Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung

Vu Wikipedia
Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung
abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4
ECO E20-E59
Benannt no Aaron Nimzowitsch
Entsteet aus Indesch Verdeedegung
Aner Nimm Nimzowitsch-Indesch, Nimzo-Indesch

D'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen E20 bis E59 klassifizéiert.

D'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung fänkt mat follgenden Zich un:

1. d4 Sf6
2. c4 e6
3. Sc3 Lb4

Déi selwecht Stellung kann iwwer vill verschidden Zuchreiefollegen erreecht ginn, zum Beispill iwwer d'Keres-Verdeedegung 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Sc3 Sf6 oder iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. Sc3 Sf6 3. d4 Lb4.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Erëffnungssystem ass eent vun deene wichtegste Vermiechtnesser vum groussen Theoreetiker a Strateg Aaron Nimzowitsch un d'Schachwelt. Nom Max Euwe gouf d'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung fir d'éischt Kéier vum Alexander Aljechin géint den Akiba Rubinstein am Joer 1914 op engem Turnéier zu Sankt Petersburg gespillt. An den Turnéiere vun den 1920er Joren huet si sech lues a lues zu dem haitege wäitverzweigten Erëffnungssystem entwéckelt.

Strategesch Grondiddi[änneren | Quelltext änneren]

Hirer Grondiddi no ass déi schwaarz Verdeedegungsiddi en typescht Kand vum 20. Joerhonnert: Amplaz den Zentrum direkt mat de Baueren ze besetzen, hemmt a blockéiert Schwaarz et mat anere Mëttelen, vun de Fligelen hier. De Leefer op b4 fesselt an neutraliséiert de wäisse Sprénger, dee soss e Bauerevirmarsch am Zentrum ënnerstëtze kéint. De Bauer op e6 an de Sprénger op f6 hemmen de weidere Virmarsch vum wäissen Dammebauer, doriwwer eraus verhënnert de Sprénger op f6 d'weider Besetzung vum Zentrum duerch e4.

Schwaarz sicht d'Asymmetrie, an dat aktiivt an eegestännegt Géigespill. Am spéidere Verlaf vum Spill wäert e probéieren, jee no Spillsituatioun de gehemmte wäissen Zentrum direkt unzegräifen oder en Ugrëff an Duerchbroch un engem vun de béide Fligelen z'erzilen.

Eng asymmetresch Wendung déi dacks virkënnt, ass den Oftausch vum Leefer op b4 géint de Sprénger op c3, fir do e wäissen Doppelbauer entstoen ze loossen. Wäiss huet dann de Virdeel vum Leeferpuer, mais den Nodeel, datt seng Bauerestellung un Elastizitéit verluer huet.

Den Nimzowitsch selwer huet d'Erëffnung Ideal Dammegambit genannt. Domat wollt hien zum Ausdrock bréngen, datt de wäissen Zentrum sou wierksam gehemmt gëtt, wéi wann de schwaarzen Dammebauer am Zentrum stoe géif, mä ouni d'Nodeeler, déi Schwaarz als Nozéienden an der symmetrescher Bauereformatioun vum Dammegambit naturgeméiss huet.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Rubinstein-System[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
e3 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Rubinstein-System
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3

Dem Akiba Rubinstein säin Zuch 4. e3 befestegt den Zentrum. Verbonne mat 5. Se2 verhënnert en och d'Verdueblung vun de Baueren op der c-Linn a séchert laangfristeg déi wäiss Entwécklung vum Kinneksfligel hier. Den Nodeel dobäi ass, datt Schwaarz net vun Ufank un ënner Drock gesat gëtt a sou Geleeënheet kritt, a Rou säin eegent Spill opzebauen. De Rubinstein-System genéisst zanter den 1920er Joren e konstant gudde Ruff. Et ass eng ganz gutt Optioun fir Spiller, déi mat Wäiss léiwer de laangfristege positionelle Virdeel siche wéi e schaarfen Ugrëff. En ass zum Beispill eng beléifte Waff vum Ex-Weltmeeschter Anatoli Karpow.

