Erëffnung (Schach)

Vu Wikipedia
Ufanksstellung am Schach

D'Erëffnung ass déi éischt Phas vun enger Schachpartie. Si ëmfaasst déi éischt 10-15 Zich vun enger Partie an hält no der Entwécklung vun de Figuren op, duerno kënnt d'Mëttelspill. Jee nodeem, wat fir Figure fir d'éischt gezu ginn, schwätzt ee vun enger oppener, hallefoppener oder zouener Partie.

Ufankszich[änneren | Quelltext änneren]

Am heefegste fänkt Wäiss mat e4 un. Dësen Zuch gouf bis an dat 20. Joerhonnert dacks als eenzege verstännegen Ufankszuch gesinn. De Rauser sot: „1. e4 a Wäiss gewënnt“. Méi virsiichteg huet et de Fischer ausgedréckt: „Ech weess net, wat Gott géint mech op 1. e4 äntwere géif.“ Well den Zuch e4 den Entwécklungsprinzip am meeschte betount, gëtt e fir Ufänger virgeschloen.

Populär Erëffnungen[änneren | Quelltext änneren]

Numm vum System ECO-Code Charakteristesch Zich Grondiddi Bemierkenswäertes
Italieenesch C50-C54
  1. e4 e5
  2. Sf3 Sc6
  3. Lc4 Lc5
Kampf ëm den Zentrum a Kinneksugrëff. Ee vun de Klassiker vun der Schachgeschicht, zanter dem 15. Joerhonnert bekannt. A méi rezenter Zäit hunn de Bobby Fischer, de Wladimir Kramnik an de Garri Kasparow heiansdo d'italienesch Partie gespillt a se mat neien Iddie versuergt.
Spuenesch C60-C99
  1. e4 e5
  2. Sf3 Sc6
  3. Lb5
Kampf ëm den Zentrum mat engem Universum un takteschen a strateegesche Méiglechkeete fir béid Säiten. Ëmfaassend analyséiert, mat gudde Méiglechkeeten, duerch ëmfaassend theoreetesch Virbereedung en Erëffnungsvirdeel ze kréien. Zanter dem 16. Joerhonnert duerch d'Analys vum Ruy López bekannt; am englesche Sproochraum dowéinst Ruy López Opening genannt. Eng vun deenen eelsten a gläichzäiteg aktuellen Erëffnungen. A bal jiddwer Weltmeeschterschaftskampf vun der méi jonker Schachgeschicht en Theema.
Kinneksgambit C30-C39
  1. e4 e5
  2. f4
Direkte Kinneksugrëff duerch Afferen. Wëlle Kampf mat héijem Risiko fir béid Säiten. De Renner vum 19. Joerhonnert, aus der „romantescher“ Period. Am 20. Joerhonnert ass dës Erëffnung fir d'éischt an Ongonscht geroden, beispillsweis hunn de Rudolf Spielmann an de José Raúl Capablanca offälleg Kommentarer doriwwer geschriwwen. Duerno huet d'Erëffnung, wéinst erfollegräichen Iddie vu Spiller wéi dem Alexander Aljechin, dem Paul Keres, dem Michail Tal, dem Robert Fischer an dem Boris Spasski e Comeback erlieft.
Franséisch C00-C09
  1. e4 e6
Schwaarz sicht festen Halt am Zentrum, hëlt eng gedréckte Stellung a Kaf a sicht duerno de Géigenugrëff. Wäiss sicht meeschtens d'Initiativ um Kinneksfligel, Schwaarz sicht Géigespill um Dammefligel. Näischt fir Ongedëlleger, mä de Michail Botwinnik, de Viktor Kortschnoi an den Nigel Short hu gutt Resultater domat erziilt. Dës Erëffnung ass duerch Analyse vum Lucena zanter dem 15. Joerhonnert bekannt. Mä si krut hiren Numm duerch ee Korrespondenzmatch 1834 tëscht Paräis a London, bei deem si vun de franséische Spiller e puermol gespillt gouf.
Caro-Kann B10-B19
  1. e4 c6
