Op den Inhalt sprangen

Leefer (Schach)

Vu Wikipedia
Schachfiguren
Kinnek
Damm
Tuerm
Leefer
Sprénger
Bauer

De Leefer (Unicode: ♗ ♝) ass eng Figur beim Schachspill. Zesumme mam Sprénger gehéiert en zu de Liichtfiguren an zu den Offizéier. Leefer kënnen hir Feldfaarf net wiesselen. Jee no der Faarf vum Feld, um e Leefer steet, schwätzt ee vun engem wäissfeldregen respektiv engem schwaarzfeldrege Leefer.

Am Ufank vun enger Partie stinn zwéi wäiss an zwéi schwaarz Leefer um Briet. Jiddwer Partei huet ee Leefer op wäisse Felder an een op schwaarzen. De wäissen Dammeleefer steet am Ufank vum Spill um Feld c1, de schwaarzen op c8. De wäisse Kinneksleefer steet am Ufank vum Spill um Feld f1, de schwaarzen op f8.

Zuchméiglechkeeten a Wäert

[änneren | Quelltext änneren]
abcdefgh
8
a8 black cross
g8 black cross
b7 black cross
f7 black cross
c6 black cross
e6 black cross
d5 white bishop
c4 black cross
e4 black cross
b3 black cross
f3 black cross
a2 black cross
g2 black cross
h1 black cross
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
E Leefer kann diagonal sou wäit zéie wéi e wëll.

Leefer zéien diagonal sou wäit iwwer d'Briet wéi e wëll, woubäi se net iwwer aner Figuren ewechzéien däerfen. Ageschränkt gëtt de Leefer doduerch, datt e sech nëmmen op de Felder vun enger Faarf beweege kann.

De Wäert vun engem Leefer entsprécht mat dräi Bauereneenheeten ongeféier deem vun engem Sprénger. E Leefer steet wierkungsvoll, wann e vill Zuchméiglechkeeten huet. An oppene Stellungen ass de Leefer dem Päerd wéinst der méi grousser Reechwäit meeschtens iwwerleeën. Staark ass e Leeferpuer, dat an der Reegel engem Spréngerpuer oder engem Leefer an engem Sprénger iwwerleeën ass. Leefer si laangschrëtteg Figuren, déi an engem Zuch vun enger Brietsäit op déi aner lafe kënnen, wann all Felder, déi dertëscht leien, fräi sinn.

Am Schach vun den Inder, de Perser an den Araber gouf et de Leefer a senger haiteger Form nach net: A senger Plaz gouf et d'Figur vum Alfil oder Fil (persesch Bezeechnung fir Elefant). Op Latäin huet den Alfil meeschtens alphinus geheescht. Am Russesche gëtt de Leefer nach haut als слон (slon) - Elefant bezeechent.

Den Alfil ass diagonal op d'iwwernächst Feld gesprongen, seng Reechwäit war domat beschränkt. Dës Zuchweis weist eng Parallel zu der Zuchweis vum Sprénger op. Duergestallt gouf d'Figur duerch zwéin no uewe weisend symboliséiert Stousszänn vun engem Elefant. Mat der Aféierung vum Spill an Europa gouf dat dann ëmgedeit: D'Fransousen hunn et als Narrekap interpretéiert (déi franséisch Bezeechnung „fou“, den Narr, fir de Leefer ass eng Entstellung vu Fil). A Groussbritannien a verschiddenen anere Gebidder an Europa gouf doraus fréizäiteg d'Form vun enger Mitra (kuckt d'Lewis-Schachfiguren). Déi englesch Bezeechnung vum Leefer ass „bishop“.

En anere Virgänger war de Kuréier (vum laténgesche currere = lafen), eng neiaarteg Spillfigur, déi fir d'éischt Kéier no der laangschrëtteger Zuchweis vum Leefer gezunn ass. An dem zanter ongeféier 1210 ernimmte Kurréierschach hate béid Säiten nieft den Alfil-Figure jeeweils zwéi Kuréieren. Bei der Ëmwandlung vum Alfil an de Leefer am Laf vun der Spillreform zum Schluss vum 15. Joerhonnert hat de Kuréier warscheinlech als Uregung gedéngt. Datt déi lëtzebuergesch Bezeechnung „Leefer“ op de Kuréier zeréckgeet, läit jiddefalls no. Donieft gouf anscheinend och an anere mëttelalterleche Schachvarianten (noweislech beim Grande Acedrex) mat enger Figur, déi dem Leefer entsprécht, experimentéiert.

De Leefer an deenen dräi Spillphasen

[änneren | Quelltext änneren]

An der Erëffnung

[änneren | Quelltext änneren]

An der Ufanksphas vun enger Partie, der Erëffnung, ass ee bestrebt, d'Leefere méiglechst séier z'entwéckelen, d. h. se an eng strateegesch gënschteg Positioun ze bréngen. Eng Alternativ zur Positionéierung vun de Leefer an der Géigend vum Zentrum ass d'Fianchettéieren, d. h. d'Opstelle vun de Leeferen un de Flanken, wat engersäits eng defensiv Variant duerstellt, mä anerersäits och laangfristeg op d'Kontroll vum Zentrum ausgeriicht ass.

Am Mëttelspill

[änneren | Quelltext änneren]

No der Erëffnungsphas, am Mëttelspill, kënnen ongläichfaarweg Leeferen am Ugrëff op de géigneresche Kinnek zesumme mat der Damm an/oder dem Tuerm vun Avantage sinn, well den Ugräifer praktesch eng Figur am Virdeel ass (wann de Leefer schwaach Felder oder Baueren ugräift, kann de géigneresche Leefer se net verdeedegen). Eng exzellent Positioun stelle fir d'Leeferen d'Felder viru réckstännege Baueren duer; hei kënne se nëmme schwéier ugegraff ginn a se leeschten e gudde Bäitrag fir eegen Ugrëffsbeméiungen.

D'Mattsetze mat zwéi Leeferen a Kinnek géint Kinnek ass onproblematesch, wärend ee mat nëmmen engem Leefer och theoreetesch, bei schlechtestem géigneresche Spill, onméiglech matt setze kann. Endspiller mat ongläichfaarwege Leefer bidden dacks bei liichtem Materialnodeel (zum Beispill e Bauer) Chancen op e Remis.

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Leefer, déi duerch eege Baueren an hirer Beweegungsfäegkeet ageschränkt sinn - andeems dës Baueren op Felder vun der selwechter Faarf wéi de Leefer stinn - nennt ee schlechte Leefer.
  • Vun ongläichfaarwege Leefere schwätzt een, wa wäiss nëmmen e schwaarzfeldregen a schwaarz nëmmen e wäissfeldrege Leefer besëtzt, oder ëmgedréint.
  • Am Endspill Kinnek, Leefer a Randbauer géint Kinnek schwätzt ee vum falsche Leefer, wann dësen net d'Ëmwandlungsfeld vum Bauer iwwerdecke kann.
Commons: Leefer – Biller, Videoen oder Audiodateien