Our (Sauer)

Vu Wikipedia
Our
An anere Sproochen fr: Our
de: Our
Längt 96,1 km
Debit 9,38 m³/s
Fläch vum Baseng 187 km²
Originn
Originn Quell
Héicht 653 m
Koordinaten 50° 20’ 10’’ N
      06° 21’ 24’’ O
Konfluenz
Leeft an Sauer
Plaz Wallenduerfer Bréck
Héicht 175,5 m
Koordinaten 49° 52’ 30.4’’ N
      06° 17’ 12.8’’ E
Geographie
Land Belsch
Däitschland
Lëtzebuerg
Regioun Äifel
Éislek
De Stauséi vun der Our bei Veianen mat Biwels a Falkesteen am Hannergrond
D'Our bei Doosber.
D'Our zu Veianen.
D'Our bei Veianen.
D'Our leeft an d'Sauer.

D'Our ass en Niewefloss vun der Sauer, deen duerch a laanscht d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland leeft.

D'Our entspréngt am Héije Venn, am Süd-Oste vun der Belsch, um 653 m héijen "Eichelsberg" bei Manderfeld. Vun do aus leeft se no Süden, mécht méi oder manner d'Grenz tëscht Däitschland an der Belsch, bis se, vun hanner Ouren un, um Dräilännereck, do wou d'Réibaach draleeft, als Kondominium d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland mécht. Eenzeg Ausnam heivun ass Veianen.

Viru Veianen gëtt d'Our gestaut, fir mat deem Waasser e Pompelspäicherwierk kënnen ze bedreiwen. Beim Uleeë vum ronn aacht Kilometer laange Stauséi hunn Deeler vun der Uertschaft Biwels misse verluecht ginn, well se iwwerschwemmt goufen.

Déi Lëtzebuerger Gemenge laanscht d'Our hu sech zum Naturpark Our zesummegeschloss.

Bei Wallenduerfer Bréck a Wallenduerf leeft d'Our, no 52 km, op Lëtzebuerger Territoire an d'Sauer.

D'Our leeft op hirer ganzer Streck duerch Däller aus der Ardenner Schiferregioun. Den Ënnergrond besteet haaptsächlech aus Tounschifer, dee kee Waasser duerchléisst, an d'Uwännere besti gréisstendeels aus géien Häng. Dat bréngt et mat sech datt d'Our e besonnescht hydrodynamescht Verhalen huet. Den héchste bekannten Offlosswäert, ass 4.000-mol méi héich wéi den niddregsten. Am ganzen Anzuchsgebitt vu Musel a Rhäin ass kee Floss mat sou extreeme Wäerter bekannt.

Soss besonnesch um Laf vun der Our ass de groussen S-Meander vu Biwels, den eenzegen deen et an där Form op der Our gëtt.

D'Our als Grenzflooss[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1815 um Wiener Kongress d'Territoiren an Europa frësch opgedeelt goufen, krut de Prënz vun Oranien d'Groussherzogtum Lëtzebuerg zougesprach am Tosch mat senge Gebidder Ditz, Dillenburg Hadamar a Siegen, déi u Preise gaange sinn. De Verlaf vun der Grenz, souwäit et Lëtzebuerg betraff huet, gouf laanscht d'Musel, d'Sauer, an d'Our festgeluecht. Preise gouf an dräi zäitlech verschiddenen Ofschnëtter Noper op der lëtzebuergescher Ostgrenz an zwar: de 15. Abrëll 1815 op der Our an der Sauer, den 30. November dat selwecht Joer op der Musel bis op Perl an den 1. Juli 1816 vu Perl bis op déi nei franséisch Grenz. Den Detail vum Grenzverlaf gouf de 26. Juni 1816 am preisesch-hollännesche Grenzvertrag, dem Oochener Vertrag, festgehalen, an am Emmericher Grenzprotokoll, vun de Representante vun den zwou Säiten den 23. September 1818 zu Emmerich ënnerschriwwen. No deem Vertrag gouf d'Grenz vum Haaptlaf vun deene Flëss bestëmmt, mat Ausnam vu Veianen, dat soss duerch d'Our an zwéin Deeler gespléckt gi wier. Do mécht d'Our deemno op enger Streck vu ronn 3.500 Meter d'Grenz net. Nom Artikel 27 vun deem Vertrag sollten d'Baachen an d'Flëss iwwerall do, wou se d'Grenz maachen, deenen zwee Länner gehéieren, well d'Grenz net an der Mëtt vun de Gewässer festgeluecht gi war, a sech doduerch d'territorial Souveränitéit iwwerschnidden huet. Et gouf also kee Kondominium sou wéi en haut besteet. Déi Grenz huet sech vun dunn un op der Our bis haut praktesch net geännert. 1937 war Holland am Gaang mat Däitschland nei Grenzverträg auszehandelen. An deene Gespréicher war Lëtzebuerg och mat verwéckelt, well de fréieren Traité sech och op déi Flëss op der lëtzebuergescher Grenz bezunn hat, awer den Ausbroch vum Zweete Weltkrich huet där Saach en Enn gesat.

