Urbanismus zu Lëtzebuerg zanter 1945

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Urbanismus zu Lëtzebuerg)

Dësen Artikel behandelt verschidden urbanistesch Moossnamen, déi nom Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg geholl goufen. Dës Moossname sinn d'Äntwert op wesentlech Changementer vun der Gesellschaft zënter 1945. Bevëlkerungswuesstem, méi eng grouss Presenz a Bedeitung vum Auto, wirtschaftlech Verännerungen an nei Zorte vu Stéit dreiwen d'Urbanisten un, nei Strukture fir d'Lëtzebuerger Stied a Gemengen ze plangen, ëmmer enk gebonnen un déi politesch a wirtschaftlech Entwécklung souwéi zanter de leschte Joren ëmmer méi am Respekt vun der ekologescher Situatioun an aneren Noutwennegkeeten. Wichteg Instrumenter fir den Urbanismus sinn déi sougenannt PAGen déi bis 2004 op engem Gesetz vum 12. Juni 1937 baséiert hunn a sech elo op d'Gesetz vum 14. Juni 2015[1] stäipen, souwéi neierdéngs d'PDSen an d'Regionalpläng.

Vue op de Kierchbierg

Definitioun vun urbanen/urbanisteschen Zonen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natiounen ënnersträichen d'Schwieregkeet vun der Verdeelung tëschent ländlechen an urbane Populatiounen op weltwäitem Niveau wéinst de verschiddene statisteschen Approchen um nationalen Niveau. Dofir iwwerloossen d'Vereent Natiounen den nationalen Autoritéiten, déi hir eege Populatioun besser aschätze kënnen, de Choix vun de Klassifikatiounskrittären[2].

Zënter 2015 benotzt de Statec (Institut national de la statistique et des études économiques du Grand-Duché de Luxembourg) den „degré d'urbanisation“ (DEGURBA), dee vun der Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa entwéckelt gouf[3]. Dëst Instrument definéiert d'Ausmooss vun der Urbaniséierung unhand vun zwee Krittären:

  • D'Bevëlkerungsdicht am Beräich vun der Etude
  • D'Fläch vun der ënnersichter Zon

D'Klassifikatioun geschitt um Niveau „LAE 1“ a „LAE 2“ (Lokal Administrativ Eenheet). Am Fall vu Lëtzebuerg entspriechen déi zwou Eenheeten de Kantonen (LAE 1) an de Gemengen (LAE 2). Unhand vun dëse Krittäre sinn dräi Kategorië vun Zone bestëmmt ginn:

  • D'Stied (Zone mat enger héijer Bevëlkerungsdicht): Déi Zonen hunn eng Bevëlkerungsdicht vu 1.500 Awunner oder méi pro Quadratkilometer bei enger Bevëlkerung vun op d'mannst 50.000 Awunner.
  • Stied mat manner Awunner a Viruerter (Zone mat enger mëtteler Bevëlkerungsdicht): Déi Zonen hunn eng Bevëlkerungsdicht vun 300 Awunner oder méi pro Quadratkilometer bei enger Bevëlkerung vun op d'mannst 5.000 Awunner.
  • Landzonen (Zone mat enger niddreger Bevëlkerungsdicht): Déi Zonen hunn eng Bevëlkerungsdicht vu manner wéi 300 Awunner pro Quadratkilometer bei enger Bevëlkerung vun op d'mannst 5.000 Awunner[4].

Urbanistesch Zonen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vum Degré d'urbanisation sinn d'Gemenge vum Grand-Duché, vum 1. Januar 2016 un, op dräi Kategorië verdeelt[5]:

Evolutioun vun der Lëtzebuerger Populatioun tëschent 1945 an 2011[änneren | Quelltext änneren]

Total Bevëlkerung vum Grand-Duché laut de Vollekszielungen[6]
Joer Zuel Joer Zuel Joer Zuel
1905 245.888 1947 290.992 1960 314.889
1966 234.790 1970 339.841 1981 364.602
1991 384.634 2001 439.539 2011 512.353
Zuel vun de Stéit zu Lëtzebuerg laut de Vollekszielungen[7]
Joer Stéit Persounen
(Pro Stot)
Joer Stéit Persounen
(Pro Stot)
Joer Stéit Persounen
(Pro Stot)
1905 51.027 4,82 1947 80.242 3,63 1960 95.552 3,30
1966 103.413 3,24 1970 108.667 3,13 1981 128.456 2,83
1991 144.686 2,66 2001 171.953 2,51

Zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich ass déi Lëtzebuerger Populatioun däitlech gewuess. Se ass vun 290.992 Awunner am Joer 1947 op 512.353 Awunner bei der leschter Vollekszielung vun 2011 geklommen. Allerdéngs ass dat meescht vun dësem Wuesstem op déi Zäit no 1985 zeréckzeféieren. Dëse Wuesstem erkläert sech haaptsächlech duerch d'Migratioun vu Familljen an de Grand-Duché, déi säit Mëtt den 80er Jore vun der Finanzplaz Lëtzebuerg an dem Déngschtleeschtungssecteur ugezu ginn. Zënterhier ass Lëtzebuerg eent vun de rare Länner a Westeuropa, dat duerch, souwuel ee positive Migratiounstaux wéi een natierlechen Taux, eng Bevëlkerung huet, déi duerchschnëttlech méi jonk ass wéi déi vun hiren Noperen[8].

Geographesch gesi war dee gréisste Bevëlkerungswuesstem an de Kantonen Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg, dat heescht an deenen zwou Regiounen, déi d'Majoritéit vun den urbanen Zone vu Lëtzebuerg ausmaachen[9].

An der selwechter Period huet sech d'Zesummesetzung vun de Stéit grondsätzlech geännert. Sou ass net nëmmen d'Zuel vun de Stéit vun 80.242 am Joer 1947 op 171.953 am Joer 2001 gewuess, mä d'Moyenne vun de Persounen an engem Stot ass wesentlech vun 3,63 Persounen am Joer 1947 op 2,51 Persounen am Joer 2001 erofgaangen.

Evolutioun vum Automobilsecteur[änneren | Quelltext änneren]

Nom Enn vum Zweete Weltkrich ass eng Period vu Fridden a Massekonsum. Ee vu den Haaptsecteuren dee vun där Period markéiert ass, ass dee vum Auto, dee sech ëmmer méi als Haaptransportmëttel duerchsetzt.

De Wuesstem vun der Zuel vun den Autoen ass enk un d'Evolutioun vun der Wirtschaft gebonnen. Zesummefaassend léisst sech soen, datt Lëtzebuerg 1974, ee Joer nom Pëtrolsschock, fir d'éischt Kéier d'Grenz vun 100.000 Autoen iwwerschratt huet. 1990 goufen et scho méi wéi 200.000 Autoen zu Lëtzebuerg an zanter 2000 fuere méi wéi 300.000 Autoen op de Lëtzebuerger Stroossen.

Wéinst deem konstante Wuesstem vun der Autoszuel huet sech och d'Stroosseninfrastruktur zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt. Sou ass 1969 deen éischten Deel vun der Autobunn A1 tëschent dem Kierchbierg an dem Sennengerbierg gebaut ginn[10]. Änlech urbanistesch Evolutioune maache sech och an de Stied vum Grand-Duché bemierkbar.

Urbanistesch Moossname vun de Gemengen[änneren | Quelltext änneren]

Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Awunner a Bevëlkerungsdicht an der Stad Lëtzebuerg[11]
Joer Awunner Dicht
(Awunner/km2)
Joer Awunner Dicht
(Awunner/km2)
Joer Awunner Dicht
(Awunner/km2)
1947 61.996 1.204,7 1960 71.653 1.392,4 1970 76.159 1.480,0
1981 78.912 1.533,5 1990 74.724 1.452,1 2000 80.670 1.567,6
2010 90.848 1765,4 2011 95.058 1.847,2 2012 99.852 1.940,4
2013 103.641 2.014,0 2014 107.247 2.084,1 2015 111.287 2.162,6
2016 115.227 2.239,2
Luxembourg, Pont G-D Charlotte (1). Den Pont grande-duchesse Charlotte, besser bekannt als „Rout Bréck“ verbënnt säit 1966 den Kierchbierg mam Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg an erschléisst domat en neien urbanistesche Raum fir d'Haaptstad.
Centre européen Luxembourg Kirchberg (1971). Vue op de Centre européen, eent vun den éischte Gebaier vun der Europäescher Gemeinschaft um Kierchbierg. Den Grand-Duché wollt do eng europäesch Haaptstad schafen.

D'Bevëlkerung vun der Stad Lëtzebuerg huet sech tëschent 1947 an 2016 praktesch verduebelt, vun 61.996 op 115.227 Awunner. Am selwechte Mooss ass och d'Bevëlkerungsdicht geklommen, sou datt d'Grenz vun 1000 Awunner pro Quadratkilometer schonn 1947 depasséiert gouf. Trotzdeem bleift d'Bevëlkerungsdicht wärend der ganzer Zäit méi niddreg wéi zu Esch-Uelzecht, wou d'urban Fläch méi kleng ass wéi an der Stad Lëtzebuerg.