Déi dräi Haaptäntwerte vu Schwaarz sinn:

4.... 0-0
4.... c5
4.... b6

Zousätzlech huet Schwaarz follgend Méiglechkeeten:

4.... d5
4.... Sc6
4.... Se4!?

4.... d5 kann duerch Zuchëmstellung zu de Varianten no 4.... 0-0 féieren, mä Wäiss kann och mat 5. a3 an d'Botwinnik Variant alenken, déi nom russesche GM Michail Botwinnik benannt ass. 4.... Sc6 ass d'Taimanow Variant, benannt nom russesche GM Mark Taimanow. Eng interessant Iddi ass 4.... Se4!?, wourop d'Partie dacks an d'Varianten no 4.... b6 iwwergeet, allerdéngs ka Wäiss och probéieren déi schwaarz Zuchreiefolleg auszenotzen.

4.... 0-0[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0

Déi flexibelst a meeschtgespillten Äntwert vu Schwaarz ass 4.... 0-0.

D'Haaptvariant ass 5. Ld3 d5 6. Sf3 c5 7. 0-0. An dëser Stellung sinn déi wichtegst Varianten:

7.... dxc4 8. Lxc4 Sbd7 (Parma-Variant)
7.... dxc4 8. Lxc4 cxd4 9. exd4 b6 (Karpow-Variant)
7.... dxc4 8. Lxc4 Sc6 9. a3 La5 (Larsen-Variant)
7.... Sc6 8. a3 Lxc3 9. bxc3 dxc4 10. Lxc4 Dc7 (Haaptvariant)
7.... Sc6 8. a3 Lxc3 9. bxc3 Dc7 (Chasin-Variant)
7.... Sbd7 (Awerbach-Variant)

Well Schwaarz mat der Haaptvariant vum Rubinstein-System relativ gutt gefuer ass, huet Wäiss zanter den 1980er Joren no engem anere Wee gesicht fir e Virdeel z'erreechen. Dohier spillt gëtt dacks Se2 amplaz vu Sf3 fir kënnen op c3 mat engem Sprénger zeréckzeschloen an doduerch Duebelbaueren ze vermeiden.

5. Se2 (Reshevsky-Variant)
5. Ld3 d5 6. Se2 (Modern Variant)
  • D'Reshevsky-Variant war eng Spezialitéit vum GM Samuel Reshevsky. D'Iddi vu Wäiss ass et, fir d'éischt de schwaarze Leefer mat a3 ze verdreiwen an dann de Sprénger vun e2 op méi een aktiivt Feld ze stellen. D'Haaptvariant ass 5. Se2 d5 6. a3 Le7 7. cxd5, wourop souwuel 7.... exd5 wéi och 7.... Sxd5 méiglech sinn, wouvun dee leschten Zuch zu engem méi liewege Spill féiert. Momentan ass de GM Michail Gurewitsch de féierenden Expert vun dëser Variant.

4.... c5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 c5

Schwaarz setzt d4 ënner Drock a léisst sech d'Optiounen op fir... d5 oder... d6 an... e5 ze spillen. D'Partie kann nach ëmmer an d'Haaptvariant vu 4.... 0-0 féieren, zum Beispill duerch 5. Ld3 d5 6. Sf3 0-0 7. 0-0, mä et gëtt zwou bedeitend onofhängeg Varianten:

5. Ld3 Sc6 6. Sf3 Lxc3+ 7. bxc3 d6 (Hübner-Variant)
5. Se2 (Rubinstein-Variant)
  • D'Hübner-Variant gouf vum GM Robert Hübner an de spéide 1960er a 70er Jore populär gemaach an de Bobby Fischer huet se an der fënnefter Partie vun der Weltmeeschterschaft géint de Boris Spasski am Joer 1972 mat Erfolleg gespillt. Et ass ongewinnt, datt Schwaarz op c3 hëlt ouni ze waarden, datt Wäiss a3 spillt, mä hei ass et, well Schwaarz vir huet direkt eng schwaarzfeldreg Blockad mat... d6 an... e5 opzebauen. Dat ass nëmme méiglech, well de wäisse Sprénger op f3 ass. Wier en op e2, wéi a verschiddene Variante vun der Sämisch-Variant, kéint Wäiss séier seng Baueren um Kinneksfligel no vir stoussen, mä an dëser Variant misst de Sprénger fir d'éischt Plaz maachen. Andeems en d'Stellung zou mécht ka Schwaarz seng Sprénger dem wäisse Leeferpuer iwwerleeë maachen, an déi verduebelt c-Baueren huele Wäiss jiddwer Méiglechkeet fir ee Bauerenhiewelen um Dammefligel unzebréngen. Den Erfolleg vun dëser Variant huet zu der momentaner Tendenz vun de Wäiss-Spiller gefouert Varianten ze wielen, wou verduebelt c-Baueren evitéiert ginn. Wa Wäiss allerdéngs dës Variant spillt huet en zwou Haaptméiglechkeete fir sech opzestellen: hie kann direkt mat 8. e4 e5 9. d5 Se7 den Zentrum zou maachen oder mat 8. 0-0 e5 9. Sbd2 0-0 méi flexibel spillen, mä Schwaarz kann a béide Variante vollstänneg ausgläichen.
  • D'Rubinstein-Variant ass wéi 4. e3 nom Akiba Rubinstein benannt. Dohier gëtt 4. e3 am Allgemengen als Rubinstein-„System“ oder -„Komplex“ bezeechent fir eng Verwiesselung ze verhënneren. Dës Variant gläicht an hirem Charakter der Reshevsky-Variant, an deem Sënn datt Wäiss Schwaarz dorun hënnert d'c-Baueren ze verduebelen. No 5. Se2 mécht Schwaarz sengem Leefer mat 5.... cxd4 6. exd4 e Réckzuchswee op a kann dann tëscht 6.... d5 a 6.... 0-0 wielen. 6.... d5 erlaabt 7. c5, eng typesch Fortsetzung wier 7.... Se4 8. Ld2 Sxd2 9. Dxd2 a5 10. a3 Lxc3 11. Sxc3 a4. De wäisse Virstouss c4-c5 huet eng Baueremajoritéit um Dammefligel entstoe gelooss, déi vu Schwaarz duerch a7-a5-a4 neutraliséiert gouf. Schwaarz wäert elo probéieren de Rescht vun der wäisser Bauereformatioun duerch... b6 oder... e5 ze zerstéieren, wärend Wäiss probéiere wäert säin Entwécklungsvirsprong auszenotze fir um Kinneksfligel unzegräifen. D'Alternativ ass 6.... 0-0 7. a3 Le7. An dëser Stellung huet de Kasparow e puermol a senger fréier Karriär 8. d5 exd5 9. exd5 gespillt, wouduerch e Raum gewënnt, mä an der Entwécklung zeréckfält. Méi ee sécheren Zuch fir Wäiss ass 8. Sf4.

4.... b6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 b6

Den Nimzowitsch selwer huet 4.... b6 favoriséiert. Dësen Zuch entsprécht ganz dem Nimzo-Indesche Geescht: Schwaarz fianchettéiert säi wäissfeldrege Leefer fir d'Kontroll iwwer e4 z'erhéijen. Wäiss spillt normalerweis 5. Se2 fir Duebelbaueren ze verhënneren oder 5. Ld3 fir d'Entwécklung virun ze dreiwen. 5. Sf3 féiert meeschtens zu de Varianten no 5. Ld3. D'Haaptvarianten no 4.... b6 sinn:

