Fesselung (Schach)

Vu Wikipedia

D'Fesselung am Schachspill ass eng Stellung, an där eng Figur net zéie kann, well se an der Wierkungslinn tëscht enger géignerescher Figur an dem eegene Kinnek oder engem wichtege Feld ass. Et gëtt dräi Zorte vu Fesselungen ënnerscheet:

  • Echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann iwwerhaapt net reegelkonform zéien.
  • Bal echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann nëmmen innerhalb vun der Wierkungslinn vun der géignerescher Figur zéien oder eventuell déi fesselnd Figur schloen.
  • Onecht Fesselung: déi gefesselt Figur ass streng no de Spillreegelen duerch d'Fesselung selwer net an hirer Beweegung ageschränkt.

Fesselunge sinn eng vun deenen heefegsten Elementer vun enger Schachtaktik. D'Fessele vun enger Figur bedeit meeschtens hir Schwächung. Et muss een och domat rechnen, datt de Géigner déi gefesselt Figur e puermol ugräift.

Prinzipiell Duerstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Echt Fesselung[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger echter Fesselung kann déi gefesselt Figur iwwerhaapt net reegelkonform zéien, well soss de kinnek am Schach stoe géif.

abcdefgh
8
b8 black knight
c8 black bishop
e8 black king
c6 black knight
b5 white bishop
d4 white pawn
e1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Echt Fesselung

Hei gëtt de schwaarze Sprénger op c6 duerch de wäisse Leefer op b5 gefesselt. De Sprénger op c6 kann net zéien.

Wäiss dreet am nächsten Zuch de Bauer op d4 no d5 ze zéien an de Sprénger z'erueweren.

Schwaarz kann d'Fesselung ophiewen, andeems en entweeder de Leefer no d7 stellt oder andeems en de Kinnek aus der Wierkungslinn vum wäisse Leefer wegzitt, zum Beispill no d8. Och mat Sb8-d7 wier d'Fesselung opgehuewen, allerdéngs ass dat e schwaachen Zuch, well dann de Sprénger duerch Lb5xc6 ee Sprénger verluer geet.

Bal echt Fesselung[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger bal echter Fesselung kann déi gefesselt Figur nëmmen innerhalb vun der Wierkungslinn vun der géignerescher Figur zéien. D'Wierkungslinn vun der géignerescher Figur ka se net verloossen, well se soss de Kinnek engem Schach aussetze géifen.

abcdefgh
8
e8 black king
b5 black bishop
a4 white bishop
b2 white knight
e1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Bal echt Fesselung

An dëser Stellung ass de schwaarze Leefer op b5 duerch de wäisse Leefer a4 gefesselt. Trotzdeem huet en d'Méiglechkeet ze zéien: E kann op c6 oder op d7 zéien oder awer de Leefer op a4 schloen. Aner Zich si fir de schwaarze Leefer net méiglech.

Onecht Fesselung[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger onechter Fesselung ass déi gefesselt Figur no de Spillreegelen duerch d'Fesselung selwer net an hirer Beweegung ageschränkt, e Wegzéie vun der gefesselter Figur kann awer de Verloscht vun der Figur, déi hanner hir stoung, zur Folg hunn. An dësem Fall ass d'Figur net un de Kinnek, mais zum Beispill un d'Damm gefesselt.

abcdefgh
8
e8 black king
c7 black queen
c6 black knight
c1 white rook
e1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Onecht Fesselung

Am Diagramm ass de schwaarze Sprénger op c6 duerch de wäissen Tuerm op c1 gefesselt. Géif de Sprénger zéien, da kéint den Tuerm déi schwaarz Damm schloen.

Schwaarz kann d'Fesselung ophiewen, andeems e seng Damm vun der c-Linn wegzitt.

abcdefgh
8
g8 black king
f7 black pawn
g7 black pawn
d6 black pawn
h6 black pawn
b4 black queen
d3 white bishop
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
b1 white rook
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Fesselung virun engem wichtege Feld
Schwaarz um Zuch

An dësem Diagramm ass déi schwaarz Damm duerch de wäissen Tuerm ugegraff. Dohanner steet keng Figur. Trotzdeem sollt d'Damm net vun der b-Linn wegzéien, well doss Tb1-b8# mat Matt dreet. Schwaarz muss dowéinst d'Damm fir den Tuerm afferen a steet op Verloscht.

abcdefgh
8
e8 black king
c7 black queen
c5 black knight
c1 white rook
e1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Mësslongen onecht Fesselung

An dëser Stellung bréngt d'Fesselung näischt. De gefesselte Sprénger zitt mat Schachgebot no d3. Duerno verléiert Wäiss den Tuerm op c1.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Turnéierpraxis[änneren | Quelltext änneren]

Moe - Whiteley
Studentenolympiad, 1966
abcdefgh
8
c8 black rook
f8 black rook
g8 black king
b7 black pawn
d7 black bishop
f7 black pawn
a6 black pawn
d6 white rook
f6 black queen
g6 black pawn
f5 black pawn
h5 black knight
e4 white pawn
g4 white queen
b3 white bishop
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
c1 white king
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung nom 21. Zuch vu Schwaarz
Moe - Whiteley
Studentenolympiad, 1966
abcdefgh
8
c8 black rook
f8 black rook
g8 black king
b7 black pawn
d7 black bishop
f7 black pawn
g7 black knight
a6 black pawn
g6 white rook
f5 black pawn
e4 white pawn
b3 white bishop
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
c1 white king
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung nom 23. Zuch vu Schwaarz

Am lénksen Diagramm fesselt de wäisse Leefer op b3 de schwaarze Bauer op f7. Dohier dréit dëse Bauer net zur Deckung vum Bauer op g6 bäi. De Bauer op g6 ass engersäits zweemol ugegraff, nämlech duerch d'Damm op g4 a - verdeckt - duerch den Tuerm op d6, anerersäits ass en nëmmen eng Kéier gedeckt, nämlech duerch déi schwaarz Damm (mais net duerch de Bauer op f7). An der Partie gouf dohier 22. Dxg6+ Dxg6 23. Txg6+ Sg7 gespillt.

