Schachmatt

Vu Wikipedia

E Schachmatt, oder einfach nëmme Matt, ass eng Stellung am Schachspill, bei där e Kinnek am Schach steet, an en dem Schach net entkomme kann. Mat engem Schachmatt ass d'Schachpartie eriwwer, an dee Spiller, deem säi Kinnek schachmatt gesat gouf, huet verluer.

Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff kënnt ursprénglech aus dem Perseschen: شاه مات‎‎ Schāh Māt heescht „De Kinnek (Schah) ass iwwerfall/geschloen/hëlleflos“. D'Iwwersetzung „De Kinnek ass doud“ ass dogéint ongenee.[1]

Mattstellung[änneren | Quelltext änneren]

Schachmatt

Et gëtt dräi Méiglechkeeten e bedreete Kinnek aus dem Schach ze retten:

  1. Ewechzéie vum Kinnek op en net ugegraffent Feld
  2. Eng Figur oder e Bauer tëscht den Ugräifer an de Kinnek zéien (net méiglech bei engem Ugrëff duerch e Sprénger oder e Bauer)
  3. Schloe vun der Figur déi ugräift

De Kinnek ass also schachmatt, wann et no engem Schach keng vun dëse Méiglechkeete gëtt.

Wann e Matt duerch e Sprénger verursaacht gëtt, a wann de bedreete Kinnek deem nëmmen dowéinst net entgoe kann, well him déi eege Figuren jiddwer Auswee verstellen, da schwätzt ee vun engem erstéckte Matt.

An der Schachnotatioun, also der Opzeechnung vun de Schachzich, gëtt eng Mattsituatioun mat „#“ oder seelen och mat „++“ gekennzeechent.

Mattbild[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black cross
b8 black cross
c8 black cross
h8 black king
b7 white queen
g7 black cross
h7 black cross
g6 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Mat engem Zuch op déi markéiert Felder kann déi wäiss Damm de schwaarze Kinnek schachmatt setzen.

Matt ass en heefegt taktescht Motiv a Kombinatiounen. Ënner engem Mattbild oder Mattmotiv versteet een heefeg virkommend Mustere vu Figurenopstellungen an Zuchfolgen, déi zum Schachmatt féieren. An der Schachkompositioun si besonnesch sougenannte reng Mattbiller gefrot, dat heescht ökonomesch Mattbiller, zu deenen all Figuren um Briet bäidroen a bei deenen dem Kinnek jiddwer Feld nëmmen duerch eng eenzeg Figur geholl gëtt (Mustermatt, Idealmatt). Elementar Mattféierunge kënnen ouni Kenntnis vu verschiddene Mattbiller kaum systematesch realiséiert ginn. Bekannt Mattmotiver fanne sech (zesumme mat taktesche Motiver) an der Kategorie:Mattbiller.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "The King Isn't Dead After All! The Real Meaning of Shah Mat or the Lesson of the Commode", Jan Newton, GoddessChess.com, September 2003