Victor Zürn

Vu Wikipedia
Victor Zürn
Gebuer 16. Juni 1918
Gestuerwen 29. Abrëll 1974

De Victor Zürn (Zurn), gebuer de 16. Juni 1918 zu Munneref a gestuerwen den 29. Abrëll 1974 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zeecheprofesser.

No sengem Stage am Atheneum ass hien als Professer an de Jongelycée op Esch (LGE) genannt ginn; 1957 koum hien an de Stater Jongelycée (LGL), an 1969 an de Lycée Michel-Rodange (LMRL).

Hie war de Brudder vum Frinn Zürn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur (APEA): Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Impr. St-Paul, Luxembourg 1987, 332 S. (Victor Zurn, S. 166-167).