Ënnert den Héichiewen

Vu Wikipedia
Ënnert den Héichiewen
Bemierkung Foussgängerzon
Längt ca. 230 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Postcode L-4362
Koordinaten 49° 30’ 06.6’’ N
      05° 56’ 52.3’’ O

Ënnert den Héichiewen ass eng Strooss am Universitéitsquatier, op der Héichuewenterrass um Belval, an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se leeft vun der Avenue du Rock'n'roll a Richtung Nord-Nordost bis op d'Héicht vun der Entrée vum Luxembourg Learning Centre.[1] Et ass eng Foussgängerzon.

D'Strooss féiert ënner de Skippe vun den Héichiewen A a B erduerch an ass eng kamoud Verbindung tëscht der Gare Belval-Université an der Maison du savoir, dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg.

Laanscht d'Gebai vum LLC ass en 'ëmgedréinte Sprangbur' installéiert, wou a reegelméissegen Ofstänn Waasser vun uewen an e Baseng geschott gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation opzebauen.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ënnert den Héichiewen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. topographie.esch.lu.