Gesamtbevëlkerung a Bevëlkerungsdicht an der Stad Lëtzebuerg[11]:

Nom Zweete Weltkrich engagéiert sech de Grand-Duché an der Konstruktioun vun enger europäescher Unioun. D'Stad Lëtzebuerg hëlt aktiv un dësem Prozess deel, andeems se 1952 „provisoresch“ de Sëtz vun der „Haute Autorité de la Communauté européenne de charbon et d'acier (CECA)“ op der Metzer Plaz installéiert[12].

1958 deposéiert dann de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg offiziell seng Kandidatur, fir de Sëtz vun der europäescher Communautéit ze kréien. Fir dës Kandidatur ze ënnerstëtzen, schafft d'Stad Lëtzebuerg een néien Urbanisatiounsplang aus, deen de Bedierfnesser vun enger sou grousser Communautéit soll gerecht ginn[13]. Den Haaptprojet, deen aus dësem Urbanisatiounsplang ervirgeet, ass de Bebauungs- an Urbaniséierungsplang vum Kierchbierg vun 1961.

Laut dem Gesetzprojet, an deem ënner anerem d'Motiver vun der Lëtzebuerger Regierung duergeluecht ginn, soll de Bebauungsplang virun allem zwee Punkte gerecht ginn. Op der enger Säit sollen d'Verbindung vum Kierchbierg mam Stadkär an déi doraus resultéierend Stroosseninfrastrukturen eeben dësen Zentrum vun der wuessender Zuel un Autoen entlaaschten. Op dës Manéier soll ee besseren Zougang mam Auto bei déi europäesch Institutiounen, déi sech um Kierchbierg wëllen installéieren, garantéieren. Op der anerer Säit sollen d'Gebaier an d'Struktur vum Kierchbierg un d'Besoine vun enger méiglecher europäescher Haaptstad ugepasst ginn[14].

De Staatsrot an d'Spezialkommissioun vun der Chamber setzen nach zwee aner Elementer bäi: Et sinn dëst engersäits d'Schafe vu Wunnraum um Kierchbierg, fir den Drock, deen um Immobiliesecteur läit, ze reduzéieren an anerersäits d'Schafung vun engem touristeschen Attraktiounspunkt baussent dem Stadzentrum[14]. Béid Elementer bleiwen allerdéngs ouni Impakt. Wärend den 1960er Joren sinn déi lëtzebuergesch urbanistesch Projeten haaptsächlech vum Kölner Urbanist Josef Stübben beaflosst ginn. Hien huet ënner anerem de Bebauungsplang vum Lampertsbierg am Joer 1937 konzipéiert[15]. Vun 1967 un ersetzt den Plang Vago, vum Paräisser Architekt Pierre Vago, em Stübben seng Aarbechten. Mä de Plang Vago respektéiert wéineg den historesche Patrimoine vun der Stad a gesäit vir bal all déi al biergerlech Villaen um Boulevard Royal ofrappen ze loossen. Des Weidere weist de Vago all Quartier eng eenzeg Funktioun zou, wat zu engem Manktem un Interconnexioune féiert[16].

Déi monolithesch Entwécklung vum Kierchbierg als Sëtz vun den EU-Institutiounen hëlt ab 1982 néi Formen un. Déi vereenzelt Gebaier vun der Europäescher Kommissioun, déi iwwer de Plateau vum Kierchbierg verdeelt sinn, sollen an en méi kohärenten an heterogenen Ensembel integréiert ginn an net méi duerch verschiddene Stroossen an Agrarfläche getrennt ginn. Dofir decidéiert de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg ënnert der Leedung vum Fernand Pesch, de Kierchbierg net a 4 Zonen (europäesch Institutiounen, Schoulen, Industriezonen a Wunnquartier) anzedeelen, mä gemëscht Quartieren ze schafen[17]. De Fong engagéiert doropshin eng Ekipp vun internationalen Urbanisten, déi unhand vun deenen néien Direktiven een neie Bebauungsplang sollen ausschaffen. D'Resultat vun dëser Zesummenaarbecht, déi 1991 virgestallt gouf, ass dono an de Gesamtplang vun der Stad Lëtzebuerg integréiert ginn[18].

De Kierchbierg ass bis haut déi Regioun, déi am meeschte vun den urbanistesche Changementer betraff ass.

Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Esch-Uelzecht ass déi zweetgréisst Stad vum Grand-Duché hanner der Haaptstad. Mä d'Fläch vun der Stad am Süde vum Land ass relativ kleng mat engem Total vu 14,35 km2, wouvun zwee Drëttel Industriezonen oder Gréngfläche sinn[19].

