Square de New-York

Vu Wikipedia
Square de New York
Numm fr: Square de New York
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Koordinaten 49° 36’ 48.1’’ N
      06° 07’ 02.1’’ O
Genannt no New York

De Square de New York ass eng Plaz um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se läit südlech vun der Areler Strooss, vis-à-vis vun der Rollengergrënnecherstrooss a mécht d'Verbindung mam Kräizgrënnchen.

Bis elo (2016) gouf just en Deel tëscht der Rue de Rollingergrund an der Route d'Arlon bebaut. Dat ass déi haiteg Rue du Charly.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eenzel Louse ronderëm de Square de New York gehéiere zu engem Areal fir dee schonn zanter 1993 en éischte Bebauungsplang vum Architekt Michel Franck virlouch, deen awer an de Joren duerno ëmmer erëm ugepasst gouf, absënns well de Gemengerot Bedenken hat wat de Volume vun de Bauten an hir Aglidderung an dat urbaant Ëmfeld ugaangen ass.

2006 ass du vum britteschen Architektebüro Chapman Taylor en neie Projet ausgeschafft ginn, deen awer och erëm huet missen ëmgeännert ginn. Dobäi ass z. B. déi geplangt Verbindungsstrooss - als Verlängerung vum Kräizgrënnche bis op de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte - ewechgefall. An d'Plaz gouf dunn de Square de New York ugeluecht.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Square de New-York – Biller, Videoen oder Audiodateien

Robert L. Philippart, 2011, Stadtviertel Belair - Wo einst Kühe grasten und Schornsteine qualmten ons stad 98: 6.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]