Nom Zweete Weltkrich huet déi franséisch Militärregierung an der Besatzungszon fir déi westdäitsch Grenz den 23. Abrëll 1949 en Dekreet erausginn, an deem verschidden Ännerungen et mat sech bruecht hunn, datt de Kammerwald ëstlech vu Veianan an d'Uertschaft Ruet op der Our bei Lëtzebuerg geprafft goufen. Dee 466 ha groussen Territoire gouf duerch eng Grenzkommissioun, den 8. Juli 1949, op 547 Hektar vergréissert. Am däitsch-lëtzebuergeschen Ausgläichsvertrag vum 11. Juli 1959 huet Lëtzebuerg am Artikel 20 op déi Gebidder verzicht, a beim Akraafttriede vum Vertrag den 1. Oktober 1961 waren déi al Grenzen nees hiergestallt. Domat war de Problem vun der zäitlecher Ännerung vun der dréchener Grenz aus de Féiss, dee vun der naasser Grenz war awer bliwwen. Dee gouf eréischt am Grenzvertrag vun 1984 gereegelt.

Op der Our gouf et just am Joer 1880 an 1885 eng kleng Ännerung.

Duerch vill Äis op der Our am Wanter 1880 hat d'Bett vun der Our sech tëscht dem Kilometer 42,4 an 43,05 no Oste verlagert, an en Terrain vun 3,66 ha däitscht Staatsgebitt vun der Gemeng Donen louch dunn um rietsen Uwänner vun der Our. Dat hat sech um Flouer Groussenauel ofgespillt. 50° 04’ 48.88’’ N 06° 07’ 16.05’’ O.

Beim Bau vun der N10 op der Héicht vu Gemünd hat den Entreprener sech d'Saach am géien Hank, deen do bis un d'Our gaangen ass, liicht gemaach, andeems en einfach d'Leeë gesprengt huet, an de Buedem an d'Gestengs an d'Our getippt huet. Déi Aktioun huet déi däitsch Gendarmerie op den Dill geruff, d'Aarbechten hu missen ënnerbrach ginn, an et gouf e Rapport op Tréier gemaach. Prompt huet d'Regierung vu Tréier dem deemolege Minister dem Henri Kirpach ee béise Fanger gemaach, an un den Artikel 27 vum Grenzvertrag vun 1816 erënnert, an deem steet: Es darf weder an dem Lauf der Flüsse, noch an dem gegenwäertigen Ufer, irgend eine Neuerung, noch ohne Mitwirkung und Zustimmung beider Regiereungen irgend eine Conzession oder Wasser Eingriff bewilligt werden.

De Problem gouf awer ouni vill Gedeessems vun de Regierungsvertrieder, déi sech den 20. Mee 1885 zu Ënnereesbech getraff haten, geléist. Zesumme sollten den däitsche Kadasterkontroller Dienz aus der Neierbuerg an de lëtzebuergesche Baukondukter Colling vu Klierf d'Pläng ausschaffen, fir d'Our e Stéck op déi däitsch Säit ze verleeën. D'Gemeng Housen huet d'Terrainen op der däitscher Säit opkaaft, a sou konnt séier mat den Aarbechte weidergemaach ginn.

Definitiv koumen déi Terrainen a lëtzebuergescht Gebitt beim Däitsch-Lëtzebuerger Grenzvertrag vun 1988 (Art.2; § 2).

Soss[änneren | Quelltext änneren]

A Wallounie gëtt et eng Baach, déi an d'Lesse leeft, déi och "Our" heescht an déi duerch d'Uertschaft Our leeft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Colling, G., P. Kremer, M. Meyer, M. Moes & J. Werner [et al.], 1994. Mittleres Ourtal: zwischen Dreiländereck und Rellesmühle. 134 S., Michael Weyand, Trier.
  • Erpelding, Émile, 1971. Luxemburger Mühlen im Ourtal. An der Ucht 25: 173-177.
  • Hemmer, Carlo, Jean Milmeister, Pierre Bassing, Adrien Ries, Lex Roth & Lex Jacoby (réds), Société électrique de l'Our (éd.), 1989. Der Our entlang / Le long de l'Our. 126 p., éd. Guy Binsfeld, Luxembourg. Tiramisú, Esch-sur-Alzette.
  • Palzkill, Leonard, 2006. Ourtal ohne Grenzen: Wanderungen im deutsch-luxemburgischen Grenzraum. 214 S., Neuerburg.
  • Thommes, Franz, 2008. Das Ourtal - Von der Quelle bis zur Mündung. Mit mehr als 50 Standorten, Dörfern, Mühlen, Gastronomien und Ausflügen in die Umgebung. Veröff. des Geschichtsvereins Prümer Land e. V. Band 56. 247 S. ISBN 3-931478-20-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Our (Sauer) – Biller, Videoen oder Audiodateien