Urbanismus

Vu Wikipedia

Den Urbanismus am anticke Sënn vum Wuert, bekëmmert sech ëm d'Urbanisatioun an d'Organisatioun vun de Stied, an den Territoiren déi hinne gehéieren. Déi Leit déi sech domat ofginn, sinn d'Urbanisten an d'Wëssenschaft déi sech drëm bekëmmert ass d'Urbanistik.

D'Urbanistik steet an enker Verbindung mat der Architektur, der Geographie, der Geologie an der Hydrographie, a se muss bei probéieren d'Zesummespill vun deene verschiddene Facteure sou gutt wéi méiglech ënner een Hutt ze kréien. S'ass deemno en Deel vun den Humanwëssenschaften.

Vun engem technesche Standpunkt aus gesinn ass den Urbanismus eng Deeldisziplin vun der Raumplanung a beschäftegt sech grad wéi déi mat der Analys vun der Stad an, an engem zweete Schrëtt, mat der Elaboratioun vu Planungskonzepter, woubäi ee stänneg muss tëscht alle relevanten Intressien ofweien, d. h. virun allem tëscht der Nofro am Zwang vun enger Welt, déi engem konstanten demographesche Wuesstem an engem staarken Drock vun der Zivilisatioun ënnerworf ass. Den Urbanismus déngt an éischter Linn der Steierung vun der Buedemnotzung fir all Stad- oder Gemengegebidder oder fir eenzel Deelberäicher dovun, wéi z. B. Logementer oder Transportinfrastrukturen. Déi mat dem Urbanismus beschäftegt Fachleit schaffe meeschtens an der ëffentlecher Verwaltung.

Aufgab vum Urbanismus ass d'Erreeche vun enger nohalteger urbaner Entwécklung vun de Stied a Gemengen, wéi och vun deenen hiren Deelgebidder. Dobäi sinn déi sozial, wirtschaftlech an ëmweltschutzbezunnen Ufuerderunge matenaner an Aklang ze bréngen. Et muss ee fir eng sozialgerecht Buedemnotzung suergen, déi dem Wuel vun der Allgemengheet déngt. Den Urbanismus soll dozou bäidroen, eng mënschewierdeg Ëmwelt ze sécheren an déi natierlech Liewensgrondlagen ze schützen an z'entwéckelen, och am Hibléck zu enger responsabeler Fërderung vum allgemenge Klimaschutz. Doriwwer eraus soll déi urban Gestalt an d'Uertschafts- a Landschaftsbild baukulturell erhalen an entwéckelt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Urbanismus – Biller, Videoen oder Audiodateien