Diskussioun:Odonymie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moie GilPe,

als weider Inspiratioun oder einfach als Literaturangabː Fernande Krierː "Synchronie dynamiqe de la microtoponymie d'Esch-sur-Alzette." Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (ed.)ː Bulletin linguistique et ethnologique 34 (2013), S.15-22.

--Zinneke (Diskussioun) 11:52, 11. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Moie Zinneke,
Merci, setzen et emol als Literaturangab derbäi a kucken mer d'Dokument emol an der BNL un. --GilPe (Diskussioun) 16:37, 11. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Vum Keeser Josef zum Churchill oder dach ëmgedréint?[Quelltext änneren]

Moien am Artikel (wéi och an der Quell op déi Bezuch geholl gëtt) steet, d'Winston-Churchill-Plaz wier am Krich a Kaiser Josef-Platz ëmgenannt ginn. Wa mer d'Géigendeel nom Krich logesch schéngt (datt eng Plaz, déi e "preiseschen" Numm hat, nom brittesche Premier genannt gi wier, sou kann ech mer schwéier virstellen, datt et scho virum Krich eng Chruchill-Plaz ginn hätt. Den Churchill huet seng Bekanntheet, op d'mannst an eise Géigenden, jo eréischt wärend dem Krich kritt... Weess deemno een, wou een nokucke kann, wéi dës Plaz virun 1940 housch? --Zinneke (Diskussioun) 14:34, 22. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

An der Publikatioun vum Wort vum 4. Oktober 1940 Die neuen Strassennamen hunn ech näischt iwwer dem Keeser Jupp seng Plaz fonnt, et sief ech hätt eppes iwwersinn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:20, 22. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Mëtteg,
Gutt Bemierkung... Ech hunn och nach e bësse gesicht. Et war esou: „Fréier“ housch d'Plaz „Place Joseph II“, gouf du vun de Preisen an „Kaiser Josef-Platz“ ëmgenannt a krut eréischt méi spéit den haitegen Numm „Place Winston Churchill“. Ech änneren den Artikel och an deem Sënn ëm. No ze liesen an [Ons Stad, 6/1981, S. 30]. --GilPe (Diskussioun) 16:12, 22. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]