Kondominium
Ausgesinn
E Kondominium (vum lat. con-dominium, „gemeinsam Proprietéit“; och: Kondominat) ass eng Herrschaft iwwer en Territoire, deen ënner der Kompetenz vu méi wéi engem Herrschaftsdréier (meeschtens zwéin) ass. Och den Territoire selwer gëtt Kondominium genannt.
An der europäescher Geschicht gouf et e ganze Koup Beispiller vu sou Kondominien. Wéi déi modern Nationalstaate bis entstane sinn, sinn déi meescht dovun opgeléist ginn.
Beispiller fir Kondominien, déi et haut nach gëtt:
- d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen (Ausname sinn d'Schleisekonstruktiounen an dat Stéck vum Laf vun der Our duerch Veianen).
- de Brčko-Distrikt am Nordoste vu Bosnien an Herzegowina, deen zesumme vun der Federatioun vu Bosnien an Herzegowina an der Republika Srpska verwalt gëtt;
- d'Mönchsrepublik Athos, um Bierg mam selwechten Numm, iwwer deen zesumme Griicheland an d'Ekumenescht Patriarchat vu Konstantinopel d'Herrschaft hunn;
- d'Fasaneninsel, dat klengst Kondominium vun der Welt, am Floss Bidasoa, iwwer déi d'Herrschaft all sechs Méint tëscht Spuenien a Frankräich wiesselt;
- Andorra war vum Fridde vu Lleida, den 8. September 1278, bis zu senger neier Verfassung vun 1993 e Kondominium ënner der Verwaltung vum Bëschof vun Urgell an dem Staatschef (Kinnek, resp. President) vu Frankräich. Zanterhier ass Andorra e souveräne Staat mat der Partikularitéit, datt en zwéi Staatscheffen huet: de Bëschof vun Urgell an de President vun der Franséischer Republik.