Gaasperecher Park

Vu Wikipedia
Gaasperecher Park
De Park am Juni 2023
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gaasperech
Koordinaten 49°35'15,25"N, 6°7'38,68"O
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Fläch 16,6 ha
d'Aweiung vum Park am Juni 2023

De Gaasperecher Park ass e Park am Stater Quartier Gaasperech, op de fréiere Flouere Bei der Kéiwiss an Op dem Wakebierg[1], deen de 7. Juni 2023 ageweit gouf (ursprénglech war 2020 virgesinn).

E gouf vum Bureau Carlo Mersch entworf[2] an huet eng Fläch vu 16,6 Hektar[3]. Zentraalt Element ass d'Drosbech, déi an engem renaturéierte Bett queesch derduerch leeft, a ronderëm där hir Uwänner e Fiichtgebitt ugeluecht gouf, duerch dat een iwwer Brécken a Pontonen trëppele kann. Och e Weier vu 70 Ar ass realiséiert ginn.

Am Park gëtt et ë. a. e Pavillon, eng grouss Spillplaz, Terrainen fir Petanque, Foussball, Basketball oder Beachvolleyball ze spillen. an en Areal mat Fitnessgeschier. Am ganze 4,5 km Weeër fir Foussgänger a Cycliste ginn derduerch, déi de Park mat de Stroosse ronderëm verbannen. E Restaurant an en Aussiichtstuerm gi méi spéit amenagéiert.

Den Amenagement huet 15,99 Milliounen Euro kascht[4].

D'Preparatiounsaarbechte fir de Park unzeleeën hunn am Mäerz 2020 ugefaangen. Am Laf vum Joer gouf de Weier ausgegruewen. Am Februar 2021 gouf ugefaangen, Traisch a Beem unzeplanzen, an am Mee hunn d'Schräineraarbechten ugefaangen[5].

De Park ass mam stättesche Bus iwwert d'Halt Francophonie um Boulevard de Kockelscheuer accessibel. Vum Fréijoer 2024 u soll och den Tram bis an d'Géigend vum Park fueren.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gaasperecher Park – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Nadine Schartz, Grüne Lunge im grauen Ban op wort.lu den 1. November 2018 an ënner dem Titel „Grüne Aussichten“ an der Drockversioun vum Wort den 31. Oktober 2018, Säit 17.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. geoportail.lu
  2. Quell, wou net anescht uginn: Céline Coubray: "Le vert sera de mise au Ban de Gasperich." paperjam.lu, 1 Septembre 2017.
  3. (fr)Parc du Ban de Gasperich | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu Archivéiert op 2023-06-08. Gekuckt de(n) 08.06.2023.
  4. Nadine Schartz, „Grüne Lunge im grauen Ban“ um Spaweck
  5. Rita Rupert: "Gasperich: 16,6 Hektar Grünanlage im Bau." wort.lu, 10-03-2021.