Gesamtbevëlkerung a Bevëlkerungsdicht vun der Escher Gemeng[11]:

Joer Gesamtbevëlkerung Bevëlkerungsdicht (Awunner pro km2)
1947 26.851 1.871,1
1960 27.954 1.948,0
1970 27.574 1.921,2
1981 25.144 1.752,2
1990 23.936
1991 1.673,7
2000 25.195
2001 1.891,7
2010 30.147
2011 30.125 2.099,3
2012 30.863 2.150,7
2013 31.898 2.222,9
2014 32.600 2.271,8
2015 33.286 2.319,6
2016 33.939 2.365,1

Tëschent 1947 an 1970 ass d'Zuel vun den Escher Awunner stänneg geklommen, dëst virun allem well vill Migrante vun der Stolindustrie am Süde vum Land ugezu goufen. Mä mat der Stolkris, bei där Esch haart getraff gouf, ass d'Awunnerzuel zeréckgaangen. Dësen negativen Trend ass eréischt Ufank 2000 zeréckgaangen an d'Bevëlkerung vun Esch erreecht 2016 een neie Rekord mat 33.939 Awunner. Wärend d'Gemeng Esch manner Awunner huet wéi d'Stad Lëtzebuerg, läit se awer wärend der ganzer Period vun dëser Etude, mat enger héijer Bevëlkerungsdicht, déi een Taux vun 2365 Awunner pro km2 am Joer 2016 erreecht, virun der Stad Lëtzebuerg.

Déi urbanistesch Projeten déi tëschent 1945 an 1990 zu Esch ausgeschafft goufen, kënnen an dräi verschidde Kategorien agedeelt ginn: de Logement, de Commerce an d'Stroosseninfrastrukturen.

Schonn 1924 huet den Escher Schäfferot ee Bebauungsplang vum renomméierten Urbanist Josef Stübben, dee scho fir d'Stad Lëtzebuerg Pläng ausgeschafft huet, ugeholl. Dëse Plang gouf awer – mat Ausnam vun der Ëmgéigend vun der Plaz Jean Jaurès - ni realiséiert[20].

Nom Zweete Weltkrich ginn déi éischt grouss urbanistesch Projeten ausgeschafft am Hibléck vum Cinquantenaire vun der Stad am Joer 1956. Dat selwecht Joer entsteet och een neie Bebauungsplang fir ee Wunnquartier, „Cité du Cinquantenaire“ genannt, am Weste vu Lalleng[20].

D'Cité du Cinquantenaire (gebaut ëm 1956): typesch autofrëndlech Struktur mat breede Stroossen a ville Parkméiglechkeeten.

Tëschent 1960 an 1970 falen déi eenzel Infrastruktur- a Logementsprojeten zesummen.

Aus Siicht vun den Infrastrukture sinn dräi Haaptprojeten z'ernimmen:

  • Als éischt gouf d'Zuchstreck op Péiteng op e Viaduc geluecht, sou datt ënner anerem d'Barriär op der N4 verschwonnen ass, déi den Zougang zum Quartier Hiel, resp. déi Säit der franséischer Grenz, zu Däitsch-Oth, erschwéiert hat.
  • Zweetens gouf de Boulevard Berwart (haut Rue Berwart/Rue Marie Curie) ugeluecht, fir de Verkéier vun der Gare a Richtung Stad net méi duerch den Ufank vun der Lëtzebuerger Strooss knéchelen ze loossen.
  • Schliisslech gouf mam Boulevard Grand-Duchesse Charlotte eng Transitstrooss ugeluecht, sou datt deen neie Quartier Lalleng-West mat de Quartiere Bruch an Uecht verbonnen gouf, a sou de Verkéier Richtiung Westen, dee vun der Autobunn aus der Stad koum, méi einfach un d'Bielesser- an d'Éilerengerstrooss ugebonne gouf.[20].

Dës Projeten hate virun allem een Zil, nämlech de Verkéier vun den Autoen zu Esch ze vereinfachen. Goufen et zu Lëtzebuerg 1970 nëmme 85.000 Autoen, waren et der 2004 schonn 300.000, sou datt vill Mesuren op nationalem Niveau geholl goufe fir d'Stied méi autofrëndlech ze maachen[21]. Des Weidere gouf den Auto säit den 1950er Joren als Symbol vun der moderner Gesellschaft an individueller Fräiheet ugesinn, sou datt d'Urbanisten ëmmer méi autofrëndlech Stied plangen[22]. Gläichzäiteg verschwannen Transportmëttelen aus der Virkrichszäit, ënner anerem de Fluchhafen an den Tram an de Joren 1954 respektiv 1956[23].

