Campus francophone

Vu Wikipedia
Campus francophone
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gaasperech
Koordinaten 49°35'4,6"N, 6°7'41,1"O
Statut Schoulkompex
Datum vum Bau 2016 - 2019
Proprietär Staat 80 %
Privat 20 %


De Campus francophone ass e Schoulkomplex deen zu Gaasperech tëscht der Autobunn A3, der Rue Albert Einstein, dem Boulevard de Kockelscheuer an der Rue de la Francophonie gebaut gouf. De Grondsteen gouf den 21. Juni 2016 geluecht[1]. Den éischten Deel vum Komplex (Primaire) ass am September 2017 an den zweeten Deel (Secondaire) ass no der Fuesvakanz, den 19. Februar 2018 opgaangen[2].

De ganze Komplex begräift op enger Fläch vu 5,4 ha engersäits d'“École française de Luxembourg” an anersäits de “Lycée Vauban”. Um neie Campus hunn déi béid Institutioune fusionéiert fir ënnert dem gemeinsamen Numm “Vauban, École et lycée français de Luxembourg” ze funktionéieren[3]. D'Gestioun, d'Organisatioun, d'Astelle vum Personal asw. gëtt vun enger A.s.b.l. mam selwechten Numm gemaacht[4].

De Campus besteet aus engem Deel fir d'Primärschoul fir ongeféier 800 Schüler an engem fir de Secondaire mat bis zu 1500 Schüler. Do dernieft gëtt et nach Sportariichtungen, eng Kantin a Gebailechkeete fir d'Verwaltung a fir Manifestatiounen. Nom franséische Schoulsystem besteet de Primaire aus der École maternelle an der École élémentaire an de Secondaire aus dem Collège an dem Lycée. Den Effectif vum Personal fir de ganze Site gëtt op 270 Persoune geschat.

De Käschtepunkt vum ganze Komplex läit bei 135 Milliounen Euro, vun deenen 80% vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl ginn. Déi aner 20% bezilt de Lycée Vauban, deen dofir e Prêt opgeholl huet a fir deen de franséische Staat Bierg steet.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

De Campus am Bau (Mäerz 2017)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Campus francophone – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. La pose de la première pierre du chantier op www.ecolefrancaise.lu, gekuckt den 20. Abrëll 2017.
  2. "Lycée Vauban mécht seng Dieren op." rtl.lu, 21.02.2018, 12:30:43.
  3. Une nouvelle étape franchie dans le projet de rapprochement op www.ecolefrancaise.lu, gekuckt den 20. Abrëll 2017.
  4. Ageschriwwen am Handelsrëgester ënnert der Nummer F8435 als “VAUBAN École et Lycée Français de Luxembourg”, Association sans but lucratif