Noutem (Stauséigemeng)

Vu Wikipedia
Noutem
De Waassertuerm vun Noutem
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Nothum
de: Nothum
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Stauséigemeng
Buergermeeschter Marco Koeune
Awunner 352
  20.12.2018
Héicht 482 m
Koordinaten 49° 56’ 27’’ N
      05° 52’ 56’’ O
Noutem vum Waassertuerm aus gesinn (2014)

Noutem ass eng Uertschaft an der Stauséigemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Noutem läit 5 km vu Wolz ewech, südlech vum Schumannseck.

D'Bild vum Duerf Noutem gëtt vum Waassertuerm dominéiert, deen op der Knupp steet. Den Duerfkär läit dogéint an enger Kaul ronderëm d'Kierch. Vill Haiser leien och verdeelt op den Hiwwelen déi den Duerfkär ëmginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 17. an 18. Joerhonnert huet Noutem dem Seigneur vu Wolz gehéiert a war der Par Kauneref zougedeelt. An där Zäit gouf et zu Noutem nëmmen tëscht 6 an 12 Haiser. Vun 1802 un huet d'Duerf du zur Par Bärel gehéiert. Bis 1979 war Noutem an der Gemeng Mecher, mä nodeem d'Gemenge Mecher an Harel fusionéiert hunn, ass dëst d'Stauséigemeng ginn.

D'Noutemer Kierch war no de Kricher aus der Zäit vum Napoleon uerg zerstéiert. Si gouf dowéinst 1843 frësch opgebaut.

1857 hunn d'Noutemer Leit decidéiert eng Schoul an hirem Duerf opzeriichten. 22 Familljen hunn deemools zu Noutem gewunnt. 5 Joer méi spéit stoung d'Schoul fäerdeg do. Wéinst engem Manktem u Schüler (nach 5 am Ganzen) gouf dës Schoul 1970 zougemaach. Haut ass dëst Gebai een normaalt Wunnhaus.

De Schumannseck ass eng Kräizung mat Ënnerféierung, op där ausser dem Café-Restaurant Schumann nach e Monument steet, dat zur Erënnerung un d'Affer aus dem Zweete Weltkrich opgeriicht gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Noutem – Biller, Videoen oder Audiodateien