Place de l'Académie

Vu Wikipedia
Place de l'Académie
Längt ca. 250 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Postcode L - 4360
Koordinaten 49° 30’ 07’’ N
      05° 56’ 47.6’’ O

D'Place de l'Académie ass eng Plaz am Quartier Universitéit, op der Héichuewenterrass um Belval, an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se läit tëscht dem Gebai vun der fréierer Mëllerei (haut: Luxembourg Learning Centre - LLC) am Osten, der Avenue du Rock'n'roll am Süden, dem Belval Plaza 2 an dem zukünftege Gebai Icône am Osten, an der Rue de la Fonte am Norden.

Se läit eng gutt 5 m méi déif wéi de Rescht vun der Héichuewenterrass, an ass dofir, ausser iwwer en Zougank duerch de Passage de l'Académie, nëmmen iwwer Trapen a Lifter z'erreechen. Si ass fir motoriséierte Verkéier gespaart.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz vum Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation ze bauen.

Hiren Numm krut s'eréischt 2011, e puer Joer nodeems s'ugeluecht gi war.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de l'Académie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]