Serge Hoffmann (Historiker)

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Serge Hoffmann
Gebuer 24. Juli 1949
Aktivitéit Historiker

De Serge Hoffmann, gebuer de 24. Juli 1949 zu Stroossbuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker. Hien ass Conservateur an de Lëtzebuerger Nationalarchiven.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (C latine, 1970) huet de Serge Hoffmann op der Universitéit vu Caen, am Calvados, Basse-Normandie, eng Maîtrise an der Geschicht gemaach. Am Kader vum Stage pédagogique fir Geschichtsprofesser am Secondaire ze ginn huet hien dunn eng Aarbecht iwwer d'Organisatioun vun der Resistenzbeweegung LVL geschriwwen (1976).

Hien ass net laang am Enseignement bliwwen, mä ass léiwer an den deemolege Staatsarchiv schaffe gaangen, wou hie Conservateur fir d'"histoire contemporaine" ass.

Hien intresséiert sech fir den Zweete Weltkrich, d'Immigratioun, d'Wirtschaftsproblemer an der Tëschekrichszäit, de Spuenesche Biergerkrich, d'Schicksal vun de jiddesche Flüchtlingen, asw.

De Serge Hoffmann ass zu Beetebuerg an der Lokalpolitik engagéiert. Weider Engagementer huet hien an der Associatioun "Minettsdapp - Kultur am Süden", am Gestiounscomité vum Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht an am Dokumentatiounszenter fir mënschlech Migratiounen zu Diddeleng.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Centre d'études et de documentation historiques, Archives nationales, 2004, ISBN 2-495-15118-3
  • Le Grand-Duché face à la guerre civile espagnole 1936-1939 ; in: Galerie 8 (1990), Heft 4.
  • Les volontaires du Grand-Duché de Luxembourg engagés au sein des brigades internationales en Espagne (1936-1938) ; in: Hommage aux Volontaires des Brigades Internationales ; Broschür, erausgi vum "Comité d'organisation en faveur d'un <<Monument commémoratif en l'honneur des volontaires des brigades internationales>>" zu Diddeleng, Drock: Imprimerie print-service, Lëtzebuerg, 1997; Ss. 8-23.
  • Les anciens brigadistes, premiers combattants contre l'idéologie d'extrême droite ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 27. Abrëll 2000.
  • La résistance ne se limite pas au combat patriotique ; Interview vum Serge Hoffmann, President vun den "Amis des Brigades internationales - Luxembourg"; in: WOXX magazine 715/03, S. 7; Ausgab vum 17. Oktober 2003.
  • (mam Ben Fayot, Jacques Maas a Raymond Steil) 100 Joër sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber - Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés ; Lëtzebuerg, 'Edition La Mémoire Socialiste', 1997; 171 Säiten. ISBN 2-919908-00-6
  • La population luxembourgeoise face au régime et à l'idéologie nazis: Résignation ou résistance? ; in: Les courants politiques et la Résistance: Continuité ou ruptures? ; 'Colloque international' organiséiert zu Esch/Uelzeg, am Abrëll 2002; erausgi vum Lëtzebuerger Nationalarchiv, Lëtzebuerg, 2003; Ss. 384-405.
  • La collaboration du commerce et de l'artisanat luxembourgeois et son épuration au lendemain de la Seconde Guerre mondiale ; in: Collaboration: Nazification? Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; 'Actes du Colloque international au Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, mai 2006'; Lëtzebuerg, erausgi vum Nationalarchiv, ouni Datum [2008]; Ss. 374-392.
  • Mitverantwortung Luxemburger Behörden für die Deportation von Juden - Offener Brief an Premierminister J.-C. Juncker ; in: Tageblatt, Rubrik Forum; Ausgab vum 19. September 2012.