Frinn Zürn

Vu Wikipedia
Frinn Zürn
Gebuer 11. Mäerz 1915
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. Mäerz 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot

De Fernand (Frinn) Zurn (Zürn), gebuer den 11. Mäerz 1915 zu Bouneweg,[1] gestuerwen de 26. Mäerz 2000 zu Lëtzebuerg[1] war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (LSAP).

Hie war fréi Member vun der ASSOSS an huet sech 1939 als Affekot etabléiert. Wärend der däitscher Besatzung 1940-1945 huet hie säi Beruff opginn a gouf "Hilfsbuchhalter" beim "Reichssender Radio Luxemburg". 1941 huet hie sech op Berlin versetze gelooss an d'zentral Administratioun vum "Reichsrundfunk", an dono op Prag. Do hat hie gutt Kontakter mat der tschechescher Resistenz, wat mat sech bruecht huet, dass en 1944 do an de Prisong koum an eréischt de 5. Mee 1945 vun den Alliéierte befreit gouf.[2]

Hie gouf 1946 Member vun der LSAP. Bei de Gemengewale vun 1963 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt a war vun 1964 bis 1969 als Schäffen zoustänneg fir den Urbanismus.

1968 huet hien zu Lëtzebuerg Protester géint den Amarsch vu Warschauer Pakt-Truppen an d'Tschechoslowakei fir de Prager Fréijoer z'ermëlzen, matorganiséiert, a stoung 1969 mat hannert der Initiativ, en Eck vun der Plëss zum Square Jan-Palach ëmzenennen.[2]

Vun 1972 bis 1974 war hie Bâtonnier.[3]

Den 11. November 1972 ass hien an de Statsrot genannt ginn, deen hien den 11. Mäerz 1987 verlooss huet,[4] well hien d'Altersgrenz vun 72 Joer erreecht hat.

De Frinn Zurn war bal 24 Joer laang President vum Lëtzebuerger Sportfëscherverband (1966-1990)[5]. An där Funktioun, war hien och Member am Kondominium vun de Grenzgewässer mat Däitschland, wou hie mat senge juristeschen a Fëschereikentnesser e grousse Bäitrag geleescht huet. Hie war och President vun der "Motor-Union du Grand-Duché de Luxembourg" (1955-1967) a Vizepresident vun 1966 bis 1967 vun der FIM (deemools: "Fédération internationale motocycliste", zanter 1998: "Fédération internationale de motocyclisme").[6]

Hie war de Brudder vum Zeecheprofesser Victor Zürn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym: Frinn Zürn †. Luxemburger Wort, 30. Mäerz 2000, S. 9.
  • Anonym: Stater Chronik: Frinn Zürn †. In: Ons Stad 63/2000, S. 26. [5][7]
  • B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas a R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (Fernand Zurn, S. 164-165).
  • G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, 479 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Hausemer 2006, S. 478.
  2. 2,0 2,1 "Frinn Zürn †." ons stad Nr. 63/2000, S.26.
  3. Portrait vum Fernand Zurn um Site rmo-avocats.lu Gearchiveerd op 2012-12-14. Gekuckt de(n) 2012-12-25.
  4. Conseil d'État du Grand-Duché de Luxembourg: membres depuis 1857 (Zurn Fernand, nommé le 11.11.1972, nommé Vice-Président le 26.6.1985, démission accordée à partir du 11.3.1987, remplacé par M. Bicheler le 7.4.1987). [1]
  5. Fédération Luxembourgeoise des Pêcheurs Sportifs. Fester Bestandteil seit 80 Jahren. In: Flambeau 65, octobre 2006, S. 45 [2]
  6. La Motor-Union Luxembourg au fil des temps. In: Flambeau 62, février 2005, S. 24-39 (kuck: S. 25 a 26).[3]
    La FIM de 1904 à 2009: rappel historique.[4]
  7. Am Artikel sinn e puer falsch Daten (Statsrot, Sportfëscherverband, Motor-Union), déi zum Deel och bei Fayot et al. 1997 ze fanne sinn.