Leeferpuer

Vu Wikipedia

D'Leeferpuer ass e Begrëff aus dem Schachspill a bedeit, datt eng Säit souwuel de schwaarz- wéi och de wäissfeldrege Leefer besetzt. Den Ausdrock gëtt haaptsächlech benotzt, wann de Géigner net méi béid Leefer huet. „Wäiss huet d'Leeferpuer“ implizéiert also normalerweis, datt Schwaarz net méi béid Leefer huet, well en zum Beispill ee vu senge Leefer géint ee wäisse Sprénger ausgetosch huet. Bekannt Erëffnungen an deenen déi Situatioun optrëtt sinn d'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung an d'Winawer-Variant vun der Franséischer Verdeedegung.

Den Haaptvirdeel vum Leeferpuer géintiwwer vum „Spréngerpuer“ ass deen, datt d'Leefer an oppene Stellunge méi Reechwäit hunn, well se op enger Diagonal belibeg wäit zéie kënnen. Deejéinege Spiller, deen d'Leeferpuer huet, sollt dohier probéieren d'Stellung opzemaachen.

D'Tatsaach, datt et fir d'Leeferpuer en eegene Begrëff gëtt, kënnt vun der relativer Stäerkt vun zwéi Leefer géintiwwer vun anere Kombinatiounen aus zwou Liichtfiguren. Wärend de Leefer an de Sprénger soss ongeféier d'selwecht staark sinn (ongeféier 3 Bauereneenheeten), ass d'Leeferpuer an oppene Stellungen - also Stellungen ouni Baueren, déi blockéieren - dacks méi staark wéi ee Sprénger an ee Leefer oder zwéi Sprénger. En eenzele Leefer ass engem Sprénger net ënnerleeën, well seng grouss Reechwäit doduerch kompenséiert gëtt, datt en un eng bestëmmt Feldfaarf gebonnen ass. Beim Leeferpuer allerdéngs ergänze sech béid Leefer a kënnen sämtlech Felder um Briet erreechen. Dëse Virdeel weist sech z. B. beim Mattsetzen am Endspill: Wärend een de géigneresche Kinnek mat zwéi Sprénger (ouni weider Figuren oder Baueren op dem Briet) net forcéiert mattsetze kann an een dofir mat Sprénger a Leefer och als staarke Spiller eng gutt Technik brauch, ass et vergläichsweis einfach fir de Kinnek mam Leeferpuer mattzesetzen.