Lo ass och de schwaarze Sprénger op g7 gefesselt (rietsen Diagramm). No 24. Th1-g1 huet Schwaarz opginn, well en de Sprénger verléiert.

Kräizfesselungen[änneren | Quelltext änneren]

A verschiddene Fäll kann een eng Fesselung och ofwieren, andeems een déi fesselnd Figur selwer fesselt.

Plaskett - Hempson
Meeschterschaft vun der British Chess Federation, 1988
abcdefgh
8
a8 black rook
g8 black king
a7 black pawn
c7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
b6 black queen
d6 black pawn
h6 black pawn
b5 white pawn
e5 black rook
f5 white pawn
b4 white pawn
e4 black knight
h4 white queen
e3 white rook
a2 white pawn
b2 white bishop
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung nom 22. Zuch vu Schwaarz
Plaskett - Hempson
Meeschterschaft vun der British Chess Federation, 1988
abcdefgh
8
e8 black rook
g8 black king
a7 black pawn
c7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
b6 black queen
d6 black pawn
h6 black pawn
b5 white pawn
f5 white pawn
b4 white pawn
c3 black knight
e3 white queen
a2 white pawn
b2 white bishop
g2 white pawn
h2 white pawn
e1 white rook
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung nom 25. Zuch vu Schwaarz

Am lénksen Diagramm ass de wäissen Tuerm op e3 vun der schwaarzer Damm ugegraff a gefesselt. 23. Tae1 (deckt den ugegraffenen Tuerm op e3) Sc3! elo ass de gefesselten Tuerm nach eng Kéier ugegraff, nämlech duerch de schwaarzen Tuerm op e5. 24. Dg3 deckt den Tuerm nach eng Kéier Txe3 25. Dxe3 Te8! Dëst ass eng Kräizfesselung. Déi wäiss Damm ass souwuel duerch déi schwaarz Damm gefesselt (bal echt Fesselung) wéi och duerch de schwaarzen Tuerm (onecht Fesselung, well beim Ewechzéie vun der Damm de wäissen Tuerm op e1 hänkt).

De Plaskett huet d'Partie op dëser Plaz opginn. Op 26. Dxb6 wier Txe1+ 27. Kf2 Te2+ nieft axb6 geschitt. No 29. Lxc3 Txa2 hätt Schwaarz eng Gewënnstellung gehat.

Entfesselung[änneren | Quelltext änneren]

Bal ëmmer ass et ze roden, eng Fesselung méiglechst bal opzehiewen, fir datt déi gefesselt Figur nees beweeglech gëtt. Dat ka follgendermoosse geschéien:

  • Ugrëff oder Oftausch vun der fesselnder Figur
  • Ophiewe vum Fesselungsgrond (meeschtens ass dat d'Ewechzéie vun der Figur déi hanner der gefesselter Figur steet aus der géignerescher Wierkungslinn; gëtt géint ee wichtegt Feld gefesselt, wéi zum Beispill e Mattfeld, da kann duerch d'Deckung vun dësem Feld och de Fesselungsgrond ewechfalen)
  • Dozweschestelle vun enger weiderer Figur an d'Wierkungslinn. Et entsteet dann eng Halleffesselung, déi allerdéngs net déi vollstänneg Beweegungsonfäegkeet vun deenen zwee Figure garantéiert an nom Ofzuch vun enger vu béide Figuren duerch d'Fesselung vun der anerer nees vun Nodeel si kann.

Beispillvariant aus der Tschigorin-Verdeedegung: 1. d2-d4 d7-d5 2. c2-c4 Sb8-c6 3. c4xd5 Dd8xd5 4. e2-e3 e7-e5 5. Sb1-c3 Lf8-b4 (Fesselung) 6. Lc1-d2 (Entfesselung) Lb4xc3 7. Ld2xc3 e5xd4 8. Sg1-e2 (Oprechterhalung vun der Fesselung) Lc8-g4 (Fesselung) 9. f2-f3 (Entfesselung).

Fesselungen ignoréieren[änneren | Quelltext änneren]

A verschiddene Fäll kann een eng onecht Fesselung och ignoréieren, nämlech wann et geléngt, Géigendrohungen opzestellen. E Beispill dofir ass de Seekadettematt an der Partie Kermury Sire de Legal - St. Brie, Paräis 1750. Wäiss ignoréiert d'Fesselung, affert seng Damm a setzt am Géigenzuch matt.

Ulrich Pixa - Przemysław Piotrowski

6. International Meeschterschaft U8
Sebnitz, 23. Oktober 2006

abcdefgh
8
a8 black rook
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
b7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
a6 black pawn
d6 black pawn
f6 black knight
e5 black knight
h5 black bishop
c4 white bishop
e4 white pawn
c3 white knight
e3 white bishop
f3 white knight
h3 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white queen
f2 white pawn
g2 white pawn
a1 white rook
f1 white rook
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung nom 10. Zuch vu Schwaarz

Am follgende Beispill trëtt e ganz änlecht Motiv op. Béid Spiller waren héchstens aacht Joer al.
1. e4 c5
2. d4 cxd4
3. c3 dxc3
4. Sxc3 Sc6
5. Lc4 Sf6
6. Sf3 d6
7. Le3 Lg4?
8. h3 Lh5
9. O-O a6
10. De2 Se5? (kuckt Diagramm)
11. Sxe5 Lxe2?
12. Lxf7 matt

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]