5. Sge2 La6 (Fischer-Variant)
5. Sge2 c5 (Romanyschyn-Psachis-Variant)
5. Sge2 Se4 (Amerikanesch Variant)
5. Sge2 Lb7
5. Ld3 Lb7 6. Sf3 0-0 7. 0-0 d5 (Klassesch Fianchetto-Variant oder Tal-Variant)
5. Ld3 Lb7 6. Sf3 0-0 7. 0-0 c5 (Keres-Variant)
5. Ld3 Lb7 6. Sf3 Se4 (Hollännesch Variant)
  • D'Fischer-Variant zielt dorop of d'wäissfeldreg Leeferen no... d5 ofzetausche fir datt Schwaarz op deene wäisse Felder spille kann. De Keres, de Bronstein an de Smyslow hu fréi zu der Theorie vun dëser Variant bäigedroe, an de Fischer huet se dacks mat Erfolleg gespillt. Wäiss kann 6. a3 spille an de Leefer op b4 befroen, wéi de Botwinnik et gemaach huet, oder 6. Ng3 spillen an doduerch e4 virbereeden, eng Iddi vum Reshevsky.
  • D'Hollännesch Variant gëtt sou genannt, well Schwaarz no 5. Ld3 Lb7 6. Sf3 Se4 meeschtens 7.... f5 spillt, wourop hin d'Stellung der Hollännescher Verdeedegung gläicht.

4.... d5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 d5

4.... Sc6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 Sc6

4.... Se4!?[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 Se4!?

Klassesch Variant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white queen
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Klassesch Variant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2

D'Klassesch Variant oder Capablanca-Variant, déi vum José Raúl Capablanca gär gespillt gouf, war an den 1930er a 40er Jore populär, mä se gouf schlussendlech vum Rubinstein-System iwwerholl. Laang Zäit huet dës Variant als langweileg a remisträchteg gegollt, mä nei Iddien, ënner anerem vum Ex-Weltmeeschter Garri Kasparow, verbonne mat schaarfen Ugrëffer ënner Afferen, hunn dës Variant an den 1990er Joren nees belieft an zu enger vun deene beléiftsten Optioune fir Wäiss gemaach. Hautdesdaags ass dës Variant geneesou heefeg wéi de Rubinstein-System. Duerch den Zuch 4. Dc2 probéiert Wäiss d'Leeferpuer ze kréien ouni d'Verdueblung vun de Baueren op der c-Linn zouzeloossen an d'Feld e4 gëtt kontrolléiert. Den Nodeel ass, datt d'Damm an der Erëffnung mindestens zweemol zitt an datt d'Entwécklung vum Kinneksfligel verzögert gëtt. Obwuel Wäiss d'Leeferpuer meeschtens kritt, ass et dacks am beschte fir Schwaarz d'Stellung op ze maachen an de wäissen Entwécklungsréckstand auszenotzen. Schwaarz huet véier Haaptäntwerten op 4. Dc2:

4.... 0-0
4.... c5
4.... d5
4.... Sc6

4.... 0-0[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 0-0

No 4.... 0-0 séchert sech Wäiss meeschtens d'Leeferpuer mat 5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3. Eng aner Méiglechkeet ass 5. e4, wat allerdéngs e bëssen inkonsistent mat 4. Dc2 ass, well Schwaarz am weidere Verlaf d'Méiglechkeet kéint kréie fir d'c-Baueren ze verduebelen, well d'Damm op Dc2 jo de Bauer op e4 decke muss.

