Lauschterbuch

Vu Wikipedia

E Lauschterbuch (oder Audiobuch) ass den Text vun engem Buch, deen, integral oder gekierzt, virgelies an opgeholl gouf, an op Tounsupporten (CDen, Audiodateie z. B. am MP3-Format, fréier och Audiokassetten) kommerzialiséiert gëtt.

Lauschterbicher gi meeschtens vu Schauspiller virgelies, geleeëntlech och vum Auteur selwer oder vu soss prominente Persounen.

Wann dës Verkafsform am Ufank virun allem als Nischemaart fir Leit geduecht war, déi Problemer mat der Vue haten, oder net (gutt) liese konnten (z. B. Kanner), sou huet se sech spéider zu engem eegestännege Verwäertungscreneau vu Bicher, sief et Belletristik oder Saachbuch, etabléiert.

Et fält op, datt an englesch- oder däitschsproochege Länner, Lauschterbicher méi populär si wéi a franséischsproochegen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lauschterbicher – Biller, Videoen oder Audiodateien