ginn hätt d'kommunistesch Partei ze verbidden an och aner politesch Organisatiounen opzeléisen, déi no der Meenung vun der Regierung eng Gefor fir d'konstitutionell Institutiounen hätten duerstelle kënnen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place du 6-Juin-1937 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]