C/1973 E1 (Kohoutek)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
C/1973 E1 (Kohoutek)
De Koméit C/1973 E1 (Kohoutek)
Orbittyp laangperiodesch
Grouss Hallefachs ?
Perihel 0,14 AE
Aphel ? AE
Numeresch Exzentrizitéit 1
Perihelduerchgank 28. Dezember 1973
Ëmlafdauer ~ 75.000 Joer
Ëmlafvitesse 112 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Luboš Kohoutek
Entdeckungsdatum 7. Mäerz 1973
Aner Bezeechnungen 1973 XII, 1973f
Rout: D'Bunn vum Koméit, Blo: D'Bunn vun der Äerd, Dropsiicht

Den C/1973 E1 (Kohoutek), och dacks als Koméit Kohoutek bezeechent, ass e laangperiodesche Koméit, deen am Joer 1973 duerch eist Sonnesystem gezunn ass.

De Koméit gouf de 7. Mäerz 1973 vum tschecheschen Astronom Luboš Kohoutek am Observatoire Hamburg duerch de Verglach vun Himmelsfotoen aus dem Gebitt vum Stärebild Hydra entdeckt. Säi Perihel hat de Koméit den 28. Dezember 1973. De Koméit hat an de Medien an an der Fachwelt vill Interessi fonnt, mä hat sech awer vill méi schwaach entwéckelt wéi et erwaart gouf.

Fuerschungsresultater[änneren | Quelltext änneren]

Zum Zäitpunkt vu senger Entdeckung war de Koméit ronn 600 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech, wat eng riseg Entdeckungsdistanz ass. Hien hat d'Äerdbunn den 19. November 1973 erreecht an hat d'Sonn op enger Distanz vun nëmmen 21 Millioune Kilometer ëmkreest, hallef sou wäit ewech wéi de sonnennächste Planéit Merkur. Seng Bunn läit awer net am selwechte Plang wéi d'Äerdbunn. De Plang vun der Äerdbunn hat de Koméit eréischt de 27. Dezember duerchzunn. Déi zweedimensional Duerstellung vun Äerd- a Koméitebunn gëtt nëmmen eng ongeféier Virstellung. An der Géigend vun der Sonn hat de Koméit seng gréisst Vitess mat 112 Kilometer pro Sekonn erreecht. D'Distanz tëscht Koméit an Äerd louch ongeféier an der Gréisstenuerdnung wéi tëscht Sonn an Äerd, nämlech 150 Millioune Kilometer. Duerch dës Distanz blouf déi tatsächlech Hellegkeetsentwécklung fir den Observateur op der Äerd däitlech hanner de Viraussoen zréck. Mëtt vum Joer 1974 hat de Koméit eist Sonnesystem nees verlooss.

De Kohoutek war den éischte Koméit, dee vun den Equippe vun de Weltraumstatioune Skylab 4 a Sojus 13 observéiert gouf. Berechnunge vu senger Bunn hunn erginn, datt dee Koméit eréischt a 75.000 Joer nees an eist Sonnesystem kënnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck a Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Op Fotoe vum Stärebild Hydra (Waasserschlaang) gouf de Koméit entdeckt