Dammenindesch Verdeedegung
{{Infobox Schacherëffnung
| Bild =
D'Dammenindesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen E12 bis E19 klassifizéiert.
D'Dammenindesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. d4 Sf6
- 2. c4 e6
- 3. Sf3 b6
Déi selwecht Stellung kann iwwer vill verschidden Zuchreiefollegen erreecht ginn, zum Beispill iwwer d'Englesch Verdeedegung 1. d4 e6 2. c4 b6 3. Sf3 Sf6 oder iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. Sf3 Sf6 3. Sf3 b6.
Varianten
[änneren | Quelltext änneren]Fianchetto-Variant
[änneren | Quelltext änneren]- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3
D'Fianchetto-Variant ass déi meeschtgespillte Variant vum Dammenindeschen. Den Zuch 4. g3 kontestéiert déi laang Diagonal h1-a8 andeems en d'Fianchettéierung vum wäisse Kinneksleefer virbereet. Déi heefegst schwaarz Äntwert wärend den 1970er Jore war 4.... Lb7, mä zanterhier ass 4.... La6 d'Haaptvariant. Eng drëtt Méiglechkeet, déi méi seele gespillt gëtt, ass 4.... Lb4+, mat der Iddi de manner nëtzleche schwaarzfeldrege Leefer ofzetauschen, allerdéngs huet Schwaarz an dëser Variant dacks eng liicht passiv Stellung.
- 4.... La6 (Modern Haaptvariant)
- 4.... Lb7 (Al Haaptvariant)
- 4.... Lb4+
Petrosjan-Variant
[änneren | Quelltext änneren]- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. a3
D'Petrosjan-Variant, déi hiren Numm vum sowjetesche GM Tigran Petrosjan huet, gouf dacks vum Garri Kasparow a senger fréier Carrière gespillt. Den Zuch 4. a3 preparéiert 5. Sc3, ouni datt de Sprénger duerch... Lb4 gefesselt ka ginn. Déi dräi Haaptzich vu Schwaarz sinn:
- 4.... Lb7
- 4.... La6
- 4.... c5
4. Sc3
[änneren | Quelltext änneren]- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. Sc3
No 4. Sc3 ka Schwaarz mat 4.... Lb4 an d'Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung iwwergoen oder 4.... Lb7 spillen. Op dësen Zuch kann d'Partie mat 5. a3 an d'Petrosjan-Variant iwwergoen, woubäi Wäiss 4. a3 c5 5. d5 La6 oder direkt 4.... La6 emgaang huet. Dee méi alen Zuch ass 5. Lg5, wourop Schwaarz no 5.... h6 6. Lh4 g5 Lg3 Sh5 8. e3 Sxg3 9. hxg3 Lg7 gutt Ausgläichschancen huet. Alternativ ka Schwaarz erëm mat 5.... Lb4 an d'Dräi-Sprénger-Variant vum Nimzo-Indeschen iwwergoen oder mat 5.... Le7 6. e3 0-0 7. Ld3 d5 an d'Ofgeleent Dammegambit.
Aner Varianten
[änneren | Quelltext änneren]Nieft den Haaptvariante gëtt et ënner anerem nach follgend Méiglechkeeten:
- 4. e3
- 4. Lf4 (Miles-Variant)
- 4. Lg5
- D'Miles-Variant ass nom Tony Miles benannt. Den Zuch 4. Lf4 entwéckelt einfach e Leefer op e gutt Feld. Trotz engem gewëssen Erfolleg vum Miles an dëser Variant, ass dës Iddi ni populär ginn.
Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
[änneren | Quelltext änneren]An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Dammenindesch Verdeedegung ënner de Schlësselen E12 bis E19 klassifizéiert.
- E12: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6
- E13: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. Sc3 Lb7 5. Lg5 h6 6. Lh4 Lb4
- E14: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. e3
- E15: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3
- E16: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Lb4+
- E17: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7
- E18: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7 6. O-O O-O 7. Sc3
- E19: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7 6. O-O O-O 7. Sc3 Se4 8. Dc2 Sxc3 9. Dxc3
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Andrew Greet: Play the Queen's Indian. Everyman Chess, 2009, ISBN 1-85744-580-5
- Jacob Aagard: Queen's Indian Defence. Everyman Chess, 2002, ISBN 1-85744-300-4
- John Emms: Starting Out: The Queen's Indian. Everyman Chess, 2004 ISBN 1-85744-363-2
- Jouni Yrjölä a Jussi Tella: The Queen's Indian. Gambit Publications, 2003, ISBN 1-901983-90-0
- Peter Wells: Chess Explained: The Queen's Indian. Gambit Publications, 2006, ISBN 1-904600-49-2