Bird-Erëffnung

Vu Wikipedia
Bird-Erëffnung
abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
f4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
d2 white pawn
e2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. f4
ECO A02-A03
Benannt no Henry Edward Bird
Entsteet aus Ausgangsstellung
Aner Nimm Hollänneschen Ugrëff

D'Bird-Erëffnung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen A02 bis A03 klassifizéiert.

D'Bird-Erëffnung fänkt mam follgenden Zuch un:

1. f4

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bird-Erëffnung gëtt schonn am Luis Ramírez de Lucena sengem Buch Repetición de Amores y Arte de Ajedrez con ci luegos de Partido (zirka 1497) ernimmt. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert gouf dës Erëffnung ënner anerem heiansdo vum La Bourdonnais a vum Elijah Williams gespillt. De brittesche Meeschter Henry Edward Bird huet se 1855 fir d'éischt gespillt an huet se vun do un 40 Joer laang ëmmer nees benotzt. 1885 gouf dës Erëffnung an der Hereford Times no him benannt.[1] An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hunn den Aaron Nimzowitsch an de Savielly Tartakower heiansdo 1. f4 gespillt.[2] Méi rezent fanne sech ënner de Groussmeeschteren, déi d'Bird-Erëffnung reegelméisseg gespillt hunn, de Bent Larsen, den Andrew Soltis de Lars Karlsson an de Michail Gurewitsch.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Haaptvariant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
d5 black pawn
f4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
d2 white pawn
e2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Haaptvariant
  • 1. f4 d5

Déi heefegst schwaarz Äntwert ass 1.... d5, wouduerch d'Partie de Charakter vun enger Hollännescher Verdeedegung mat vertoschene Faarwen unhuele kann. Wäiss huet fënnef Haaptméiglechkeete fir sech opzebauen:

Klassesche Bird mat f4, Sf3, e3, Le2, 0-0 an d3
Bird-Larsen-Ugrëff mat f4, Sf3, e3, b3 an Lb2
Leningrad-Bird mat f4, Sf3, g3, Lg2, 0-0 an d3
Antoschin-Variant mat f4, Sf3, d3, c3, Dc2 an e4
Stonewall-Ugrëff mat f4, Sf3, e3, d4, Ld3, 0-0 an c3

From-Gambit[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e5 black pawn
f4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
d2 white pawn
e2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
From-Gambit
  • 1. f4 e5

Den Zuch 1.... e5!? ass nom dänesche Schachmeeschter Martin Severin From benannt. Dëst Bauerenaffer gëtt vu Wäissspiller meeschtens ugeholl, méiglech ass awer och en Iwwergang an d'Kinneksgambit mat 2. e4. Op 2. fxe5 huet Schwaarz d'Wiel tëscht dem ongewéinlechen Zuch 2.... Sc6 an der Haaptvariant 2.... d6. No 2.... Sc6 recommandéiert den Internationale Meeschter Timothy Taylor 3. Sc3! Sxe5 4. e4 nieft 5. d4, wougéint Schwaarz no 3. Sf3?! g5! gutt steet.[3] No der Alternativ 2.... d6 3. exd6 Lxd6 drot Schwaarz Matt an dräi Zich (4. -- Dh4+ 5. g3 Dxg3+ 6. hxg3 Lxg3#), dowéinst spillt Wäiss am beschten 4. Sf3 (déi selwecht Stellung kann och iwwer 3. Sf3 dxe5 4. Sxe5 Ld6 5. Sf3 entstoen, allerdéngs huet Wäiss an dësem Fall d'Alternativ 5. d4). Doropshin huet Schwaarz zwéin Haaptzich:

4.... g5 (Lasker-Variant)
4.... Sf6 (Mestel-Variant)

Lasker-Variant[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. f4 e5 2. fxe5 d6 3. exd6 Lxd6 4. Sf3 g5

