Jan Palach

Vu Wikipedia
Jan Palach
Gebuer 11. August 1948
Gestuerwen 19. Januar 1969
Prag
Nationalitéit Tschechoslowakei
Jan-Palach-Monument vum Olbram Zoubek mam Datum vun der Selwerverbrennung

De Jan Palach, gebuer den 11. August 1948 zu Mělník a gestuerwen den 19. Januar 1969 zu Prag, war en tschechoslowakesche Student, dee sech de 16. Januar 1969 aus Protest géint d'Nidderschloe vum Prager Fréijoer a géint d'Diktat vun der Sowjetunioun selwer verbrannt huet. Hie wollt domat, knapps 5 Méint nom Amarsch vun den Truppe vum Warschauer Pakt an der Tschechoslowakei, en Zeeche setzen dogéint, datt d'Reforme vum Alexander Dubček senger Regierung nees zeréckgeholl goufen a géint d'Lethargie an d'Hoffnungslosegkeet vun der tschechoslowakescher Ëffentlechkeet, déi doraus ervirgaange war.

Duerch seng Dot ware 85% vu senger Kierpersurface verbrannt; hien ass 3 Deeg duerno gestuerwen. Deen Dag sinn 200.000 Leit op der Wenzelsplaz zesummekomm, an hunn op der Plaz, wou de Palach sech verbrannt hat, Gerben néiergeluecht. Duerno si s'am Cortège bis bei d'Philosophesch Fakultéit vun der Karlsuniversitéit gaangen. Do gouf d'Stroosseschëld "Plaz vun der Rouder Arméi" erofgerappt an duerch e Schëld mat "Jan-Palach-Plaz" drop ersat.

Dëst gouf natierlech direkt duerno nees réckgängeg gemaach, mä no der Samettener Revolutioun vun 1989 gouf d'Plaz offiziell an Naměstí Jana Palacha ("Plaz vum Jan Palach") ëmgenannt.

Den 22. August 1969 huet den Astronom Luboš Kohoutek en Asteroid nom Palach genannt (1834 Palach,. Op der Plaz virum Nationalmusée, no beim Wenzelmonument ass haut e Memorial fir de Jan Palach an de Jan Zajíc (een anere Student, dee sech ee Mount nom Palach och duerch Verbrennung doutgemaach huet).

De Square Jan-Palach an der Stad Lëtzebuerg.

An der Stad Lëtzebuerg goufen den 21. August 1969 an engem Eck vun der Plëss d'Arem, do wou d'Dicks-Lentz-Monument steet, him zu Éiere vum Comité de solidarité avec la Tchécoslovaquie e Schëld mat Square Jan-Palach an drënner eng Erënnerungsplack opgehaangen.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Square Jan-Palach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]


Commons: Jan Palach – Biller, Videoen oder Audiodateien