5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 b6 7. Lg5 Lb7 8. f3 (Haaptvariant)
5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 b6 7. Lg5 Lb7 8. e3 d6 9. Se2 (Barejew-Variant)
5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 b6 7. Lg5 Lb7 8. Sf3 (Sokolov-Variant)
5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 Se4 (Hollännesch Variant)
5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 b5 (Vitolins-Variant)
5. e4 (Zentralvariant)

4.... c5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 c5

Den Zuch 4.... c5 notzt d'Tatsaach aus, datt d'Damm op c2 den d-Bauer net méi deckt. Wa Wäiss de Bauer verdeedegt, kritt Schwaarz en einfacht Spill andeems en den Drock op d4 oprecht erhält, dohier spillt Wäiss bal ëmmer 5. dxc5. Schwaarz ka mam Leefer zeréckschloen (zum Beispill 5.... Lxc5 oder 5.... 0-0 6. a3 Lxc5) oder mam Sprénger (no 5.... Sa6 oder 5.... 0-0 6. Sf3 Sa6). Am éischte Fall wäert de Leefer sech schliisslech op e7 zeréckzéien a Schwaarz wäert eng Igelstellung (mat Baueren op a6, b6, d6 an e6) ustriewen. Wa Schwaarz mam Sprénger zeréckschléit, muss en dacks d'Leeferpuer mat... Lxc3 opginn, mä de Sprénger steet nëtzlech op c5, vu wou aus en d'Damm op c3 mat... Se4 ugräife kann. 4.... c5 5. dxc5 0-0 (d'Pirc-Variant) war ee vun de Grënn firwat 4. Dc2 net an der Mëtt vum 20. Joerhonnert net sou populär war, well d'Varianten, wou Schwaarz de Bauer mam Sprénger zeréckhëlt, als einfache Wee zum Ausgläich ugesi goufen, wärend an der Variant, an där Wäiss dat Manöver verhënnert, 6. a3 Lxc5 7. Sf3 Sc6 8. Lg5 Sd4 9. Sxd4 Lxd4 10. e3 Da5 11. exd4 Dxg5, déi schwaarz Damm aktiv steet, wärend Wäiss nach ëmmer de Kinnek a Sécherheet brénge muss. Et war d'Entdeckung vun 12. Dd2!, déi dës Variant rehabilitéiert huet, well d'Endspill no 12.... Dxd2+ 13. Kd2 e liichte Virdeel fir Wäiss enthält. Tatsächlech huet den Edmar Mednis d'Bemierkung gemaach, datt déi ganz Pirc-Variant doduerch op héchstem Niveau onspillbar ginn ass, wärend Modern Chess Openings (MCO) dës Variant als Haaptproblem vu 4.... c5 opféiert. Trotzdeem ware Spiller wéi de Kramnik gewëllt, déi Schwaarz Säit vun dëser Variant ze verdeedege géint Spiller wéi de Kasparow.[1]

4.... d5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 d5

4.... Sc6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 Sc6

Dräi-Sprénger-Variant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
f3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Dräi-Sprénger-Variant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Sf3

D'Dräi-Sprénger-Variant 4. Sf3, och als Kasparow-Variant bekannt, ass nees populär, zanter datt de Garri Kasparow se wärend der Weltmeeschterschaft am Joer 1985 géint den Anatoli Karpow gespillt huet. Dës Stellung kann och iwwer d'Bogo-Indesch Verdeedegung entstoen.

4.... d5 féiert zur Ragosin-Variant vum Ofgeleenten Dammengambit. Déi onofhängeg Haaptzich sinn:

4.... c5
4.... b6 (Hybrid-Variant)
4.... 0-0

4.... c5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Sf3 c5

4.... b6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Sf3 b6

D'Hybrid-Variant hëlt hiren dohier, datt se och iwwer d'dammenindesch Zuchreiefolleg 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. Sc3 Lb4 entstoe kann. Hei sinn d'Haaptzich fir Wäiss:

