Luboš Kohoutek

Vu Wikipedia
Luboš Kohoutek
Gebuer 29. Januar 1935
Gestuerwen 30. Dezember 2023
Nationalitéit Tschechoslowakei, Tschechesch Republik
Educatioun Masaryk-Universitéit,
Karls-Universitéit
Aktivitéit Astronom, Wëssenschaftler
Dee vum Kohoutek entdeckten an no him genannte Koméit.

De Luboš Kohoutek, gebuer den 29. Januar 1935 zu Zábřeh a Mieren, Tschechien a gestuerwen den 30. Dezember 2023, war en tschecheschen Astronom.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Luboš Kohoutek huet bis 1958 Physik an Astronomie zu Brno an zu Prag studéiert. Duerno huet hien am Astronomeschen Institut vun der Tschechoslowakescher Wëssenschafts-Akademie geschafft. Am Joer 1968, am Prager Fréijoer marschéiert d'Rout Arméi an d'Tschechoslowakei an. De Kohoutek huet sech 1970 entscheet fir an Däitschland z'emigréieren. Zanterhier schafft den Dr. Lubos Kohoutek am Observatoire Hamburg-Bergedorf.

Astronomesch Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1967 hunn de Luboš Perek an de Kohoutek hire Catalogue of Galactic Planetary Nebulae och nach Perek-Kohoutek Katalog genannt, opgestallt. Et war deemools de gréisste Katalog mat 1036 Daten.

De Kohoutek ass den Entdecker vum bekannte Koméit, C/1973 E1, deen hien de 7. Mäerz 1973 fir d'éischt gesinn hat an denn no him benannt gouf. Net ze verwiesselen ass dëse Koméit mat deem, och vum L. Kohoutek entdeckte periodesche Koméit 75P/Kohoutek a 76P/West-Kohoutek-Ikemura. De Kohoutek ass Entdecker vu ville Koméiten an Asteroiden.

D'Entdeckung vum Koméit vun 1973 hat eng richteg Koméitenhysterie ausgeléist. De Koméit war deemools gutt mat bloussem A ze gesinn, war awer net sou hell ginn, wéi e berechent gi war.

Fir dem Kohoutek seng Leeschtungen z'éieren, gouf den Asteroid (1850) Kohoutek no him benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lubos Kohoutek, Rudolf Kippenhahn, Holger. Heuseler: "Der Jahrhundertkomet Kohoutek", Deutsche Verlags-Anstalt Stuttgart 1982, ISBN 3-421-02379-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]