D'Iddi ass änlech wéi bei Franséisch, mat dem Ënnerscheed, datt de Wee vum wäissfeldrege Leefer net verstellt gëtt. Schwaarz sicht eng fest Positioun, duerno d'Befreiung an de Géigenugrëff. Wäiss sicht d'Initiativ, éier Schwaarz seng Positioun befreie kann an zum Géigespill kënnt. Bekannt zanter dem 16. Joerhonnert. Benannt no dem Berliner Schachspiller Horatio Caro an dem Wiener Markus Kann, déi dëse System 1890 seriös analyséiert hunn. Dem Anatoli Karpow seng Liblingsverdeedegung. Dacks ergëtt sech en iwwerraschend wëllt, zweeschneidegt Spill aus dem sou virsiichtegen Ufank.
Sizilianesch B20-B99
  1. e4 c5
Asymmetresche Kampf ëm den Zentrum mat dynameschem an dacks aggressivem Spill op béide Säiten. Dës Erëffnung ass zanter dem spéide 16. Joerhonnert an Italie bekannt a krut hiren Numm vum Gioacchino Greco am 17. Joerhonnert. An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert war si déi beléiftest Erëffnung vun den Champions. De Garri Kasparow an de Robert Fischer hu se dacks an hire Weltmeeschterschaftskämpf agesat.
Pirc-Verdeedegung B07-B09
  1. e4 d6
Schwaarz geet der Iddi no, den Zentrum ze kontrolléieren amplaz en ze besetzen. Hien erlaabt Wäiss d'Bildung vun engem Bauerenzentrum, den en duerno ze zerstéiere versicht. Dës Erëffnung ass an den 1960er Joren entstanen an ass benannt no dem jugoslawesche Groussmeeschter Vasja Pirc an dem sowjetesche Meeschter Anatoli Ufimzew.
Modern Verdeedegung B06
  1. e4 g6
Schwaarz sicht d'flexibel an dynamesch Entwécklung vu senge Figuren a léisst Wäiss fir d'éischt iwwer seing Pläng am Onkloren. Dacks kënnt et duerch Zuchëmstellung zur Pirc-Ufimzew-Verdeedegung. Am Géigesaz zu dëser ka Schwaarz awer fir d'éischt d'Initiative um Dammefligel sichen, éier en de Kinnekssprénger entwéckelt. En hëlt dofir den Nodeel a Kaf, datt Wäiss am Ufank am Zentrum d'Uewerhand huet. Och ënner den Nimm "Kinneksfianchetto" oder Robatsch-Verdeedegung bekannt, no dem éisträichesche Meeschter Karl Robatsch, dee se an den 1950er Jore gespillt huet. Hiren Numm an eng gewësse Popularitéit verdankt d'Erëffnung jonke brittesche Meeschteren, déi se an den 1970er Jore gespillt hunn.
Skandinavesch B01
  1. e4 d5
  2. exd5
Schwaarz strieft vum éischten Zuch un no enger Ëffnung a Berengegung vun der Situatioun am Zentrum. Hien hëlt dofir den Nodeel a Kaf, datt Wäiss entweeder en Entwécklungstempo oder e staarke Bauerenzentrum gewënnt, jee nodeem, op Schwaarz de Bauer direkt mat der Damm zeréck hëlt oder net. Dës Erëffnung gëtt vun der Weltklass nëmme seele gespillt. Schwaarz sicht seng Chancen am Iwwerraschungsmoment.
Ofgeleent Dammegambit D30-D39
  1. d4 d5
  2. c4 e6
Kampf ëm den Zentrum. Am Géigesaz zu den oppene Spillen, bei deenen den Akzent éischter op der Dynamik vum Figurespill an am oppenen taktesche Schlagoftausch läit, spillt am Dammegambit d'Struktur an d'Dynamik vun der Bauereketten eng wichteg Roll. Am Mëttelspill kënnt et dacks zu engem asymmetresche Kampf mat Ugrëff a Géigenugrëff un den entgéigegesetzte Fligelen. Och e Klassiker an Evergreen; schonn am 15. Joerhonnert bekannt a géint Enn vum 19. Joerhonnert, besonnesch vum Wilhelm Steinitz a vum Siegbert Tarrasch, analyséiert. Den Tarrasch huet d'Fortsetzunge mat 3.... Sf6 als "orthodoxen Dammegambit" bezeechent an huet amplaz d'"Tarraschverdeedegung" 3.... c5 proposéiert.
Ugehollent Dammegambit D20-D29
  1. d4 d5
  2. c4 dxc4