5. Lg5
5. Db3
5. e3
  • Den Zuch 5. e3 huet bal keng eegestänneg Bedeitung a féiert meeschtens zum Rubinstein-System, allerdéngs ouni datt Wäiss d'Méiglechkeet huet, d'Variante mam Sprénger op e2 ze spillen. Schwaarz ka beispillsweis 5.... 0-0 6. Ld3 d5 7. 0-0 Lb7 mat Iwwergang an d'Klassesch Fianchetto-Variant spillen oder 5.... Se4 6. Dc2 Lb7 7. Ld3 f5 mat Iwwergang an d'Hollännesch Variant. Wat dës Iwwergäng betrëfft, sou si vill Zuchëmstellunge méiglech: Schwaarz kann an iergendenger Reiefolleg... Lb7,... 0-0 an... d5/... c5/... Se4 spillen, wärend Wäiss Ld3 an 0-0 spillt.

4.... 0-0[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Sf3 0-0

4. f3-Variant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
f3 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
4. f3-Variant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. f3

Dës Variant huet keen allgemeng akzeptéierten Numm, dohier schwätzt ee meeschtens vun der 4. f3-Variant. De Gligorić huet hir den Numm Gheorghiu-Variant ginn, nom Florin Gheorghiu, deen dës Variant a senger fréier Karriär dacks gespillt an domat souguer géint de Fischer gewonnen huet. Heiansdo gëtt se och Schirow-Variant genannt, nom Alexei Schirow, deen se an de fréien 1990er Jore mat Erfolleg gespillt huet, ier en dräi Partien hannereneen mat 4. f3 verluer an d'Variant opginn huet. No chess365.com heescht se Kmoch-Variant.

Mat 4. f3 probéiert Wäiss Kontroll iwwer e4 ze kréien - woubäi allerdéngs d'Entwécklung vernoléissegt gëtt - a stellt domat e Versuch duer dat schwaarzt Spill ze widderleeën, dat jo op Kontroll vum Feld e4 aus ass.

4.... d5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. f3 d5

4.... c5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. f3 c5

Leningrader Variant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
g5 white bishop
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Leningrader Variant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Lg5

An der Leningrader Variant beäntwert Wäiss d'Fesselung vu sengem Sprénger mat der Géigefesselung 4. Lg5. Et handelt sech dobäi ëm eng interessant Méiglechkeet, Schwaarz aus dem Konzept ze bréngen, well sech d'Spill ganz anescht entwéckelt wéi an deenen anere Variante vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung. D'Chance vu Schwaarz besteet doran, mat 4.... h6 5. Lh4 de wäisse Leefer ofzedrängen, soudatt en net méi um Dammefligel ugräife kann. Op c5 äntwert Wäiss meeschtens mat d5.

Den Numm krut dës Variant, well se vu staarke Meeschteren aus Leningrad dacks gespillt ginn ass, wéi zum Beispill vum Wladimir Sak, vum Boris Spasski, vum Viktor Kortschnoi a vum Alexander Tolusch.

D'Haaptvariant ass 4.... h6 5. Lh4 c5 6. d5 d6 7. e3 Lxc3+ 8. bxc3 e5, wa Schwaarz eng schwaarzfeldreg Blockad wéi an der Hübner-Variant opgestallt huet, allerdéngs mat dem Ënnerscheed, datt de wäisse schwaarzfeldrege Leefer ausserhalb vun der Bauereketten entwéckelt ass. Schwaarz sollt den takteschen Trick 6.... Sxd5?! vermeiden, well Wäiss no 7. Lxd8 Sxc3 8. Db3 Se4+ 9. Kd1 Sxf2+ 10. Kc1 Kxd8 11. Dg3! Sxh1 12. Dxg7 Tf8 am Virdeel ass.