Tëschent 1960 an 1970 entstoungen zwéi weider Wunnquartieren zu Esch, nämlech Fettmeth a Wobrécken, déi an der Ëmgéigend vum aktuelle Lycée Hubert Clément leien. Déi Quartiere bestinn aus Eefamilljenhaiser an hu grouss a breet Stroossen[24]. Déi Dispositioun ass seele fir d'Stad Esch, déi virun allem vum Wunnengsbau aus der Stolzäit markéiert ass. Iwwerdeems d'Initiativ vum Wunnengsbau virum Krich bei der Industrie louch, gouf déi privat Initiativ nom Zweete Weltkrich encouragéiert fir de Manktem vu Wunnfläch z'iwwerwannen[25]. Vun den 1990er Joren un huet d'Stad Esch sech missen nei Methoden iwwerleeë fir déi al Aarbechterquartieren an Ingenieursvillaen ëmzebauen oder ze renovéieren. Schliisslech gouf e Kompromëss fonnt. Vill Gebaier si mat neien ersat ginn an anerer kruten nei Funktiounen. Sou ass den ale Casino, dee fréier e Receptiounssall fir déi héich Kaderen aus der Stolindustrie war, an e Museksconservatoire ëmgebaut ginn. Déi al Minière Cockerill gëtt haut fir pedagogesch Zwecker benotzt[26]. Trotzdeem sinn eenzel Haiser d'Ausnahm zu Esch an ugebaut Haiser bleiwen d'Reegel.

Duerch d'Stolkris Enn 1970er an Ufank der 1980er Joren hat d'Stad Esch finanziell Schwieregkeeten, sou datt déi urbanistesch Projeten net direkt konnte realiséiert ginn. Allerdéngs goufe weiderhi Projeten ausgeschafft, wéi een de Quartier Al Esch renovéiere kéint. Sou hunn zum Beispill en Escher Collectiv vun Architekten, dee sech Urb Esch genannt huet, oder aner Biergerinitiative Projete presentéiert. 1983 huet dunn den Architektebüro Walter-Kuhlmann vu Maastricht ee Bebauungsplang mam Schwéierpunkt um Liewensraum virgestallt an den Escher Schäfferot huet dee Projet ugeholl[27].

Arbed-Belval (1991). Vue op de Site Belval viru senger Verwandlung an en Zentrum fir Fuerschung a Wëssenschaft. Haut ass de Belval ënner anerem den Haaptsëtz vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Deen zweete grousse Projet, deen d'Stad Esch no der finanzieller Kris 1990 envisagéiert huet, war de Reamenagement vun der Uelzechtstrooss. Déi Strooss gouf an eng Foussgängerzon mat Geschäfter amenagéiert. Et ass ewell déi längst Strooss vun där Zort zu Lëtzebuerg[28]

Gläichzäiteg huet dee Projet och e Changement an der Mentalitéit en vue vum motoriséierte Verkéier symboliséiert. Wann d'Urbanisten an den 1950er a 60er Joren nach an der Gonscht vun den Autoe gebaut hunn, sou hu s'an den 1970er an 80er Joren probéiert, erëm méi mënschefrëndlech ze bauen. Den Ënnergang vun der Stolindustrie huet et mat sech bruecht, datt nei Secteuren hu misse fonnt ginn an dofir den Auto an der Stad Plaz huet misse maachen. An anere Wierder: den Auto huet missen aus der Stad eraus. Am Joer 1988 huet de Plang vum Professer Hartmut Topp d'Objektiver vun der Mobilitéit an Esch redefinéiert. Haut gëtt de Fokus ëmmer méi op eng duuss Mobilitéit gesat, andeems Vëloen zur Verfügung gestallt ginn souwéi nei Weeër fir d'Foussgänger[29].

An de spéiden 1980er gouf och eng méi déifgräifend Reflexioun iwwer d'Zukunft vun der Stad gemaach, besonnesch an der Hisiicht, wéi een déi al Frichë kéint revaloriséieren. Dee gréisste Projet, deen an dësem Sënn entsteet, ass den Amenagement vum Belval. Deen neie Site sollt als éischt als Site fir déi neist Technologien ëmfonctionéiert ginn, mä den Inneministère huet éischter d'Iddi vum Schafe vun enger Fuerschungs- a Sciencëplaz vertrueden. De Belval besteet haut aus der Universitéit Lëtzebuerg, engem Geschäftsquartier an e puer Wunnquartieren. Um Site gëtt zanter 2004 nach ëmmer gebaut[30].

