Schach

Vu Wikipedia
Vu lénks no riets: Kinnek, Tuerm, Damm, Bauer, Sprénger a Leefer

Schach, vum persesche Schah fir „Kinnek“ - dohier „d'kinneklecht Spill“, ass e strateegescht Brietspill, a gëtt vun zwéi Spiller op engem quadratesche Briet mat 64 Felder an 32 Figuren (16 wäisser a 16 schwaarzer) gespillt. D'Zil ass et, de géigneresche Kinnek matt ze setzen an den eegene Kinnek ze schützen.

E Spiller huet entweeder déi wäiss oder déi schwaarz Figuren, dorënner (vun der am mannste wichtegster Figur bis hin zur wichtegster) aacht Baueren, zwéi Leefer an zwéi Sprénger (oder Päerd), zwéin Tierm, eng Damm an ee Kinnek. De Spiller mat de wäisse Figure fänkt un. D'Spiller réckelen ofwiesselnd mat enger vun hire Figuren, entweeder op e Feld, dat nach fräi ass oder op e Feld, dat vun enger géignerescher Figur besat ass, déi da geschloen ass a vum Spillbriet geholl gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt Schach ënner dem Numm Tschaturanga an Indien erfonnt ginn ass. Als geséchert gëllt, datt d'Spill um Enn vum 5. Joerhonnert a Persie bekannt gouf, wou et och zu sengem haitegen Numm koum (Shatranj oder och Schatrandsch - Schah heescht op Persesch Kinnek). Vu Persien aus ass d'Schachspill dunn an d'Ostréimescht Räich komm, vu wou d'Waräger et bis mat a Russland geholl hunn. Wéi d'Mosleme Persien eruewert haten, hu se d'Schachspill an der ganzer islamescher Welt verbreet bis a Spuenien. Spéitstens zanter dem 13. Joerhonnert ass et schliisslech bei de Ritter a ganz Europa beléift.

Spillreegelen[änneren | Quelltext änneren]

En haitegt klassescht Schachbriet
abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
d2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Grondstellung

Fréier konnten d'Baueren och beim éischten Zuch just ee Feld no vir zéien, d'Leefer sinn zwee Felder diagonal gesprongen an d'Damm ee Feld diagonal.

Géint der Enn vum 15. Joerhonnert hu sech déi modern Schachreegelen duerchgesat, duerch déi et méiglech gouf, direkt vun Ufank u séier unzegräifen. Doduerch ass d'Schachspill ëmmer méi populär ginn.

Zuchreegelen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schachfiguren däerfen nëmmen no bestëmmten Zuchreegele gezu ginn:

  • Se däerfe grondsätzlech keng aner Figuren iwwersprangen (Ausname gëlle fir de Sprénger a bei der Rochade). Se däerfen also ëmmer nëmme sou wäit gezu ginn, wéi se net duerch eng eege Figur an hirer Beweegung blockéiert ginn (da musse se spéitstens virun deem entspriechende Feld stoppen) oder bis op dat Feld, op deem den éischte géigneresche Spillsteen am Wee steet. An dësem Fall schloe se dëse Spillsteen a bleiwen op sengem Feld stoen.
  • Wann ee Kinnek vun enger géignerescher Figur bedreet gëtt(d. h., de Kinnek kéint am nächsten Zuch geschloe ginn), da steet dëse Kinnek am Schach. E „Schach“ däerf net ignoréiert ginn, de Spiller muss also entweeder dee Spillsteen schloen, dee Schach gëtt, en eegene Spillsteen an d'Wierkungslinn vum Schachgebot zéien (dat ass net méiglech, wann ee Sprénger Schach gëtt) oder de Kinnek aus dem Schach beweegen (déi eenzeg Méiglechkeet bei engem Doppelschach, woubäi heiduerch eventuell gläichzäiteg och nach dee Spillsteen, dee fir d'Lëscht gezu gouf a Schach gëtt, geschloe gi kann). Wann de Kinnek am Schach steet, däerf en net mat Hëllef vun der Rochade aus der Wierkungslinn zéien.

Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
c5 black cross
d5 black cross
e5 black cross
c4 black cross
d4 white king
e4 black cross
c3 black cross
d3 black cross
e3 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
De Kinnek kann op ee Feld an all Richtung zéien.

De Kinnek kann an all Richtungen zéien, mais nëmmen ee Feld wäit.

Wann de Kinnek vun enger géignerescher Figur bedreet gëtt (de Kinnek ass dann am Schach), da muss en imperativ entweeder op e Feld zéien, wou en net bedreet ass, eng aner Figur vu senger Faarf tëscht sech an déi betreffend géigneresch Figur setzen (dat hëlleft allerdéngs net, wann de Kinnek vun engem Päerd bedreet gëtt), oder déi betreffend géigneresch Figur schloen (selwer oder mat enger aner Figur vu senger Faarf).