Sämisch-Variant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
c4 white pawn
d4 white pawn
a3 white pawn
c3 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Sämisch-Variant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3

Dem Friedrich Sämisch säin Zuch 4. a3 fuerdert de Leefer op b4 direkt eraus. Schwaarz tauscht mat 4.... Lxc3+ 5. bxc3 de wäisse Sprénger géint de Leefer. Wäiss kritt ee kompakten Zentrum an d'Leeferpuer, wat een am entstoende Kampf fir e schaarft Ugrëffsspill auszenotze versicht, huet awer den Nodeel vum Doppelbauer op c3. Schwaarz probéiert doraus en Notzen ze zéien, andeems e seng Figure séier entwéckelt an de wäissen Zentrum mat Zich wéi c5 an d5 weider hemmt an aktiv ugräift.

5.... c5[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 c5

5.... 0-0[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 0-0

5.... b6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 b6

5.... d6[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 d6

Aner Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den Haaptvariante gëtt et ënner anerem nach follgend Méiglechkeeten:

4. g3 (Fianchetto-Variant)
4. Db3 (Spielmann-Variant)
4. Ld2
4. Dd3 (Mikenas-Variant)
4. e4 (Dilworth-Gambit)
  • D'Fianchetto-Variant, déi vum Oleh Romanischin agefouert gouf, gläicht der Katalanescher Erëffnung, wou Wäiss de Kinneksleefer fianchettéiert fir den Zentrum vum Kinneksfligel aus ënner Drock ze setzen. Schwaarz ka mat 4.... c5 5. Sf3 an den Dräi-Sprénger-System iwwergoen. Och méiglech sinn 4.... 0-0 oder 4.... d5, wouvun dee leschten Zuch als stäerkste gëllt, well Schwaarz bei Geleeënheet de Bauer op c4 huelen an dacks hale kann. Am Katalaneschen ass dat normalerweis net méiglech, well den Dammesprénger meeschtens op d2 entwéckelt gëtt, vu wou aus en op c4 zeréckhuele kann.
  • D'Spielmann-Variant ass nom Rudolf Spielmann benannt, deen dës Variant 1929 zu Karlsbad gespillt huet. Se gouf an de fréien 1930er Joren um Groussmeeschterniveau gespillt, mä kuerz drop gouf se vu 4. Dc2 wat d'Popularitéit betrëfft iwwerholl. Sou wéi d'Klassesch Variant verhënnert 4. Dd3 d'Verduebele vun den c-Baueren, mä am Géigesaz zu 4. Dc2 übt d'Damm keng Kontroll iwwer e4 aus. Schwaarz ka probéieren dat auszenotzen andeems en zum Beispill 4.... c5 5. dxc5 Sc6 6. Sf3 Se4 spillt.
  • 4. Ld2 gëtt dacks vun Ufänger gespillt fir de Sprénger z'entfesselen. Dësen Zuch ass net direkt schlecht, mä op méi héijem Niveau feelt et him u Kraaft. Dat strateegescht Zil, d'Leeferpuer ouni verduebelt Baueren ze kréien, gëtt net erreecht. Zum Beispill no 4.... 0-0 5. a3 Lxc3 6. Lxc3 Se4 kritt Wäiss d'Leeferpuer net a Figuren ofzetauschen ass net am Interessi vu Wäiss wéinst sengem Raumvirdeel.
  • D'Mikenas-Variant ass nom Vladas Mikėnas benannt. Den Zuch 4. Dd3 deckt de Sprénger op c3 a kontrolléiert d'Feld e4, mä d'Tatsaach, datt d'Damm op d3 relativ exposéiert steet, féiert dozou, datt dës Variant nëmme seele gespillt gëtt. Iwwergäng an d'Klassesch Variant si méiglech, ënner anerem wann déi wäiss Damm op c3 hëlt. Sou ass zum Beispill 4.... 0-0 5. a3 Lxc3 6. Dxc3 b6 7. Lg5 d'Haaptvariant vun der Klassescher Variant.
  • D'Dilworth-Gambit ass nom Vernon Dilworth benannt a gëtt ofgesi vun him selwer nëmmen extreem seele gespillt. Dem Dilworth seng Iddi war 4.... Sxe4 5. Dg4 Sxc3 6. Ld2. Allerdéngs ass d'Kompensatioun fir de wäisse Bauer äusserst zweiwelhaft.

