Wsewolod Alfredowitsch Rauser
Ausgesinn
Wsewolod Alfredowitsch Rauser | |
---|---|
Gebuer | 16. Oktober 1908 |
Gestuerwen |
29. Dezember 1941 Sankt Péitersbuerg |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, UdSSR |
Aktivitéit | Schachspiller |
De Wsewolod Alfredowitsch Rauser (Всеволод Альфредович Раузер), gebuer de 16. Oktober 1908, a gestuerwen 1941 zu Leningrad wärend der Blockad, war e sowjetesche Schachspiller.
An den 1930er Joren huet en zu deene stäerkste russesche Spiller gehéiert, 1937 huet en et op déi 24. Plaz an der Weltranglëscht bruecht.
Bekannt gouf e virun allem wéinst senge villen neien Iddie fir Erëffnungen. D'Richter-Rauser-Variant vun der Sizilianescher Verdeedegung gouf no him an nom däitsche Schachspiller Kurt Richter benannt (1. e2-e4 c7-c5 2. Sg1-f3 d7-d6 3. d2-d4 c5xd4 4. Sf3xd4 Sg8-f6 5. Sb1-c3 Sb8-c6 6. Lc1-g5).
Sportlech Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Kompetitioun | + | - | = | Punkten | Plaz |
---|---|---|---|---|---|---|
1927 | Moskau, 5. UdSSR Championnat | 5 | 10 | 5 | 7½ vun 20 | 18-19 |
1929 | Odessa, 6. UdSSR Championnat | 3 | 2 | 0 | 3 vu 5 | 3 |
1931 | Moskau, 7. UdSSR Championnat | 5 | 4 | 8 | 9 vu 17 | 8-9 |
1933 | Leningrad, 8. UdSSR Championnat | 10 | 6 | 3 | 11½ vun 19 | 6 |
1934/35 | Leningrad, 9. UdSSR Championnat | 4 | 8 | 7 | 7½ vun 19 | 17 |
1937 | Tiflis, 10. UdSSR Championnat | 7 | 5 | 7 | 10½ vun 19 | 8 |