Spuerkeessgebai

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Spuerkeessgebai (2012)
Den Tuerm - als Géigestéck vun deem vun der Méchelskierch - sollt vun iwwerall ze gesi sinn.

D'Spuerkeessgebai ass den Haaptsëtz vun der Spuerkeess (Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat) op der Metzer Plaz an der Stad Lëtzebuerg. Et gouf vum Architekt Jean-Pierre Koenig entworf a bannen 3 Joer vun 1910 u gebaut.

Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz, tëscht der Neier Bréck an dem Ufank vun der Neier Avenue, war vum Staat um frësch urbaniséierte Plateau Bourbon fir d'Bank erausgesicht ginn, fir datt se do e representatiivt a markant Gebai opriichte sollt. D'Gebai sollt, nom Wëlle vum liberale Staatsminister Paul Eyschen, eng nei Epoch symboliséieren, den Tuerm am Stadbild e Kontrapunkt zum Kierchtuerm vun der Méchelskierch an der Alstad setzen[2].

Duerch d'Gesetz vum 6. Dezember 1907[3] konnt de Lëtzebuerg Staat der Spuerkeess de Bauterrain mat enger Fläch vun 20,38 Ar, lénkssäiteg vun der Neier Avenue verkafen. Den Terrain op dem anere Véierelsbou vun der Metzer Plaz, mat enger Surface vun och ongeféier 20 Ar, war fir de Verwaltungssëtz vun der Direction générale impériale des Chemins de fer en Alsace-Lorraine reservéiert, déi deemools d'Guillaume-Luxembourg-Eisebunnsgesellschaft exploitéiert huet. Béid Gebaier sollten net onbedéngt symmetresch sinn, se sollte sech just an de Grondzich gläichen. Wéi de Verkafsakt den 12. November 1909 ënnerschriwwe gouf, krut d'Spuerkeess awer just nach en Terrain vun 13,44 Ar.

D'Regierung wollt e Concours ausschreiwe fir den Entworf vum zukünftege Spuerkeessgebai auszeschaffen. D'Direktioun vun der Spuerkeess huet dunn awer de Lëtzebuerger Architekt Jean-Pierre Koenig proposéiert an d'Regierung war dunn och domadder averstanen, absënns well de Koenig schonns Privathaiser am südlechen Deel vum Plateau Bourbon gebaut hat.

Ursprénglech (1908) hat de Koenig zwéi Projeten ausgeschafft. Fir deen, deen zréck behale gouf, ass d'Baugeneemegung de 16. Mäerz 1910 ausgestallt ginn. D'Gebai am franséischen Neo-Renaissance-Stil mat Jugendstil-Elementer gouf vun den Entrepreneure Ledrut a Schrader gebaut an d'Dekoren op der Fassad si vun de Sculpteure Blaise, Turping a Grosber realiséiert ginn, iwwerdeems déi zwou Skulpturen, déi d'Haaptentrée flankéieren, vum Jean Mich sinn. Lénks vun der Entréesdier (op der ëstlecher Säit) steet de Merkur, déi réimesche Gott fir den Handel, an engem kuerze Gewand a mat engem Mantel. Hien huet e Füllhorn am Grapp an an der anerer Hand eng Schrëftrull. Déi aner Säit vun der Dier steet d'Fortuna, déi réimesch Glécks- a Schicksalsgëttin[4]. Si huet e laangt Gewand an och e Mantel un. Si huet e gefëllte Säckelchen an och eng Schrëftrull an den Hänn.

Et huet sech erausgestallt, datt den Terrain deen d'Spuerkeess 1909 kaaft hat ze kleng war, an 1911 huet se en Terrain laanscht der Neier Avenue bäikaaft fir do en Ubau ze realiséieren. Dem Koenig seng Pläng goufe de 17. Mee 1911 geneemegt. Den Ubau am Westen war fir d'Gewerbeinspektioun, d'Handelskummer a fir d'Waasser- a Forstverwaltung geduecht.

D'Gebai ass de 15. November 1913 opgaangen; et gouf keng Aweiungsfeier.

Méi spéit gouf och nach op der ëstlecher Säit, laanscht dem Boulevard de la Pétrusse, en Ubau realiséiert. D'Pläng déi vum Joseph Nouveau waren, goufen de 13. Juli 1933 geneemegt. Mat dësem zweeten Ubau war d'Spuerkeessgebai dann elo sou grouss wéi et ursprénglech geplangt war.

1987 ginn d'Guicheten am Haaptgebai zou gemaacht ginn an 1995 ass do de Bankemusée opgaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Antoinette Lorang: Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté. Späthistorische Architektur in Luxemburg. Luxembourg, Publications de la Section historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, 1988.
  • Robert L. Philippart: Luxembourg. De l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale. Steinsel, Ilôts, 2006, 2t.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Antoinette Lorang, an der Literatur.
  2. "D'Spuerkees an déi aal (sic) Eisebunnsdirektioun – Sièges de la Caisse d'Epargne de l'Etat et de la Direction des Chemins de fer."
  3. Loi du 6 décembre 1907 autorisant la vente de gré à gré de deux places à bâtir situées sur le plateau Bourbon am Memorial vum 14. Dezember 1907, op legilux.lu, gekuckt de 4. Juni 2018.
  4. Robert Philippart, Bauzeichen verraten Baumeister op robertphilippart.eu, gekuckt de 4. Juni 2018

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banque et caisse d'épargne de l'État – Biller, Videoen oder Audiodateien