Damm[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
d8 black cross
h8 black cross
a7 black cross
d7 black cross
g7 black cross
b6 black cross
d6 black cross
f6 black cross
c5 black cross
d5 black cross
e5 black cross
a4 black cross
b4 black cross
c4 black cross
d4 black queen
e4 black cross
f4 black cross
g4 black cross
h4 black cross
c3 black cross
d3 black cross
e3 black cross
b2 black cross
d2 black cross
f2 black cross
a1 black cross
d1 black cross
g1 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
D'Damm ka sou vill Felder wéi e wëll weit an all Richtung zéien.

D'Damm kann diagonal, horizontal a vertikal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen. Si huet also déi selwecht Eegenschafte wéi e Leefer an en Tuerm zesummen.

Tuerm[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
d8 black cross
d7 black cross
d6 black cross
a5 black cross
b5 black cross
c5 black cross
d5 white rook
e5 black cross
f5 black cross
g5 black cross
h5 black cross
d4 black cross
d3 black cross
d2 black cross
d1 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Den Tuerm ka sou vill Felder wéi ee wëll horizontal oder vertikal zéien.

En Tuerm kann horizontal oder vertikal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen.

Leefer[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black cross
g8 black cross
b7 black cross
f7 black cross
c6 black cross
e6 black cross
d5 white bishop
c4 black cross
e4 black cross
b3 black cross
f3 black cross
a2 black cross
g2 black cross
h1 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
De Leefer ka sou vill Felder wéi ee wëll diagonal zéien.

E Leefer kann diagonal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen.

Sprénger[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
c6 black cross
e6 black cross
b5 black cross
f5 black cross
d4 black knight
b3 black cross
f3 black cross
c2 black cross
e2 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
De Sprénger kann zwee Felder an enger Linn oder enger Rei an eng Richtung an dann ee Feld no lénks oder riets zéien.

E Sprénger oder Päerd zitt u sech net, mä e „spréngt“: zwee Felder an enger Linn oder enger Rei an eng Richtung an dann ee Feld no lénks oder riets. D'Päerd ass déi eenzeg Figur, déi iwwer aner Figuren ewechsprange kann.

Bauer[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
c5 black cross
c4 white pawn
e4 black cross
e3 black cross
e2 white pawn
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Méiglech Zich vun de Baueren.
abcdefgh
8
c6 black rook
e6 black knight
d5 white pawn
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
De wäisse Bauer op d5 kann entweeder de schwaarzen Tuerm op c6 oder de schwaarze Sprénger op e6 schloen.
abcdefgh
8
c6 black cross
c5 black pawn
d5 white pawn
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
En-passant-Schloen: Nodeem de schwaarze Bauer en Doppelschrëtt vun c7 op c5 gemaach huet an domat eigentlech dat bedreete Feld c6 hanner sech gelooss huet, kann de wäisse Bauer op c6 schloen an de schwaarze Bauer vum Feld c5 ewechhuelen.

E Bauer kann all Kéier just ee Feld no vir réckelen, ausser wann en an der Ausgangsstellung ass, wou et der au Choix een oder zwee sinn. De Bauer schléit Figuren, déi ee Feld diagonal virun him stinn an e kann „en passant“ schloen. De Bauer ass déi eenzeg Figur, déi ni hannerzeg zéie kann.

Speziell Spillzich[änneren | Quelltext änneren]

  • Rochade: De Kinnek zitt zwee Felder a Richtung vun engem Tuerm vu senger Faarf an deen Tuerm gëtt op déi aner Säit vum Kinnek op dat Feld direkt donieft gestallt. Dëse speziellen Zuch ass just méiglech: 1. wa weeder de Kinnek nach den Tuerm bis dohi beweegt goufen, 2. keng Figuren tëscht dem Kinnek an dem Tuerm stinn, 3. de Kinnek net am Schach ass a 4. de Kinnek net iwwer e Feld muss ewechzéien, dat bedreet ass.
  • Bauerenëmwandlung: Wann e Bauer um Géigner senger Grondlinn ukënnt, da gëtt en, au Choix, an eng aner Figur (ausser der Kinneksfigur) ëmgewandelt. De Bauer verschwënnt vum Spillfeld an déi nei Figur gëtt op seng Plaz gestallt. Meeschtens wielen d'Spiller d'Damm, well dat déi stäerkst Figur ass, mä jee no Situatioun kann et och interessant sinn, e Leefer, Päerd oder Tuerm ze wielen. Et ass egal, op déi gewielte Figur virdru geschloe gouf, soudatt e Spiller z. B. zwou Dammen oder dräi Leefer kann hunn.
  • En passant: Wann e Bauer aus senger Ausgangspositioun eraus zwee Felder no vir zitt, iwwer e Feld eraus, op deem e vun engem wäit no vir geréckelte géigneresche Bauer hätt kënne geschloe ginn, da kann dee géigneresche Bauer en awer schloen (mat engem gewéinlechen Zuch diagonal no vir). Dat ass awer just méiglech direkt nodeem de betraffene Bauer zwee Felder no vir gezunn ass. Déi Reegel ass entstanen, wéi agefouert gouf, datt d'Bauere bei hirem éischten Zuch direkt zwee Felder no vir réckelen däerfen. Si verhënnert, datt e Bauer duerch sou e laangen zwee-Felder-Zuch der Bedreeung duerch e géigneresche Bauer entwutsche kann.

