Avenue du Rock'n'roll
Ausgesinn
![]() | |
Numm | fr: Avenue du Rock'n'roll |
---|---|
Längt | ca. 350 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Uertschaft | Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4361 |
Koordinaten |
49° 30’ 03.1’’ N 05° 56’ 46.5’’ O |
Genannt no | Rock 'n' Roll |
![]() |
D'Avenue du Rock'n'roll ass eng Strooss am Universitéitsquartier, op der Héichuewenterrass um Belval an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se leeft vun der Avenue des Hauts-Fourneaux a Richtung West-Südwest bis op d'Kräizung mat der Porte de France.
Um Enn vun der Strooss ass e Lift fir erop op de Vëlodukt Esch - Belval.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation ze bauen.
Den Numm ass en Homage un de Musekstil Rock'n'Roll.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Rockhal, e Concerts- an Evenementssall; offiziell Centre de musiques amplifiées ;
- Belval Plaza, en Akafszentrum mam Multiplex-Kino Kinepolis Belval a Wunnegen uewendriwwer;
- Massenoire, eng permanent Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg a vum Belval;
- Gebai fir ëffentlech Verwaltungen (ë. a. d'nationaalt Waasserwirtschaftsamt, d'Ëmweltverwaltung an d'national Dateschutzkommissioun).
- Lift fir op de Vëlodukt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Staatl. Verwaltungsgebai
-
Betribsgebai vun den Héichiewen (haut: Agora)
-
Rockhal
-
Massenoire
-
Plaz tëscht deenen zwee
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Avenue du Rock'n'Roll (Esch-sur-Alzette) – Biller, Videoen oder Audiodateien |