Ettelbréck[änneren | Quelltext änneren]

Gesamtbevëlkerung a Bevëlkerungsdicht vun der Ettelbrécker Gemeng[11]:

Joer Gesamtbevëlkerung Bevëlkerungsdicht (Awunner pro km2)
1947 4.452 293,3
1960 5.101 336,0
1970 5.990 394,6
1981 6.454 425,5
1990 6.720
1991 431,6
2000 7.467
2010 7.700
2011 7.831 515,9
2012 8.013 527,9
2013 8.095 533,3
2014 8.278 545,3
2015 8.347 549,9
2016 8.541 562,6

Ettelbréck ass säit dem 4. August 1907 offiziell eng Stad. Zu deem Ablack huet d'Gemeng ongeféier 4100 Awunner, déi op 663 Haiser verdeelt sinn[31]. 1947, just nom Zweete Weltkrich, liewen net vill méi Leit zu Ettelbréck, nämlech 4452. De Bevëlkerungswuesstem gëtt eréischt méi bedeitend an den 1960er Joren an 2000 liewe fir d'éischte Kéier méi wéi 7000 Leit an der Ettelbrécker Gemeng. 2007 gëtt dann een Total vu 7650 Awunner erreecht. Tëschent 1907 an 2007, ass d'Zuel vun den Awunner pro Stot vu 6,2 Persounen op 2,4 Persounen erofgaangen[32].

D'urbanistesch Projeten, déi zu Ettelbréck tëschent 1945 an den 1990er Jore verwierklecht gi sinn, ënnerscheede sech grondsätzlech vun deenen, déi an der Stad Lëtzebuerg oder am Süde vum Land gemaacht goufen an dëst, well d'Situatioun am Norde vum Land ganz anescht war. Einfach ausgedréckt, sinn déi Haaptprojeten am Norde vum Grand-Duché vereenzelte Secteuren zouzeuerdnen, sou wéi de Spidolssecteur, de Commerce, d'Landwirtschafts- an den Infrastrukturssecteur.

Spidolssecteur[änneren | Quelltext änneren]

Säit 1855 gouf et zu Ettelbréck een Hospice, deen ausserhalb vum Wunnraum op der anerer Säit vun der Uelzecht louch. Dat selwecht Joer lancéiert d'Gemeng e Projet fir an dësem Hospice „les indigents invalides et les aliénés“ ënnerzebréngen. An der Zäit tëschent deenen zwee Weltkricher mëscht den Dr. Charles Marx, ee Lëtzebuerger Chirurg, deen zu Paräis geschafft huet, d'Klinick Saint-Louis mat Spezialisatioun op Chirurgie zu Ettelbréck op[33]. Dëst Spidol ass een zentrale Punkt innerhalb vun den urbanistesche Mesuren, déi am Spidolssecteur geholl ginn.

Nom Zweete Weltkrich am Joer 1947 gëtt d'Klinick un d'Ettelbrécker Gemeng verkaf, déi ënnert hirer Leedung doraus een zivilt Hospice mécht. Séier sinn d'Kapazitéite vun der Klinick erreecht, sou datt de Gemengerot 1954 ee Concours fir eng nei Konstruktioun vun der Klinick ausschreift. De Concours gëtt vum Ettelbrécker Architekt Ed. Steffes gewonnen. D'Aarbechte fänken 1957 un an den 23. November 1963 gëtt déi offiziell Ouverture vun der neier Klinick Saint-Louis gefeiert[34].

Am Laf vun der Zäit ginn déi Gebaier e puermol renovéiert a vergréissert, bis datt schlussendlech 1990 driwwer nogeduecht gëtt, eng zousätzlech Klinick ze bauen. D'Aarbechte fänken 1998 un an d'Klinick Saint-Louis mécht seng Dieren eng éischte Kéier am Oktober 2003 op[35].

Eng änlech Evolutioun gëtt et fir d'“refuge d'aliénés“, wat 1901 d'“Maison de Santé“ gëtt, ier et ab 1974 den „Hôpital neuropsychiatrique de l'Etat“ ass. Säit 1998 schwätzt een vum „Centre Hospitalier Neuropsychiatrique[36].

Commerce an Agrikultur[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vun der Stolindustrie an der Minettsgéigend huet och een Impakt op Ettelbréck, besonnesch an der Landwirtschaft. Dës profitéiert haaptsächlech vum Dünger, deen aus de Reschter vun der Stolproduktioun entsteet[37]. Allerdéngs zerstéiert den Zweete Weltkrich e groussen Deel vun de kommerzielle Strukturen a besonnesch de kommerziellen Zentrum. Nom Krich baut d'Gemeng dësen Deel vun der Stad erëm op a versicht - wéi schonn an anere Gemengen am Land - eng autofrëndlech Ëmgéigend ze schafen[38].

Séier maachen déi vill Autoen den Zentrum vun Ettelbréck net méi liewenswäert, sou datt d'Stad Ettelbréck, wéi och schonn d'Stad Esch, den Zentrum 1996 an eng Foussgängerzonen ëmbaue léisst. Allerdéngs hëlt d'Stad Ettelbréck dës Mesuren zimmlech spéit par Rapport zu anere Stied, sou datt hire Projet schonn dee Moment, wéi e realiséiert gouf, vun der Zäit depasséiert gouf[39].

