Op den Inhalt sprangen

Gréiwelscheier

Vu Wikipedia
Gréiwelscheier
Gréiwelscheier (uewe lénks) op der Ferrariskaart vu 1778
Land Lëtzebuerg
Kanton Sandweiler
Koordinaten 49°37'36,88"N, 6°11'37,46"O

Gréiwelscheier oder Gréiwelscheierhaff war e Lieu-dit an e Bauerenhaff an der Gemeng Sandweiler.

Gréiwelscheier louch op enger Héicht vun 355 m an der Sektioun Fermes vun der Gemeng Sandweiler, am Dräieck tëscht de Stroosse Lëtzebuerg - Gréiwemaacher (déi haiteg N1A) an Neiduerf - Findel (haut N1). Op gutt engem annerhallwe Kilometer südëstlech dovu läit de Bireler Haff.

Um Flouer „beim Haff“ stoung schonn zënter dem 13. Joerhonnert a bis no 1950 de Gréiwelscheierhaff. Am Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde aus dem Joer 1244 housch et schonn: (la)de ham et Sanviler ex una parte usque ad grangiam que dicitur comitisse et ab hac usque ad grangiam abbatis“.[1]

Méi spéit ass „grangiam abbatis“ mat „grevinnen scheure“ iwwersat ginn an doraus ass duerno „Gréiwelscheierhaff“ ginn („grangiam abbatis“ waren d'Scheiere vum Abt vun der Abtei Almënster, an dat war de Bireler Haff).[1]

Am 18. Joerhonnert huet eng Famill Kayser um Gréiwelscheierhaff gewunnt, Virfare vun ë. a. dem Propser Kayser.[1]

De Gréiwelscheierhaff war schonn als Grevenscheuer op der Ferrariskaart vun 1778 agezeechent. Op den topographesche Kaarte vun 1905 bis 1950 war et (Ferme) Grevelscheuer an 1954 gouf et Gréiwelscheierhaff. Duerno ass den Haff net méi agezeechent.

An den 1920er Jore war de de Wilhelm Schumann Proprietär vum Haff. Zesumme mat senger Fra Elisabeth Schumann vum Schumannseck bei Noutem huet hien eng Villa bei der Tréierer Strooss baue gelooss an och do gewunnt. De leschte Proprietär vum Haff war de Willy Schumann, genannt de „Gréiwelscheier Willy“. Bei engem Fligerugrëff op de Findel den 30. Abrëll 1944 ass hie virum sengem Haus blesséiert ginn an e puer Deeg dono gestuerwen.[1]

An de leschten Deeg vum Haff huet en Huefmann do gewunnt; de leschten Huefmann war den Theodor Wirtz, dee mat der Anna Hoffmann bestuet war. D'Koppel hat véier Bouwen: den Erny, den Arthur, de Leo an de Jos. Ee vun hinnen, den Arthur war e Resistenzler an hat eng Zäit laang e puer Refractairen um Haff verstoppt. Ee vun hinnen, den Ady Kies aus dem Neiduerf ass ënner dramateschen Ëmstänn um Haff gestuerwen a war bis nom Enn vum Zweete Weltkrich am Gaart begruewen.[1]

De Staat huet den Haff ëm 1950 kaaft[1] an an den 1960er Joren ass zu Gréiwelscheier d'Cité de l'aéroport gebaut ginn, e Wunnquartier fir d'Personal dat um Fluchhafe geschafft huet. Et waren Déngschtwunnenge vun der der Police, der Douane, de Pompjeeën, der Bauverwaltung oder der Verwaltung vun der ziviller Loftfaart.

Wéinst enger Decisioun ëm 2015, datt de Loyer fir Déngschtwunnengen eropgesat géif ginn, war et fir vill Leit net méi interessant do wunnen ze bleiwen an de Quartier ass ëmmer méi ausgestuerwen a verknascht. Eng Rëtsch Haiser sinn an engem schlechten Zoustand an am Gaang ze verfalen. Ufanks 2024 ware just nach ronn 50 Leit an der Cité ugemellt.

D'Haiser gehéieren dem Staat, deen awer keng Pläng huet, wat do an Zukunft geschéie soll.

Un de fréiere Gréiwelscheierhaff erënnert haut just nach d'Bushalt op der N1A, op der Héicht vun der Cité.

Commons: Gréiwelscheier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Quell: Informatiounspanneau an der Strooss „Beim Haff“, an der Géigend vum fréiere Gréiwelscheierhaff

Quelle wou net anescht uginn: