Benotzer Diskussioun:Corto lu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Robby 19:05, 28. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Bei de méi enger kompletter Biographie beim Gilbert Trausch, fannen ech guer näischt eraus.

Fonctionnéiert déi net an all Browser?

Les Meloures 10:05, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Äntwert hei
Les Meloures 14:47, 18. Mee 2009 (UTC)[äntweren]
Moien,
Jo dee rullt. Les Meloures 16:56, 25. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Historiker-Biographien[Quelltext änneren]

Moien,

ech weess net, ob déi rezent Historiker-Biographien, déi vun neie Mataarbechter hei geschriwwe goufen, op Däin Impuls zeréckginn. Falls jo: Dat ass eng wierklech gutt Initiativ! Fir Mëssverständnisser bei den Auteruen ze verhënneren (z.B. falls ze ausféierlech Passagen, déi zwar an enger Hausaarbecht ganz ok sinn, awer ze "ausschweifend" fir en Enzyklopedie-Artikel, nees gekierzt géifen) kéinns de vläit kuerz d'Initiativ um Wikipedia:De_Staminee virstellen, besonnesch, wat d'Finalitéit ugeet; da kéinnt och wann néideg erkläert ginn, wou wat virwat g'ännert gëtt, wéi déi eenzel Versiounen erëmzefanne sinn, asw.

E schéinen Owend,

--Zinneke 17:50, 31. Mee 2011 (UTC)[äntweren]


Dei Biographien sin am Kader vun engem Cours op der Uni entstanen wou ët em d'Geschicht vun der Geschicht geet: eng vun den Aufgaben fir d'Studenten war ët eng Biographie vun engem Historiker op d'Wikipedia ze setzen. Ech wees wei ech hier Versiounen remfannen a si wessen dat bei Wikipedia op 'hieren' Texter geschafft gët :-)
--Corto lu 10:53, 16. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Tipptopp! Déi meescht si schonns iwwerlies ginn, u verschiddene muss nach e bësse gefeilt ginn. Fir méi spéit: Falls et nach eng Kéier (wat ze begréisse wier) änlech Initiative géif: Vläit am Virfeld e puer Wuert um Stamminee hannerloossen, da kënne mer dann eng Projets-Säit ariichten, déi sech spezifesch un d'Mataarbechter/Studenten zu deem Thema riicht, déi de Kontext kuerz beschreift, a wou allgemeng spezifesch Messagen hannerlooss kënne ginn. Da wëssen déi aner Mataarbechter déi Beiträg och besser anzeschätzen. --Zinneke 12:33, 16. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Re: Wéi 'zitéieren' ech d'Photo'en déi ech op Wikipedia geholl hun?[Quelltext änneren]

Moien,

gewéinlech gëtt esou zitéiert: "[Auteur]/Wikimedia Commons/[Lizenz]", bei dëser Foto z.B. wier dat: "Zinneke/Wikimedia Commons/CC-BY-SA." Dës Info fënnt een, wann een op d'Bild klickt. Wëll een et op engem Internetsite publizéieren, soll een zousätzlech e Link op d'Säit vum Bild setzen (wou hei an s do zousätzlech Informatioune stinn), deemno, beim Besipill,: "Foto: Zinneke/Wikimedia Commons/CC-BY-SA.".

Bei Biller aus Archiver ass d'Saach méi quokelech, well do net ëmmer den Auteur bekannt ass. Am Fall, deen s De uschwätz, wier et: "Library of the London School of Economics and Political Science/Wikimedia Commons/CC-0." [CC-0 well anscheinend keng Copyrightrestrictiounen um Bild sinn).

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:46, 8. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

PS: A looss Dech net kleng kréie mat der WWI Ausstellung! :-)

Kuck mol do w.e.g. Jean Hoss. Aipee --87.66.105.152 14:58, 11. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
waat heescht Aipee?

Moie Corto lu,

Dir schreift: Ass et net méi einfach deen een oder aneren Feeler ze verbesseren wei anonym alles réckgängeg ze maachen.

Natierlech kann een dat och maachen, et ass awer net méi einfach.

War awer net gutt ass, dat ass wann een dann (aus waterenger Ursaach och ëmmer?) déi selwecht Feeler nees drasetzt. Dat kënnt méi schlecht un wéi déi aner Aktioun. --Les Meloures (Diskussioun) 12:53, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]

Kopie vum Mail[Quelltext änneren]

Moie Corto lu,

Wikimédia hat Iech am Summer op eng Reunioun invitéiert well Dir gefrot hat fir datt mir bei Iech eng Presentatioun sollte maachen a well mir mat Iech iwwer verschiddenes wollte schwätzen, Ier mer ons fir sou Saachen engagéieren. .

Leider hat dir deemools keng Zäit, an dir hutt ons ni e Feedback ginn, wéini Dir Zäit hätt oder do wiert.

Lo schreiwen är Studente leider nees sou Artikelen an deenen et vu Feeler nëmme sou rabbelt. an déi och am Opbau net dem Konzept vun de Wikipediasartikelen entspriechen. An deem Sënn kënne mer net op der Wiki weiderfueren.

Mä wéi gesot, mir si prett fir all valabel Suggestioun oder e Rendez-vous fir déi Saach mat Iech duerch ze diskutéieren.

Am beschte wier en Datum nom 14. Oktober, well virdru verschidde Leit bei ons net fräi hunn.

Merci am Viraus,

Les Meloures.

Gudde Moien. Ech stellen Wikipedia den 23. Oktober an engem Cours vir (11h30-13h). Wann do een vun Iech wëllt mat dobäi sinn ass hien méi wei wëllkomm. Best Benoît

Gudde Moien,
Fir zesummenzeschaffe misste mer eis am Viraus gesinn. Well dat eben net gemaach gouf huet sech keen agestallt datt mir den 23. Oktober Zäit hu fir an enger Presentatioun matzemaachen. Mir sinn awer bereet fir eng Entrevue mat Iech ze hunn, soulaang mir gemeinsam en Datum kënne festleeën.
Mat beschte Gréiss,
President vu Wikimedia Lëtzebuerg --Soued031 (Diskussioun) 16:11, 15. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien
Hei zwee Datumer: 12. an 13. November am Moien.
Best
Corto lu (Diskussioun) 05:10, 23. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]
Moie Corto lu
Déi Datummer hëllefen ons net vill weider. Mir kënnen net vun engem anere Mataarbechter verlaangen datt e sech soll en hallwen Dag Congé huele fir e Gespréich vun enge Halwer Stonn. --Les Meloures (Diskussioun) 18:41, 7. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]
Ech verlangen dat jo guer nët. Waat schloot dir dann fir Corto lu (Diskussioun) 19:45, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Wikiiessen[Quelltext änneren]

Gudde Moien, Du bass en aktive Wikipedianer a mir invitéieren dech gären op eist Wikiiessen e Samschden, 2. Mäerz 2024 zu Leideleng an duerno um 15:00 op d'AG vu Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Et wier eng flott Geleeënheet fir eis kennen ze léieren. Weider Detailer um Staminee. Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:23, 23. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Invitatioun. Konnt leider nët dobäi sinn. Corto lu (Diskussioun) 23:55, 11. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]