Beachvolleyball

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Beachvolleyball
Typ Volleyball, Plagësport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1996
Federatioun
International Fédération internationale de volleyball
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de volleyball
Ursprong
Ursprongsland USA
Erfonnt 1920
Erfinder George Center
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 4
Spiller (Maximum) 4
Gebraucht gëtt Beachvolleyballterrain, Volleyball
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Ondřej Perušič, David Schweiner (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Sara Hughes, Kelly Cheng (2023)


Beachvolleyball ass eng Variant vum Volleyball. Et ass eng Mannschaftssportart bei där, am Géigesaz zum traditionelle Spill, just mat zwéin amplaz vu sechs Spiller pro Ekipp an op engem Sandterrain (z. B. op der Plage) amplaz an enger Hal gespillt gëtt.

D'Zil vum Spill ass et, de Ball mat den Hänn oder Äerm iwwer d'Netz an de géignereschen Terrain ze schloen, bis déi aner Säit de Ball net méi zeréckspille kann oder de Ball baussent de Feldlinne lant. Fir all Ballwiessel gëtt et ee Punkt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Als eng Variant vum Halevolleyball, déi 1895 vum amerikanesche Sportsproff William G. Morgan erfonnt gouf, ass den éischten dokumentéierte Beachvolleyballsmatch 1915 am Outrigger Canoe Club op der Waikiki Plage op Hawaii gespillt ginn. Well ze vill schlecht Wierder war fir ze surfen, huet den Trainer a Clubkapitän George Center op der Plage en Netz am Sand opgestallt a senge Membere e Volleyball ginn, fir datt se sech kéinten ameséieren.

Déi modern Versioun vum Beachvolleyball mat zwéi Spiller pro Ekipp ass 1920 zu Santa Monica a Kalifornien entstanen, wéi e grousst, sandegt Fräizäitgebitt fir d'Ëffentlechkeet opgaangen ass. Domat war de Grondstee fir de Beachvolleyball geluecht.

Spillfeld[änneren | Quelltext änneren]

De Beachvolleyballsterrain ass e rechteckegt Spillfeld vu 16 × 8 m (virun 2011 waren et 18 × 9 m), dat komplett mat Sand bedeckt ass. All Ekipp spillt deemno op enger Fläch vun 8 × 8 m. Domat ass all Kant ee Meter méi kuerz wéi beim Halevolleyball. Den Terrain gëtt vu fënnef Zentimeter breede Linnen aus elastesche Bänner agegrenzt a baussent der Spillfläch ass eng fräi Zon vun op d'mannst dräi Meter virgeschriwwen. Et gëtt keng Mëttellinn, e Spiller däerf awer nëmmen an déi géigneresch Hallschent trëppelen, wann en de Géigner doduerch net stéiert.

D'Netz an der Mëtt vum Terrain ass wéi beim Halevolleyball um ieweschte Bord bei de Männer 2,43 m a bei de Fraen 2,24 m héich. Un de säitleche Borde vum 8,5 m laangen Netz ass jee eng „Antenn“, déi vertikal iwwer d'Netz geet fir datt een d'Säitelinne besser gesäit.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

De Ball gëtt mat engem Service (Opschlag) vun hannert der Baseline an d'Spill geschoss, änlech wéi beim Tennis, awer mat den Hänn an Äerm, ouni eng Rackett.

All Ekipp huet bis zu dräi Versich fir de Ball an déi géigneresch Hallschent zeréckzespillen. De Ballwiessel geet esou laang virun, bis entweeder eng Ekipp de Ball net méi zeréckspille kann, de Ball „aus“ geet oder e Feeler gemaach gëtt.

De Vainqueur ass déi Ekipp, déi als éischt zwee Sätz gewonnen huet. Den éischten an zweete Saz gi bis 21 Punkten an den drëtten (wann néideg) bis 15 Punkte gespillt. Eng Ekipp muss zwéi Punkte Virsprong hunn, fir e Saz ze wannen. Bei engem Gläichstand vun 21:21 gëtt weidergespillt, bis eng Ekipp mat zwéi Punkten a Féierung geet, z. B. 23:21.

Beachvolleyball an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

De Beachvolleyball war 1992 zu Barcelona eng Demonstratiounssportaart a gouf 1996 zu Atlanta offiziell an den olympesche Programm opgeholl. Et gëtt souwuel e Männer- wéi och en Dammentournoi.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Op de Summerspiller 2024 zu Paräis gëtt de Beachvolleyball beim Eiffeltuerm gespillt.

Beachvolleyball zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass den nationale Volleyballverband fir de Beachvolleyball zoustänneg.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de volleyball.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beachvolleyball – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]