Den Emanuel Lasker huet den Zuch 4.... g5 an der Partie Henry Edward Bird - Emanuel Lasker, Newcastle on Tyne 1892 agefouert.[4] D'Iddi hanner 4.... g5 ass et, de Sprénger op f3, deen de Matt verhënnert, ze verdreiwen. Dem Taylor no ass dësen Zuch allerdéngs zweiwelhaft: eng roueg Variant, déi senger Meenung no besser fir Wäiss ass, ass 5. d4 g4 6. Se5! (6.... Sg5? féiert zu engem zweiwelhafte Figurenaffer) 6.... Lxe5 7. dxe5 Dxd1+ 8. Kxd1 Sc6 9. Sc3! Le6 (9.... Sxe5?! 10. Lf4 f6 11. Sd5 Kd8 12. Sxf6!) 10. Lf4 0-0-0+ 11. Ke1 Sge7 12. e3 Sg6 13. Lg5 Tdf8 14. Lf6 Thg8 15. Le2 Sgxe5 16. Tf1 „mat dem typesche Virdeel fir Wäiss, dee fir dës Variant charakteristesch ass“, nom Taylor.[5] Och de méi schaarfe Versuch 5. g3 g4 6. Sh4 gesäit hien als favorabel fir Wäiss un; als Haaptvariant gëtt en 6.... Se7 7. d4 Sg6 8. Sxg6 hxg6 9. Dd3 Sc6 (9.... Th5 10. Lg2, 9.... Sa6 10. c3) 10. c3 (10. Sc3? Sxd4! 11. Dxd4?? Lg3+ gewënnt déi wäiss Damm) 10.... Lf5 (10.... De7 11. Lg2! Ld7 12. Sd2 0-0-0 13. Se4! war favorabel fir Wäiss an der Partie Timothy Taylor - Julio Becerra-Rivero, Minneapolis 2005) 11. e4 De7 12. Lg2 0-0-0 13. Le3. Nom Taylor huet Wäiss e grousse Virdeel an alle Varianten, obwuel d'Spill extreem schaarf bleift, zum Beispill 13.... Tde8 14. Sd2, 13.... Txh2 14. Txh2 Lxg3+ 15. Kd1 Lxh2 16. exf5! Te8 17. fxg6! Dxe3 18. Dxe3 Txe3 19. gxf7 oder 13.... Ld7 (mat der Menace... Txh2!) 14. Lf2!.[6]

Mestel-Variant[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. f4 e5 2. fxe5 d6 3. exd6 Lxd6 4. Sf3 Sf6

Déi modern Alternativ 4.... Sf6 (mat der Drohung 5.... Sg4 an 6.... Sxh2!), déi nom Jonathan Mestel benannt ass, consideréiert den Taylor als onkloer. Als Haaptvariant gëtt hie 5. d4 Sg4 6. Dd3 c5 (6.... Sc6 7. c3 0-0 8. e4) 7. De4+ Le6 8. Sg5 Lxh2 9. Sxe6 Dh4+ 10. Kd2 fxe6 11. Txh2 Dg5+ 12. e3 Sxh2 13. Dxe6+ De7 14. Dc8+ Dd8 15. Lb5+ Sc6, a Wäiss huet d'Wiel tëscht 16. Dxb7 0-0 17. Lxc6 Tb8 a 16. Lxc6+ bxc6 17. Dxc6+ Kf7 18. Dxc5 Tf8, mat wëllem an zimmlech onkloerem a schwieregem Spill a béide Fäll.[7]

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Bird-Erëffnung ënner de Schlësselen A02 an A03 klassifizéiert.

  • A02: 1. f4
  • A03: 1. f4 d5

Partien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Timothy Taylor: Bird's Opening: Detailed coverage of an underrated and dynamic choice for White. Everyman Chess, 2005, ISBN 1-85744-402-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hooper & Whyld 1992, S. 40
  2. de Firmian 2008, S. 732.
  3. Taylor 2005, S. 181
  4. Taylor 2005, S. 150-151
  5. Taylor, S. 149-152
  6. Taylor 2005, S. 135-145
  7. Taylor 2005, S. 157-170