Surfen

Vu Wikipedia
Surfen
Typ Waassersport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter den Olympesche Spiller 2020
(déi wéinst der COVID-19-Pandemie awer eréischt 2021 ausgedroe goufen)
Federatioun
International International Surfing Association
Ursprong
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Surfbriet


E Surfer bei enger Kompetitioun

Surfen (vum Englesche surf - "Wellen, Brandung") ass e Waassersport bei deem ee sech, andeems een op engem längelzege Briet (engem Surfbriet) steet, iwwer Waasser virubeweegt, andeems ee sech mam Briet glëtsche léisst. Ursprénglech huet een dofir d'Well fir sech ausgenotzt (e méi alen däitsche Synonym ass Wellenreiten).

Méi spéit gouf de Wand als Undriff fir d'Glëtsche mam Briet entdeckt: duerch e Seegel dat mat engem beweegleche Mast um Briet montéiert ass (Wandsurfen) oder duerch eng Zort Draach, deem seng Schnéier vum Surfer gehale ginn (Kitesurfen; vun (en) kite - "Draach").

De Begrëff "Surfen" gëtt zanter der Populariséierung vum Internet och gebraucht, fir d'Duerchklicke vun enger Websäit op déi aner ze bezeechnen.

Surfe bei den Olympesche Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Surfe war fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 2020 zu Tokio mat jee enger Dammen- an Härekompetitioun mat jeeweils 20 Athleeten zougelooss. Wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemiewaren d'Spiller méi spéit, op d'Period vum 23. Juli bis den 8. August 2021 geréckelt ginn. Wéi op de meeschten internationale Kompetitioune goufe Shortboards benotzt.

De Brasilianer Italo Ferreira gouf den éischten Olympesche Champion an dësem Sport. Bei den Dammen huet d'US-Amerikanerin Carissa Moore vun Hawaii d'Goldmedail gewonnen.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Summerspiller 2024 gëtt d'Surfkompetitioun op der Teahupoo Plage op Tahiti a Franséisch-Polynesien ofgehalen. Et triede 24 Männer a 24 Fraen un.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Surfen – Biller, Videoen oder Audiodateien