Bankemusée
|
E Guichet am Lëtzebuerger Bankemusée | |
| Typ | Musée |
|---|---|
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Garer Quartier |
| Adress | 1, Metzer Plaz |
| Koordinaten | 49°36'26,240"N, 6°7'42,726"O |
| Gestioun | |
| Visiteuren/Joer | |
| Gebai | |
| Opgaangen | 1995 |
| Zougemaach | 2024 |
| Kollektioun | |
| Exponater | |
![]() | |
|
| |
De Bankemusée (fr: Musée de la Banque) vun der Spuerkeess war e Musée dee vun 1995 un op enger Fläch vu ronn 650 m² an de fréiere Guicheten am Haaptgebai vun der Spuerkeess op der N° 1, op der Metzer Plaz, an der Stad Lëtzebuerg ageriicht war.
De Musée war an eelef thematesch Raim opgedeelt, dorënner Wärung, Spueren, Architektur, Elektronescht Bankgeschäft, Salle des marchés, asw.
D'Ausstellungsstécker an déi interaktiv Bornen hunn et dem Visiteur erlaabt, sech mam Beruff vum Banquier ze familiariséieren. Si huet dozou invitéiert fir d'Evolutioun z'entdecken, déi d'Spuerkeess iwwer d'Zäit matgemaach huet, hir Participatioun déi s'un der ekonomescher Entwécklung vum Land hat an d'Servicer, déi se hire Clienten ubitt.
Et gouf och en audiovisuellen Tour duerch d'Geschicht vum Tuerm, Symbol vun der Bank, iwwer d'Finanzplaz an d'Schoulspuerfester.
De Bankmusée gouf 2015 komplett renovéiert an ëm 2024 fir zerguttst zougemaach[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bankemusée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Musée de la Banque, archivéiert Versioun op bcee.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Informatioun vun der Spuerkeess iwwer Mail den 20. Mee 2026: „De Bankemusée (…) ass awer elo schonn zanter gutt 2 Joer zou a wäert och nët méi opgoen.“

