Square Jan-Palach

Vu Wikipedia
Square Jan-Palach
Luxembourg, square Jan Palach - nom de rue.jpg
Luxembourg, square Jan Palach (1).jpg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Koordinaten 49°36'40,6260"N, 6°7'42,9550"O
Geschicht
Genannt no Jan Palach


De Square Jan Palach ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit am nordwestlechen Eck vun der Plëss d'Arem, tëscht dem Hotel de Gerden an der Rue de la Poste.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz ass nom Jan Palach benannt, engem tschechoslowakesche Student, dee sech de 16. Januar 1969 zu Prag aus Protest géint d'Nidderschloe vum Prager Fréijoer a géint d'Diktat vun der Sowjetunioun selwer verbrannt huet.

Op Initiativ vum Lëtzebuerger Solidaritéitskommitee mam tschechesche Vollek huet d'Plaz den 20. August 1969 hiren Odonym kritt; deemools ass och eng Gedenkplack fir Märtyrer ubruecht ginn an. Obwuel dat keng offiziell Decisioun vum Gemengerot war, heescht d'Plaz bis haut nach sou.[1]

Op der Plaz steet d'Dicks-Lentz-Monument, dat 1903 ageweit gouf.

D'Plaz ass fir d'éischt 1985 - zesumme mam Reamenagement vun der Plëss d'Arem - an duerno 2015/2016 nei amenagéiert ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Square Jan-Palach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Romain Durlet: "Die Tschechen erinnern an den Tod von Jan Palach vor 40 Jahren." Tageblatt Nr. 10, 13. Januar 2009, S. 24.