Harry Potter

Vu Wikipedia
Harry Potter
Createur Joanne K. Rowling
Ass en(g) literaresch Figur
Geschlecht männlech
Gebuer 31. Juli 1980
Aktivitéit Student, Direkter
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Aefaarf gréng
Universum
Present am Harry Potter
Wope vun Hogwarts

Den Harry Potter ass den Haaptpersonnage vun der literarescher Serie mam selwechten Numm déi vun der Joanne K. Rowling geschriwwe gouf.

Dem Harry Potter seng Welt[änneren | Quelltext änneren]

Seng Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Harry Potter ass en Zauberléierbouf op der Schoul vun Hogwarts (op Franséisch: "Poudlard"). Et ass virgesinn, datt seng Aventuren a 7 Bicher iwwer 7 Joer zu Hogwarts erzielt ginn.

Seng Eltere waren allen zwee Zauberer. Si si vum freechlesche Lord Voldemort doutgemaach ginn. Dee schwaarzen Zauberer wollt och den Harry doutmaachen, wéi deen ee Joer hat. Mä den Zaubersproch huet net funktionéiert, an de Voldemort ass verschwonnen. Hien huet awer dem Harry e Läinzeechen a Form vun engem Blëtz op senger Stier gelooss. De Voldemort ass hallef zerstéiert gi vum Fluch, deen hien op den Harry gehäit hat. Hien ass awer e gefaartenen Zauberer bliwwen. Kee Mënsch ass sou kéng, säin Numm ze soen, hie gëtt "Deen-deem-säin-Numm-een-net-daarf-soen" oder nach "Dir-wësst-scho-ween" genannt.

Do ass hie bei säi Monni a seng Tatta, d'Dursleys, placéiert ginn. Den Harry hat et net einfach bei hinnen. Si hu seng Zauber-Donen net acceptéiert. Si si Muggles, dat heescht datt si keng Zauberer sinn. Wéi en 11 Joer kritt huet, ass den Harry invitéiert ginn, fir de Schoulufank op Hogwarts ze kommen. Mä säi Monni a seng Tatta hunn d'Bréiwer verbrannt éier den Harry se liese konnt. Si wollten net datt den Harry en Zauberer gëtt. Well keng Äntwert komm ass, sinn nei Bréiwer vum Direkter geschéckt ginn, ouni Succès. Do huet deen den Hallefris Rubeus Hagrid geschéckt, fir den Harry ze sichen.

Zu Hogwarts léiert den Harry zwéi gutt Kolleege kennen: De Ron Weasley an d'Hermione Granger. Si begleeden hien a sengen Aventuren. Och den Hagrid gëtt ee Kolleeg. Hie war en ale Schüler vun der Schoul, deen d'Schoul net fäerdeg gemaach huet. Hien ass elo de Wiechter vun Hogwarts a wunnt an enger klenger Häip am Park vum Schlass vun Hogwarts.

Den Hagrid gëtt am Harry sengem 3. Schouljoer Professer fir magesch Kreaturen ze fleegen.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  1. Harry Potter and the Philosopher's Stone (de: "Harry Potter und der Stein der Weisen", fr: "Harry Potter à l'école des sorciers" (1997))
  2. Harry Potter and the Chamber of Secrets (de: "Harry Potter und die Kammer des Schreckens" fr.: "Harry Potter et la chambre des secrets" (1998))
  3. Harry Potter and the Prisoner of Azkaban (de.: "Harry Potter und der Gefangene von Azkaban", fr: "Harry Potter et le prisonnier d'Azkaban" (1999))
  4. Harry Potter and the Goblet of Fire(de: "Harry Potter und der Feuerkelch", fr.: "Harry Potter et la coupe de feu" (2000))
  5. Harry Potter and the Order of the Phenix (de: "Harry Potter und der Orden des Phönix", fr.: "Harry Potter et l'Ordre du phénix"(2003))
  6. Harry Potter and the Half-blood Prince (de:"Harry Potter und der Halbblutprinz" fr.: "Harry Potter et le prince de sang-mêlé"(2005))
  7. Harry Potter and the Deathly Hallows (de: "Harry Potter und die Heiligtümer des Todes“ fr.: “Harry Potter et les Reliques de la Mort" (2007))

Am Oktober 2009 koum eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum éischte Band vun der Heptalogie eraus: Den Harry Potter an den Alchimistesteen, an d'Lëtzebuergescht iwwersat vun der Florence Berg, Kairos Édition, Lëtzebuerg, 2009, ISBN 978-2-919771-01-1.

Enn 2014 koum d'lëtzebuergesch Iwwersetzung vum zweete Band eraus, mam Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall (iwwersat vun der Florence Berg an dem Guy Berg), Kairos Édition, Lëtzebuerg 2014, ISBN 978-2-919771-19-6.

Am September 2019 koum d'Lauschterbuch vum éischte Band vun der Heptalogie eraus: Den Harry Potter an den Alchimistesteen, gelies vum Steve Karier, Kairos Edition, 2019, ISBN 978-2-919771-08-0.

Aner Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harry Potter – Biller, Videoen oder Audiodateien