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung ënner de Schlësselen E20 bis E59 klassifizéiert.

  • E20: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4
  • E21: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Sf3
  • E22: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Db3
  • E23: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Db3 c5 5. dxc5 Sc6
  • E24: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3
  • E25: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 c5 6. f3 d5 7.cxd5
  • E26: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 c5 6. e3
  • E27: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 0-0
  • E28: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 0-0 6. e3
  • E29: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. a3 Lxc3+ 5. bxc3 0-0 6. e3 c5 7. Ld3 Sc6
  • E30: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Lg5
  • E31: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Lg5 h6 5. Lh4 c5 6. d5 d6
  • E32: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2
  • E33: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 Sc6
  • E34: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 d5
  • E35: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 d5 5. cxd5 exd5
  • E36: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 d5 5. a3
  • E37: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 d5 5. a3 Lxc3+ 6. Dxc3 Se4 7. Dc2
  • E38: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 c5
  • E39: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. Dc2 c5 5. dxc5 0-0
  • E40: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3
  • E41: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 c5
  • E42: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 c5 5. Sge2
  • E43: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 b6
  • E44: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 b6 5. Sge2
  • E45: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 b6 5. Sge2 La6
  • E46: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0
  • E47: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Ld3
  • E48: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Ld3 d5
  • E49: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Ld3 d5 6. a3 Lxc3+ 7. bxc3
  • E50: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3
  • E51: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5
  • E52: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 b6
  • E53: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5
  • E54: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 dxc4 8. Lxc4
  • E55: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 dxc4 8. Lxc4 Sbd7
  • E56: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 Sc6
  • E57: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 Sc6 8. a3 dxc4 9. Lxc4 cxd4
  • E58: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 Sc6 8. a3 Lxc3 9. bxc3
  • E59: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Lb4 4. e3 0-0 5. Sf3 d5 6. Ld3 c5 7. 0-0 Sc6 8. a3 Lxc3 9. bxc3 dxc4 10. Lxc4

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Angus Dunnington: Nimzo-Indian Rubinstein: The ever popular main lines withe3. Everyman Chess, 2004, ISBN 1-85744-279-2
  • Bogdan Lalic: Classical Nimzo-Indian: The ever-popularQc2. Everyman Chess, 2001, ISBN 1-85744-262-8
  • Carsten Hansen: The Nimzo-Indian:e3. Gambit Publications, 2002, ISBN 1-901983-58-7
  • Chris Ward: Nimzo-Indian Kasparov Variation:Nf3 as popularised by Garry Kasparov. Everyman Chess, 2003, ISBN 1-85744-310-1
  • Chris Ward: Offbeat Nimzo-Indian. Everyman Chess, 2005, ISBN 1-85744-369-1
  • Chris Ward: Starting Out: The Nimzo-Indian. Everyman Chess, 2002, ISBN 1-85744-254-7
  • David Vigorito: Challenging the Nimzo-Indian. Quality Chess, 2007, ISBN 978-91-976005-5-2
  • Edward Dearing: Play the Nimzo-Indian. Everyman Chess, 2006, ISBN 1-85744-403-5
  • John Emms: The Nimzo-Indian: Move by Move. Everyman Chess, 2011, ISBN 1-85744-666-6
  • John Emms, Richard Palliser a Chris Ward: Dangerous Weapons: The Nimzo-Indian. Everyman Chess, 2006, ISBN 1-85744-424-8
  • Reinaldo Vera: Chess Explained: The Nimzo-Indian. Gambit Publications, 2008, ISBN 1-904600-72-7
  • Yuri Yakovich: Play thef3 Nimzo-Indian. Gambit Publications, 2004, ISBN 1-904600-16-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Garri Kasparow - Wladimir Kramnik, Tilburg 1997