Schwaarz gëtt den Zentrum op an notzt d'Zäit aus, déi Wäiss brauch, fir d'Baueren zeréck z'erueweren, fir d'Figurenentwécklung. D'schwaarzt Problemkand am ofgeleenten Dammegambit, de wäissfeldrege Leefer, fënnt fräi Bunn op d'Spillfeld. Och e Klassiker: 1512 fir d'éischt analyséiert, an a moderner Zäit gläichzäiteg eng beléifte Wiel an Weltmeeschterschaftskämpf. Dës Erëffnung hat fréier e schlechte Ruff, well Schwaarz sech meeschtens un de Bauer klamert, mat der Entwécklung an d'Hannertreffe geroden ass a Schwieregkeete krut. Mat dem modernen, am 20. Joerhonnert ausgeschaffte Konzept, nämlech fräier Figurenentwécklung a Spill géint en isoléierte wäissen Dammebauer, gouf den ugehollenen Dammegambit zu enger vun deene séchersten an zoliddste Méiglechkeete fir Schwaarz géint d'wäiss Dammebaueren-Erëffnung.
Blackmar-Diemer-Gambit D00
  1. d4 d5
  2. e4 dxe4
  3. Sc3 Sf6
Wäiss affert mindestens ee Bauer, fir Erëffnungsvirdeel an hallefoppen/oppen Linnen (ganz besonnesch d'hallefoppen f-Linn) z'erhalen. D'Zil vum Wäissen ass et, net an d'Endspill ze kommen, mä de schwaarze Kinnek direkt unzegräifen. Schwaarz dogéint probéiert, säi Figurevirdeel z'erhalen an de géignereschen Ustuerm erfollegräich ofzewieren. Eng ganz seelen op Turnéiere gespillt Erëffnung, well si bei korrektem Géigespill meeschtens besser fir de Schwaarzen ass. Souwuel fir Wäiss, wéi och fir Schwaarz ass dës Erëffnung geféierlech an de klengste Feeler kann d'Partie entscheeden.
Nimzo-Indesch E20-E59
  1. d4 Sf6
  2. c4 e6
  3. Sc3 Lb4
Afloss op den Zentrum an Hemmung vum wäisse Baueernzentrum duerch Schwaarz. Schwaarz hëlt dofir den Nodeel a Kaf, datt Wäiss d'Leeferpuer besëtzt. Wäiss striewt idealerweis no der Sprengung vun der Blockad an der Ëffnung vum Spill zu Gonschte vu sengem staarke Leeferpuer. Schwaarz sicht Ugrëffsspill un engem Fligel oder d'Ofwécklung an e fir hie gënschtegt Endspill. Dem Aaron Nimzowitsch säi Vermächtnis un d'Schachwelt. Déifsënneg, villsäiteg a robust, ass et e beléiftene System bei deene stäerkste Meeschterspiller. Beispillsweis zielen d'Weltmeeschteren Anatoli Karpow, Michail Botwinnik a Viswanathan Anand zu sengen iwwerzeegten Unhänger.
Dammenindesch E11-E19
  1. d4 Sf6
  2. c4 e6
  3. Sf3 b6
D'Géigestéck zur Nimzowitsch-Indescher Verdeedegung, falls Wäiss fir d'éischt de Kinnekssprénger amplaz vum Dammesprénger entwéckelt. Vill taktesch a strateegesch Theemen aus der Nimzowitsch-Indescher Verdeedegung kommen an der dammenindescher erëm. Dëse System gouf an den 1920er Joren haaptsächlech vum Aaron Nimzowitsch, dem Alexander Aljechin an dem Efim Bogoljubow aus der Daf gehuewen.
Kinneksindesch E60-E99
  1. d4 Sf6
  2. c4 g6 nieft Lg7 an d6
Schwaarze Géigenugrëff géint den Zentrum; asymmetreschen, dacks dat ganzt Briet ëmspanende Kampf, dynamesch Bauereketten. Aggressivt, risikoräicht strateegescht Spill. Dëse System gouf an den 1920er Joren entwéckelt an an den 1940er Jore populär, wéi de Samuel Reshevsky, den Isaak Boleslawski an den David Bronstein domat brillant Victoiren erziilt hunn. A méi rezenter Zäit hunn de Robert Fischer an de Garri Kasparow zu sengen Unhänger gezielt.
Grünfeld-Indesch D80-D99
  1. d4 Sf6
  2. c4 g6
  3. Sc3 d5
