Bireler Haff
Ausgesinn
| Bireler Haff | |
|---|---|
|
D'Wunnhaus vum Bireler Haff | |
| Aussprooch | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Lëtzebuerg |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Claude Mousel (DP) |
| Koordinaten |
49° 37’ 25’’ N 06° 12’ 55’’ O |
|
| |
De Bireler Haff ass e Bauerenhaff an der Gemeng Sandweiler.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Bireler Haff läit an engem laanggezunnene Südhank tëscht dem Findel an dem Bireler Gronn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Bireler Haff geet op d'15. Joerhonnert zeréck, d'Gebaier op d'18. Joerhonnert. Et ass ee vun den eelsten Häff ronderëm d'Stad, déi bis haut erhale sinn. 2009 huet de Staat en opkaaft. 2018 huet de Finanzministère decidéiert, Deeler vun der Douane an hir Hondstaffel um Haff ënnerzebréngen. Uganks 2020 waren d'Ëmbauaarbechten nach am Gaang.[1]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Quellepad am Naturschutzgebitt Bireler Gronn;
- D'Gebaier vum Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert; si goufen de 7. Dezember 2001 als Nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bireler Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Als Sandweiler ein Schloss hatte." wort.lu, 26.01.2020.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Abrëll 2026).