Foussgängerzon vun Ettelbréck, Lëtzebuerg. Am Joer 1996 decidéiert d'Stad Ettelbréck hiren Zentrum an eng Foussgängerzon ze verwandelen an schléisst sech domat engem Trend un, deen d'Autoen aus de Stied eraushalen well. Nach haut ass des Foussgängerzon den Zentrum vum Liewen an Ettelbréck.

Säit 1984 zitt et dofir ëmmer méi Geschäftsleit aus dem Stadkär, fir sech an den Industriezone ronderëm d'Stad néierzeloossen[39].

Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Ettelbréck verbënnt, gouf 1862 gebaut an ass zanterhier ëmmer erëm ausgebaut ginn.

Wärend deenen zwee Weltkricher ass d'Eisebunnsstreck bal net zerstéiert ginn, sou datt vun 1952 un nëmmen déi lokal Schied gefléckt gi sinn[40]. Mä mat der Zäit hunn d'Schinnen net méi den techneschen Norme vun der Zäit entsprach. Sou war, an den 1970er Joren, d'Eisebunnsstreck am Norde vum Land nach net elektrifizéiert. Wärend d'Politik d'Renovéierung vun der Eisebunnsstreck a Fro stellt, protestéiert d'Populatioun vun de Gemenge laanscht d'Eisebunnsstreck fir hiren Ënnerhalt am Laf vum Joer 1980. Schlussendlech akzeptéieren déi politesch Responsabel den Entretien vun der Eisebunnsstreck an entscheede sech, dës ze moderniséieren. Dës Aarbechte sinn 1993 fäerdeg an Ettelbréck gëtt d'Haaptstellwierk am Norde vum Land[41].

