Maison du savoir

Vu Wikipedia
Maison du savoir
D'Maison du savoir
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch Uelzecht, Belval
Adress Place de l'Université
Koordinaten 49° 30’ 15.6’’ N 5° 56’ 56.2’’ E
Architekt(en) Baumschlager & Eberle - Christain Bauer & Associés
Datum vum Bau 2009-2015
D'Maison du savoir (2018)
D'Gebai am Réibau; den Tuerm huet d'Hallschent vu senger definitiver Héicht erreecht (Aug. 2012).

D'Maison du Savoir ass zanter September 2015 dat neit Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg, am Universitéitsquartier um Belval, zu Esch-Uelzecht, an domat d'Häerzstéck vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation.

Et gouf vun den Architektebüroe Baumschlager & Eberle - Christain Bauer & Associés, déi am Mee 2007 e Concours gewonnen haten, entworf. De Grondstee gouf den 21. September 2009 geluecht[1] an de Réibau war Enn Januar 2013 fäerdeg[2]. Am Hierscht 2014 huet den Entreprener d'Schlësselen iwwerginn. Am Summer 2015 gouf erageplënnert. Den 22. September 2015 gouf et vum Groussherzog Henri, a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, de Ministere Bausch a Meisch an dem Staatssekretär Hansen, zesumme mat der Maison des sciences humaines an der Maison de l'innovation, ageweit.[3]

D'Gebai besteet aus engem 83,8 m / 18 Stäck héijen Tuerm, deen tëscht dem 3. a 5. Stack vun enger 140 m laanger a 40 m breeder Queesch-"Barre" ëmginn ass, déi op hiren Extremitéiten ofgestäipt ass.

Am Tuerm ass d'Rektorat an d'Verwaltung ënnerbruecht, am Queeschgebai, um 3.-5. Stack, sinn Unterrechts- a Seminarraim mat jee 20-50 Plazen an Auditoirë mat jee 60-240 Plazen. An de Sous-sole sinn Openthaltsraim an e Groussen Auditoire mat 750 Plazen amenagéiert, souwéi eng 500 ënnerierdesch Parkplazen.

D'Gebai ass ugeluecht fir bis zu 5.200 Persounen Studenten a Personal Plaz ze bidden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Maison du Savoir: Op Esch Belval fänken d'Bauaarbechten un." rtl.lu 21.09.2009, 07:48 - Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2009, 07:57.
  2. "Maison du Savoir: La tour sera achevée en janvier." belval.lu, 17. Dezember 2012.
  3. "Inauguration de la maison du savoir, de la maison des sciences humaines et de la maison de l'innovation (cité des sciences, de la recherche et de l'innovation) à Belval." op gouvernement.lu, 22.09.2015 (15:56).