Vun Ufank un en aktiivt an aggressiivt Spill géint de wäisse Bauerenzentrum. Dacks gëtt d'Spill direkt oppen an et kënnt zu engem geféierlechen taktesche Schlagoftausch. Dëse System gouf vum éisträichesche Meeschter Ernst Grünfeld 1922 erfonnt. En ass eng gutt Wiel fir Spiller, déi aggressivt Spill an taktesche Feinheete gär hunn an déi eng genee Virbereedung net fäerten. D'Weltmeeschtere Wassili Smyslow, Robert Fischer, Garri Kasparow a Viktor Kortschnoi zielen zu den Unhänger vun dëser Spillweis.
Benoni-Verdeedegung A60-A69
  1. d4 Sf6
  2. c4 c5
Am Haaptsystem, der moderner Benoni-Verdeedegung, entstinn beweeglech Bauerekette mat engem wäissen Iwwergewiicht am Zentrum an engem schwaarzen Iwwergewiicht um Dammefligel, déi dem Spill Spannung a Schäerft ginn. An deene méi alen a rouege Systemer kënnt et dacks zu änlechen Theeme wéi an der kinneksindescher Verdeedegung. Ugrëffsspiller, déi kee Risiko scheien, wéi de Michail Tal an de Robert Fischer, hunn an den 1950er an den 1960er Joren domat brillant Victoiren erzilt. Hautdesdaags herrscht d'Opfaassung vir, datt Wäiss déi schwaarz Initiativ am Zam halen an d'Uewerhand gewanne kann.
Hollännesch A80-A89
  1. d4 f5
Am méi alen Stonewall-System sicht Schwaarz d'Blockad vum Zentrum an den Ugrëff um Kinneksfligel. Hien hëlt dofir fir d'éischt eng beengt Stellung a verzögert Entwécklung a Kaf. Am méi moderne Leningrader System bleiwen d'Baueren am Zentrum beweeglech. Et entsteet en zweeschneidegen an dynamesche Kampf, dee sech iwwer dat ganzt Briet erstrecke kann. Hiren Numm verdankt dës Erëffnung enger Analys vum Hollänner Elias Stein aus dem Joer 1789. Méi heefeg gouf d'Erëffnung awer eréischt am 20. Joerhonnert gespillt. De Michail Botwinnik huet zanter den 1930er Joren de Stonewall-System zu enger wierksamer Waff ausgebaut. De Leningrader System ass an den 1970er Joren duerch d'Aarbecht vun enger Grupp aus jonke Leningrader Schachmeeschter entstanen, ënner hinnen de Viktor Kortschnoi. Aner Meeschter, déi gär an erfollegräich d'Hollännesch Verdeedegung gespillt hunn, waren den Dän Bent Larsen an a méi rezenter Vergaangenheet den Nigel Short, de Wladimir Kramnik an den Artur Jussupow.
Englesch A16-A39
  1. c4
En enorm flexibelen, wäit verzweigte System, mat vill Méiglechkeeten an Iwwergäng an aner Systemer. Charakteristesch sinn dynamesch Bauereformatiounen an e liewege Kampf ëm den Zentrum. Hiren Numm verdankt dës Erëffnung dem Howard Staunton, dee si a sengem Match 1834 géint de St. Amant gespillt huet, an op dem Londoner Turnéier vun 1851. Populär gouf s'eréischt an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Och d'Weltmeeschtere Michail Botwinnik, Anatoli Karpow a Garri Kasparow ziele se zu hirem Repertoire.
Sokolski-Erëffnung oder Orang-Utan Deel vun A00[1]
  1. b4 nieft Lb2
Wäissen Ugrëff op den Zentrum an de Kinneksfligel, ënnerstëtzt duerch de Leefer op b2. Benannt no dem Alexei Sokolski, gouf dës Erëffnung schonn 1924 vum Savielly Tartakower gespillt, dee si am Geck no dem Orang Utan benannt huet, well hien déi wäitausgräifend Bauerenzich um Dammefligel (b2-b4-b5, a2-a4-a5, c2-c4) un d'Kloterbeweegunge vum Primat erënnert hunn. Op Amateur- a Veräinsspillerniveau dacks eng wierkungsvoll Iwwerraschung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schacherëffnungen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten[Quelltext änneren]

  1. A00 deckt onreegelméisseg Erëffnungen of.