Diskussioun:Urbanismus zu Lëtzebuerg zanter 1945

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Deen heiten Beitrag ass am Kader vum Cours 'Sozialgeschicht vun Europa no 1945' op der Uni Lëtzebuerg geschriwwen. Méi Informatiounen fannt dir hei: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Benelux_Education_Program/University_of_Luxembourg --Corto lu (Diskussioun) 06:03, 20. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

"Als éischt gouf e Viaduc fir d'Zich a Richtung Frankräich gebaut, sou dass dëse Raum fräi fir aner Transportmëttele gemaacht gouf. Gläichzäiteg entsprécht de Viaduc enger symbolescher wann och onfräiwëlleger Grenz tëschent dem Quartier Hoehl (Terres Rouges) an dem Rescht vun der Stad': Water Zich sollen dann iwwer de Viaduc a Richtung Frankräich gefuer sinn?

"Déi onfräiweelleg Grenz war virum Bau vum Viaduc vill méi accentuéiert wéi nom Bau, deemno kann de Bau vum Viaduc de symbolersche Wäert héchstens reduzéiert hunn.":Wéi et schéngt hunn déi urbanistesch Explikatiounen hei ganz wéineg mat der Realitéit ze dinn. --81.244.213.69 12:33, 20. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hunn dat mam Viaduc an och deene verschiddenen ernimmte Boulevarden am Artikel riichtgebéit, dat war e bësse wënsch... --Zinneke (Diskussioun) 15:08, 20. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Misst dee Beitrag nët Urbanismus zu Lëtzebuerg no 1945? heeschen. --Corto lu (Diskussioun) 13:55, 20. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Jo.
An et geet de facto och just ëm dräi Stied, an net anerer (z.B. am Minett, déi eng änlech Entwécklung wéi Esch duerchgemaach hunn). Och sinn déi Beschreiwungen zu den 3 Stied och zäitlech zimmlech selektiv: Fir Esch z.B. schéint d'Entwéclung mat der Uluecht vum Bd GD Charlotte (uganks 1970er Joren) an der Foussgängerzon an der Uezechtstrooss ofgeschloss ze sinn (ofgesinn vu Belval, wat e Quartier (an hei: en Artikel) fir sech ass. Wat feelt sinn z.B. nei Quaritere wéi d'Nonnewisen, d'Verlänngerung vun der Autobunn op Rämerech an op Micheville, Projete fir d'Friche vun Terres Rouges a Schëffleng, méi allgemeng, wat gemaach gëtt (oder misst ginn), fir Esch vis-à-vis vu Belval attraktiv ze halen, asw. Do wier nach Sputt no uewen...
Idem fir d'Stad: Dëst Joer gouf de PAG grouss diskutéiert, wat seet deen? Wat ännert sech an Zukunft? Cloche d'Or/Gaasperecher Wisen, Tram, Gentrifikatioun vun der Ënnerstad, asw fale mer spontan an, wann ech un Urbanismus an d'Stad Lëtzebuerg denken. Och do kinnt nach jett nokommen. Iwwer de Sëtz vun den europäeschen Institutiounen gëtt et schonn en Artikel, dat kinnt verkierzt a verlinkt ginn.
Schliisslech géing en Aféierungskapitel guttdoen, dat kuerzt ëmräisst, a wat fir engem gesetzleche Kader eng städtebaulech Entwécklung geschitt, wat fir eng Roll déi kommunal Pläng spillen (komplementär?) asw.

--Zinneke (Diskussioun) 15:12, 20. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Boulevard Berwart[Quelltext änneren]

Wou ass deen zu Esch. D'Post kennt en net, de Kadaster kennt en net an ech kennen en och net. --Les Meloures (Diskussioun) 13:43, 21. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, deen ass tëscht der Norbert-Metz-Plaz an der Lëtzebuerger Strooss, do, wou d'Rue du Fossée dru stéisst (Grobiercheplaz, beim Tuerm vum Wirtschaftsgebai vum Berwartsschlass. Gouf virun e puer Joer a Rue Berwart ëmgenannt (an een Deelstéck, fir d'Saach méi einfach ze maachen, a Rue Marie-Curie...--Zinneke (Diskussioun) 15:43, 21. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Explikatioun --Les Meloures (Diskussioun) 17:01, 21. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]