Enn vum Spill[änneren | Quelltext änneren]

Gewonnen huet dee Spiller, deen de géigneresche Kinnek schloe kann, ouni datt de Géigner dat verhënnere kéint. De Géigner ass da Schachmatt ("aš-šāh māt" heescht op Arabesch "de Kinnek ass dout"). Dobäi gëtt den Zuch, mat deem de Kinnek geholl kéint ginn, net méi ausgefouert.
Et gewënnt een och, wann de Géigner opgëtt, wat wärend der ganzer Partie méiglech ass.
Nëmme beim Blëtzschach gewënnt een och, wann de Géigner eng verbueden Aktioun mat enger vu senge Figure mécht. Duerno ass et nämlech net méi méiglech déi exakt Zäit festzestellen an d'Auer deementspriechend zeréckzedréinen.
Eng weider Méiglechkeet ass datt d'Zäit vum Géigner ofleeft. Dat gëllt awer nëmmen, wann de Géigner theoreetesch nach mattsetze kéint. Falls een awer souguer bei ongeschécktstem Spill vum Géigner hien net mattsetze kann (z. B. wann een nëmmen nach e Kinnek an e Leefer huet, an de Géigner just nach e Kinnek), ass d'Spill remis (Gläichstand).

Et kënnt zu engem Remis:

  • Wann ee Spiller mat kenger vu senge Figuren méi zéie kann, an net am Schach steet (Patt)
  • Wann et duerch keng Zuchkombinatioun a souguer dem schlechtste Spill vum Géigner net méi méiglech ass, zu engem Schachmatt ze kommen (z. B. wa just nach déi zwéi Kinneken iwwereg sinn)
  • Wa fofzeg Zich laang keng Figur geschloen a kee Bauer beweegt gouf, an ee Spiller dat reklaméiert
  • Wann dräimol (net onbedéngt hannereneen) déi selwecht Stellung gesat gëtt, mat deemselwechte Spiller um Zuch an deene selwechte Méiglechkeete fir ze zéien (z. B. duerch Dauerschach), an ee Spiller dat reklaméiert
  • Wann d'Zäit vun deenen zwéi Spiller ofgelaf ass an een net méi noweise kann, wien als éischt iwwer d'Zäit war (just beim Schnell- oder Blëtzschach, bei deem d'Bedenkzäit vun de Spiller limitéiert ass)
  • Wann déi zwéi Spiller sech drop eenegen.

Kulturell Bezich[änneren | Quelltext änneren]

Heraldik[änneren | Quelltext änneren]

Motiver aus dem Schachspill fannen an der Heraldik Verwendung. Gär gouf besonnesch de Roch, wéi den Tuerm am Mëttelalter genannt gouf, als Wopefigur gewielt. Vu „geschacht“ schwätzt een, wann d'Wopeschëld no dem Prinzip vun engem Schachbrietmuster gedeelt gëtt.

Schach am Film[änneren | Quelltext änneren]

D'Schachspill gëtt gär a Filmer agesat, fir déi strateegesch Iwwerleeënheet vum Mënsch géintiwwer vun engem Computer ze demonstréieren. Dat bekanntst Virkommen ass warscheinlech am Film 2001: A Space Odyssey, an deem eng tatsächlech gespillte Schachpartie tëscht engem Computer an engem Mënsch nogespillt gëtt. An der Harry-Potter-Verfilmung Harry Potter and the Philosopher's Stone steet de Potter virun der Aufgab, als Deel vun enger Schachpartie mat senger Säit ze gewannen, fir bei den „Alchimistesteen“ ze kommen. Aner bekannt Filmer mat dem Schachmotiv sinn 1984 (1984) an Independence Day.

Schach an der Belletristik[änneren | Quelltext änneren]

Romaner, déi Schach als Haapttheema a souguer am Titel hunn, sinn zum Beispill d'Schachnovelle vum Stefan Zweig oder Der Schachautomat vum Robert Löhr.

Schach an der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kënschtlerin Sofonisba Anguissola mat hire Schwëstere beim Schachspill, ëm 1555

Och an der Konscht war d'Schachspill schonn ëmmer e beléift Theema. Ënner de Surrealiste ware mat dem Joan Miró. dem Marcel Duchamp oder dem Max Ernst begeeschtert Spiller, déi an hire Wierker Schachmotiver benotzt hunn. Mat dem Theema ervirgetruede sinn och d'Sculptrice Germaine Richier an den Alfred Hrdlicka, deen och ee staarke Spiller ass. Ënner den zäitgenëssesche Kënschtler beschäftegt sech d'Elke Rehder besonnesch mat dësem Sujet.

De Musical Chess (englesch fir Schach) aus dem Joer 1984 thematiséiert d'Rivalitéit vun zwee Schachspiller.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Schach

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schach – Biller, Videoen oder Audiodateien