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • BECKERICH N., « Handel und Gewerbe », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 105-117.
  • DE SMET Y. (Dr), « Centre Hospitalier Neuropsychiatrique », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 75-80.
  • GOEDERT J., « Cent ans d'histoire mouvementée. Le développement urbain de la ville étroitement lié à l'industrie sidérurgique depuis toujours », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 10-15.
  • HANSEN F., « Les caractéristiques du parc automobile », in SCHULLER G. (dir.), Luxembourg. Un demi-siècle de constantes et de variables, Luxembourg, Le Phare/Statec, 2013, p. 148-152.
  • HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001.
  • KREMER A., « Die Bahn und Ettelbrück – eine gute und langjährige Beziehung », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 181-188.
  • LORANG A., « De la métropole du fer à la cité des sciences », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 158-173.
  • PHILIPPART R. L., « Esch-sur-Alzette et le Luxembourg, rivales de l'esthétique urbaine ? », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 48-59.
  • PIGERON-PIROTH I., « Regards sur une population cosmopolite. La population d'Esch-sur-Alzette, cent ans après l'acquisition de son statut de ville », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 92-101.
  • SCHAAF J. P., « La ville centenaire sur le chemin de l'avenir », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 57-64.
  • SCHEIFER G. (Dr), « Cliniques et hôpitaux d'Ettelbruck. Historique de 1855 à 2007 », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 65-74.
  • VAN DEN BERG L., BRAUN E., VAN DER MEER E. (éd.), National Policy Responses to Urban Challenges in Europe, Londres – New York, Routledge, 2014.
  • WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 350-361.
  • ZAHLEN P., « L'évolution démographique », in SCHULLER G. (dir.), Luxembourg. Un demi-siècle de constantes et de variables, Luxembourg, Le Phare/Statec, 2013, p. 40-47.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vun 2015
  2. UNITED NATIONS STATISTICS DIVISION, Population density and urbanization, [En ligne], http://unstats.un.org/unsd/demographic/sconcerns/densurb/densurbmethods.htm#B. (Page consultée le 29.10.2016)
  3. COMMISSION EUROPENNE, Regional Policy, A harmonised definition of cities and rural areas: the new degree of urbanisation, [En ligne], http://ec.europa.eu/regional_policy/en/information/publications/working-papers/2014/a-harmonised-definition-of-cities-and-rural-areas-the-new-degree-of-urbanisation. (Page consultée le 29.10.2016)
  4. Source: STATEC, Etat de la population, La classification du degré d'urbanisation au 1er janvier 2016, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/ReportFolders/ReportFolder.aspx?IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=1. (Page consultée le 29.10.2016)
  5. STATEC, Etat de la population, Degré d'urbanisation des communes au 1er janvier 2016, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/document.aspx?ReportId=13927&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=1. (gekuckt den 29.10.2016)
  6. STATEC, Etat de la population, Population totale, luxembourgeoise et étrangère, de résidence habituelle au Luxembourg selon le sexe 1821 - 2015, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12856&IF_Language=fra&MainTheme=2&RFPath=70. (Page consultée le 29.10.2016)
  7. STATEC, Etat de la population, Constructions habitées et ménages 1864 – 2001, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12840&IF_Language=fra&MainTheme=2&RFPath=70. (Page consultée le 29.10.2016)
  8. ZAHLEN P., « L'évolution démographique », in SCHULLER G. (dir.), Luxembourg. Un demi-siècle de constantes et de variables, Luxembourg, Le Phare/Statec, 2013, p. 40-42.
  9. ZAHLEN P., « L'évolution démographique », in SCHULLER G. (dir.), Luxembourg. Un demi-siècle de constantes et de variables, Luxembourg, Le Phare/Statec, 2013, p. 45-47.
  10. HANSEN F., « Les caractéristiques du parc automobile », in SCHULLER G. (dir.), Luxembourg. Un demi-siècle de constantes et de variables, Luxembourg, Le Phare/Statec, 2013, p. 148-149.
  11. 11,0 11,1 11,2 11,3 STATEC, Etat de la population, Population par canton et commune, 1821-2016, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12861&IF_Language=fra&MainTheme=2&RFPath=70. (Page consultée le 29.10.2016) ; STATEC, Etat de la population, Densité de la population par canton et commune (habitants par km2), 1821-2016, [En ligne], http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12862&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=1. (Page consultée le 29.10.2016)
  12. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 28-29.
  13. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 51.
  14. 14,0 14,1 Documents parlementaires de la Chambre (DPC), session ordinaire 1960-1961, document n° 51, « Projet de loi relatif à la création d'un fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg », 12 juillet 1961.
  15. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 86.
  16. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 87.
  17. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 141-142.
  18. HELWEG-NOTTROT I., Kirchberg: 1961-2001, Luxembourg, Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, 2001, p. 145.
  19. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 352.
  20. 20,0 20,1 20,2 GOEDERT J., « Cent ans d'histoire mouvementée. Le développement urbain de la ville étroitement lié à l'industrie sidérurgique depuis toujours », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 11.
  21. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 352-353.
  22. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 357.
  23. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 355-356.
  24. GOEDERT J., « Cent ans d'histoire mouvementée. Le développement urbain de la ville étroitement lié à l'industrie sidérurgique depuis toujours », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 12.
  25. PIGERON-PIROTH I., « Regards sur une population cosmopolite. La population d'Esch-sur-Alzette, cent ans après l'acquisition de son statut de ville », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 95.
  26. LORANG A., « De la métropole du fer à la cité des sciences », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 163-168.
  27. GOEDERT J., « Cent ans d'histoire mouvementée. Le développement urbain de la ville étroitement lié à l'industrie sidérurgique depuis toujours », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 113.
  28. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 360.
  29. WEIDIG P., « Die mobile Stadt », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 358.
  30. GOEDERT J., « Cent ans d'histoire mouvementée. Le développement urbain de la ville étroitement lié à l'industrie sidérurgique depuis toujours », in Honnert Joer Esch (1906-2006), Esch-sur-Alzette, Ville d'Esch-sur-Alzette, 2005, p. 15.
  31. Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 290-291. ; SCHAAF J. P., « La ville centenaire sur le chemin de l'avenir », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 57.
  32. SCHAAF J. P., « La ville centenaire sur le chemin de l'avenir », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 57.
  33. SCHEIFER G. (Dr), « Cliniques et hôpitaux d'Ettelbruck. Historique de 1855 à 2007 », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 65-66.
  34. SCHEIFER G. (Dr), « Cliniques et hôpitaux d'Ettelbruck. Historique de 1855 à 2007 », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 68.
  35. SCHEIFER G. (Dr), « Cliniques et hôpitaux d'Ettelbruck. Historique de 1855 à 2007 », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 71-73.
  36. DE SMET Y. (Dr), « Centre Hospitalier Neuropsychiatrique », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 75-80.
  37. BECKERICH N., « Handel und Gewerbe », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 113.
  38. BECKERICH N., « Handel und Gewerbe », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 115-116.
  39. 39,0 39,1 BECKERICH N., « Handel und Gewerbe », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 116.
  40. KREMER A., « Die Bahn und Ettelbrück – eine gute und langjährige Beziehung », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 181 et 183.
  41. KREMER A., « Die Bahn und Ettelbrück – eine gute und langjährige Beziehung », in Ettelbruck. 100 Joer Stad 1907-2007, p. 184-185.