Alexander Dubček

Vu Wikipedia
Alexander Dubček
Gebuer 27. November 1921
Gestuerwen 7. November 1992
Prag
Doudesursaach Autosaccident
Nationalitéit Tschechoslowakei
Educatioun Comenius-Universitéit Bratislava
Aktivitéit Politiker, Diplomat

Den Alexander Dubček, gebuer de 27. November 1921 zu Uhrovec an der deemoleger Tschechoslowakei (haut Slowakei), a gestuerwen de 7. November 1992 zu Prag, war en tschechoslowakeschen a méi spéit slowakesche Politiker.

Hie war vun 1963 bis 1968 Éischte Sekretär vun der Kommunistescher Partei vun der Slowakei a gouf du Generalsekretär vun der Kommunistesch Partei vun der Tschechoslowakei. An där Funktioun war hien, als mächtegste Politiker vum Land, d'Haaptfigur vum sougenannte Prager Fréijoer, enger Reformbeweegung, déi de kommunistesche Regimm méi tolerant an op maache wollt (d'Leitmotiv war deemools "Sozialismus mat mënschlechem Gesiicht").

Dës Beweegung gouf am August 1968 vun den Truppe vum Warschauer Pakt ermëlzt, an den Dubček gouf gezwongen, mat alle politeschen Aktivitéiten opzehalen. Am Hierscht 1989 huet hie sech der antikommunistescher Oppositioun ugeschloss a gouf zesumme mam Tschech Václav Havel eng vun den Haaptfigure vun der Samette Revolutioun. Als Resultat dovu gouf den Dubček zum President vum federalen tschechoslowakesche Parlament (1989–1991) gewielt. 1992 gouf hie President vun der Sozialdemokratescher Partei vun der Slowakei.

Den Dubček ass de 7. November 1992 un de Suite vun engem Autosaccident gestuerwen, kuerz ier e méiglecherweis zum zukünftege slowakesche Staatspresident hätt kënne gewielt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexander Dubček – Biller, Videoen oder Audiodateien